Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Culture The Kid - Bmw Golf

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kanner fir Sport a gesond Ernärung begeeschteren

Astronautentraining

Kanner fir Sport a gesond Ernärung begeeschteren

Mission X -Trainéiere wéi en Astronaut, ass en internationale Schoulprojet, bei deem Lëtzebuerg dës Joer fir déi éischte Kéier matmécht. D'Iddi ass et d'Kanner fir Sport, Wëssenschaft a gesond Ernärung ze begeeschteren an dat am Kontext vum Weltall.

auto_stories

2 min

Foto: Claude Piscitelli

Fir dëse Projet huet déi europäesch Weltraumagence ESA, eng Rei vun Übungen entwéckelt, déi genee dës Begeeschterung vermëttele sollen. D'Schoulpersonal kéinten déi dann an hire Klasse benotzen, seet d'Gina Reuland vun ESERO, e gemeinsame Projet vum Luxembourg Science Center an der ESA.

"Dat ass engersäits am Science-Cours, wou si eppes iwwer Energiebedarf an Ernärung léieren, wat d'Astronauten do genee brauchen. Anerersäits ass dat an de Sportscoursen, an deenen ee wéi en Astronaut trainéiert, an een och léiert, firwat déi esou fit musse sinn."

19 sportlech Aktivitéite goufe vun der ESA fir d'Mission X entwéckelt, Kraaftübungen oder och Übungen, bei deenen d'Reaktiounszäit trainéiert gëtt. Dat alles am Kontext vum Weltall, well dat de Kanner dann direkt besser gefale géif, seet d'Gina Reuland.

Fir de Lancement vun der Campagne leschte Freideg gouf en Event am Luxembourg Science Center zu Déifferdeng organiséiert, bei deem ronn 120 Schoulkanner matgemaach haten. Ënner anerem hat een Apparater vum Space Center geléint kritt, esou datt d'Kanner och wierklech wéi Astronauten trainéiere konnten.

Nach bis Mee wäert Mission X -Trainéiere wéi en Astronaut weidergoen. Jofferen a Schoulmeeschteren, déi interesséiert si mat hire Klasse beim Projet matzemaachen, fannen d'Informatiounen op www.esero.lu.