Radioen

On air

Tockcity  |  The Mysterines - Stray

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kanada: Ee Land, vill Facetten

Uechter d'Welt

Kanada: Ee Land, vill Facetten

auto_stories

3 min

Kanada. Do denkt een u wonnerschéin Natur, ee charismatesche Premier, a flott, modern Stied: eng Zort USA mat franséischem Flair. Dat zweetgréisste Land op der Welt huet no baussen een immens positiven Image. Zu Recht? Wéi geet et den Urawunner a Kanada? Wéi gesäit d'Sproochevillfalt am Alldag aus? Ass d'Natur ëmmer esou idyllesch ewéi mir eis dat virstellen? A wéi gesäit d'Zukunft vum Fräihandelsofkommes CETA aus? Froen iwwer Froen, déi mir eis virgeknäppt hunn.

Englesch, Franséisch, ... Mohawk? D'Realitéit vun der Sproochevillfalt a Kanada

Sproochevillfalt a Kanada

Kanada huet zwou Sproochen. Mee d'Land ass alles anescht wéi zweesproocheg. Déi meeschte Kanadier schwätzen Englesch, während an der Provënz Québec Franséisch déi offiziell Ëmgangssprooch ass. Wéi huet dës duebel Sproochkultur dat gesellschaftlecht a politescht Liewe vum Land markéiert? A wéi eng Roll spillen déi 60 indigen Sproochen a Kanada?

Englesch, Franséisch, ... Mohawk? D'Realitéit vun der Sproochevillfalt a Kanada


Den Trudeau-Effekt an d'USA vum Donald Trump

Justin Trudeau. Foto: Bigstock

De Justin Trudeau gëllt gemengerhand als Kennedy vu Kanada, oder als Anti-Trump. Zënter zwee Joer ass hien de kanadesche Premier a verbessert dat souwisou scho positiivt Bild vu Kanada. De Justin Trudeau weess et, d'Medien op seng Säit ze bréngen a profitéiert och vum gudden Image vu sengem Papp Pierre Trudeau. All zweete Ministère gëtt zënter 2015 vun enger Fra geleet. An dem jonke Premier geléngt wéi et schéngt alles. Mee et kommen och méi schwiereg Défien op de liberale Politiker duer, zum Beispill d'Relatioune mam Noper USA: zënter datt den Donald Trump un der Spëtz ass, sinn déi Bezéiunge méi kriddeleg.

Den Trudeau-Effekt an d'USA vum Donald Trump


Wéi eng Plaz hunn d'Urawunner am moderne Kanada?

De Mohawk Joe Delaronde

Déi indigen Vëlker a Kanada liewen an engem Paradox. Si wunnen an engem vun de räichste Länner vun der Welt, mee hunn - fir déi meescht - mat Aarmut a soziale Problemer ze kämpfen. Trotz allem bleiwe si standhaft a versichen hir Plaz am Land zeréck z'erueweren. Wéi steet et haut ëm d'Relatiounen tëscht der méi rezenter Populatioun an den Urawunner? Wat gëtt gemaach, fir d'Wonne vun der Vergaangenheet ze heelen?

Wéi eng Plaz hunn d'Urawunner am moderne Kanada?


CETA

EU-Kanada. Foto: Bigstock

Virun der Wahl vum Donald Trump huet sech d'EU net wierklech ëm Kanada bekëmmert. D'Handelsofkommes tëscht Kanada an Europa wier bal an d'Waasser gefall. Mam liberale Premier Justin Trudeau schéngt Kanada fir Europa méi wichteg ze ginn. Mee léisst sech eng nohalteg Partnerschaft realiséieren? A wat fir eng Roll spillt Russland an där Relatioun?

CETA


D'Fro vum Uelegofbau

Uelegofbau a Kanada. Foto: Bigstock

Ee Problem, dee bis haut a Kanada besteet, ass dee vun den Ausernanersetzunge mat Urawunner iwwer d'Landrechter an den Ofbau vu Buedemschätz. Am Weste vu Kanada sinn Uelegreserven, déi vir een enormen Industrieprojet genotzt kënne ginn, mee och zu engem immensen Ëmweltschued féiere kënnen. Mee och Robbeschlachte ginn dem Bild vun der wonnerschéiner an idyllescher kanadescher Natur ee Knéck.

D'Fro vum Uelegofbau