Radioen

On air

Notturno  |  Afrobeathoven - Klopapier Feat. Pit Dahm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jacques Santer: "Vergiess deng Visittekaart net"

Sot emol

Jacques Santer: "Vergiess deng Visittekaart net"

Den Éierestaatsminister bléckt op eng laangjäreg Karriär op lokalem a internationale Niveau zeréck. Dobäi erënnert hie sech net nëmmen un déi Wäerter, déi hien all déi Joren héichgehalen huet. Hie weist och dorop hin, wéi wichteg et wier, sech net ëmmer ze vill seriö ze huelen.

auto_stories

2 min

headphones

54 min

play_arrow
Den Éierestaatsminister Jacques Santer

De Jacques Santer koum 1937 zu Waasserbëlleg op d'Welt an ass ëmmer mat zwee Féiss um Buedem bliwwen. Hien huet ee grousse politesche Parcours hanner sech: vum Gewerkschaftler a Gemengepolitiker iwwer CSV-Parteipresident, Deputéierten, Europadeputéierten a Minister bis Staatsminister a President vun der Europäescher Kommissioun.

De Jacques Santer huet Lëtzebuerger Politik an och d'Europapolitik als iwwerzeegten Europäer markéiert. Ma hien erënnert sech awer drun, wou hie bis Staatssekretär ginn ass, wéi ee Rot seng Mamm him mat op de Wee ginn huet:

"Effektiv, wou ech Staatssekretär gi sinn, do huet meng Mamm gesot, mir ware vu klenge Familljen hir, mir haten net de Numm vu grousse Familljen hei zu Lëtzebuerg. Do huet meng Mamm mir gesot: Vergiess net vu wou s de hierkomm bass."

Sech ni selwer ze vill seriö huelen

E Charakterzuch, deen de Jacques Santer iwwer all déi Jore demonstréiert huet, ass deen, sech ni ze vill seriö ze huelen - eppes, wat den Éierestaatsminister och selwer dacks seet:

"Dat ass richteg, also ech mengen och et muss een den Dialog féieren a wann een den Dialog féiert (...) a wann en zu Enn soll geféiert ginn, da musst Dir deejéinegen, dee vis-à-vis vun Iech sëtzt, sou wéi mir, dee musst op mannst esou gescheit halen, wéi Dir selwer sidd."

D'Matbestëmmung ass hänkebliwwen

De Jacques Santer huet a senger politescher Karriär munches erlieft a matgemaach an och Decisioune geholl. Deen a sengen Ae wichtegsten Dossier deen hie finaliséiert huet, geet op seng Ufankszäit als Staatssekretär an der Regierung zeréck:

"Wa mir deemools d'Matbestëmmung net krut hätten, (...) dann hätte mer ni kéinte vun engem Lëtzebuerger Modell spéiderhi schwätzen, vun enger Tripartite an esou virun. Dat war d'Grondlag vun der Weiderentwécklung vun eisem soziale Wiesen hei zu Lëtzebuerg. An dofir sinn ech och haut nach ëmmer ganz houfreg drop."