Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Hannah Jadagu - Warning Sign

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Joseph Rodesch: Wëssenschaft lieweg erkläert

Sot emol

Joseph Rodesch: Wëssenschaft lieweg erkläert

De Joseph Rodesch ass ville Leit zu Lëtzebuerg wuel besser bekannt als de "Mister Science", deen de Kanner an Erwuessenen d'Wëssenschaft op eng zougänglech Aart a Weis méi no bréngt. Als Member vun der Band "Les 5 à Six" geet hien awer och senger Léift fir d'Musek no.

auto_stories

2 min

headphones

55 min

play_arrow
De Wëssenschaftsvermëttler Joseph Rodesch ass och als "Mister Science" bekannt

De Joseph Rodesch ass studéierte Chimist a schafft als Wëssenschaftsvermëttler beim Fonds National de la Recherche. Vill Leit kennen hien als "Mister Science" duerch seng Emissiounen op Tëlee a Radio, wou hien d'Wëssenschaft a wëssenschaftlech Froe probéiert op eng verständlech Manéier ze erklären:

"Dat ass eppes, wat ech schonn op der Uni gemierkt hunn, do hat ech verschidde Kolleegen, wann ech déi eppes gefrot hunn, si solle mir eppes erklären. Dann hunn si just gefachsimpelt a mir ze verstoe ginn, dat ech guer keng Anung hunn. Wann s de nëmmen eng Ureiung vu Fachwierder kriss, da muss de dech esou konzentréieren - an da versteet een iergendwann guer näischt méi."

Genee dat probéiert de Joseph Rodesch als Wëssenschaftsvermëttler ze evitéieren an esou besonnesch de Kanner d'Wëssenschaft méi no ze bréngen.

"Les 5 à Six"

Nieft der Wëssenschaft gehéiert awer och d'Musek zum Joseph Rodesch senge Passiounen, deen an der Lëtzebuerger Band "Les 5 à Six" Bass spillt. Si spillen akustesch Coveren an Interpretatioune vu Rock-Lidder, déi hinne gutt gefalen. Hir rar Concerte gläichen awer éischter enger Party wéi engem Concert:

"Doduerch datt s de nëmmen e Concert pro Joer spills, kommen d'Leit och. Si wëssen: Dat do ass einfach eng grouss Party, et ass ëmmer e risege Furri. Mee leider hate mir zwee Joer kee Concert. Mir hunn elo ee geplangt - mol kucke wat dat gëtt."

D'Bandmembere vu "Les 5 à Six" hu vill Spaass an hire Prouwen. Dës Freed um Zesummespill géif och esou op der Bün eriwwerkommen, mengt de Joseph Rodesch. Si wieren alleguer keng Top-Museker, géife live awer fir eng flott Ambiance suergen.

D'Wëssenschaft ass an de Mëttelpunkt geréckelt

Zanter der Corona-Pandemie hätt d'Wëssenschaft an der Gesellschaft e méi héije Stellewäert kritt, mengt de Joseph Rodesch. Dëst wier och beim FNR a bei Science.lu opgefall: Doduerch, datt Journalisten Artikele géifen opgräifen an Demande fir Interviewe géife stellen, wier visibel, datt Wëssenschaftsjournalismus en Impakt huet.

An der Chamber wier opgrond vun der Covid-Situatioun e Wëssenschaftsdéngscht opgebaut ginn, an deem de Fonds National de la Recherche och mat fiederféierend wier. Gläichzäiteg wieren d'Stëmmen an der Chamber méi haart ginn, fir eng wëssenschaftlech Berodung ze hunn - esou hätt hir Aarbecht "schonn déi éischt Friichte gedroen".