Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Iwwer de Sënn vum Kodéieren an der Grondschoul"

Webinar vun 100komma7 a vum SCRIPT

"Iwwer de Sënn vum Kodéieren an der Grondschoul"

Computational Thinking ass eng Denkweis déi hëllefe soll alldeeglech Problemer ze léisen. Duerch dës Method solle speziell Kanner a Jugendlecher d'Welt ronderëm sech besser verstoen. Wéi ee Stellewäert huet den Opbau vun där Capacitéit bei Jonken? Doriwwer hu fënnef Experten an enger Diskussiounsronn geschwat. Organiséiert gouf d'Ronn vum SCRIPT a vum radio 100,7.

auto_stories

3 min

Kodéieren ass fir de Romain Schroeder vum Zentrum fir Politesch Bildung, d'Zerleeë vun enger Aufgab a méi kleng Deelaufgaben, fir dës dann eng no där anerer ze léisen. Fir hien ass probleemléisend Denke virun allem fir Jonker eng wichteg Capacitéit fir an der Welt zurecht ze kommen.

Och a Bezuch op Mediebildung wier et fir Jonker wichteg, ze verstoen, datt déi Liewensrealitéit déi si a Smartphone Apps a Sozialen Netzwierker vermëttelt kréien, duerch Algorithme gesteiert gëtt, sou de Romain Schroeder. Hannendru géife Mënsche mat gewëssen Erwaardungen an Ziler stoen, an et wier wichteg, datt Jonker verstinn, firwat Algorithmen op eng bestëmmt Aart a Weis fonctionéieren, och fir méigleche Manipulatiounen entgéint ze wierken.

Kommunikatioun a Kreativitéit fërderen

Bei Jonke kéint een duerch dës Method ze denken, ënner anerem dat raimlecht Denken, mee och d'Denken an Zuelen fërderen, seet d'Sonia Klein, Léierin am C1 a Presidentin vum Comité vun der Grondschoul Jonglënster. Doduerch, datt Kanner sech mat enger Aufgab ausernee setzen, sproochlech verbaliséieren, wat se grad maachen, wat se wëlles hunn a Feedback dozou kréien, géif Kommunikatioun a Progrès entstoen.

"Wa mir Kanner haut Computational Thinking an der Grondschoul léieren, dann net fir lauter Informatiker aus hinnen ze maachen, mee fir hinnen eng grondleeënd Kulturtechnik bäizebréngen", sou de Robert Reuter vun der Uni Lëtzebuerg. Déi Aart a Weis fir ze denke kéinte Jonker dono an hirem Studium benotzen. Se géif ee gewësse "Bléck op d'Welt" erlaben a Kreativitéit fërderen, seet de Robert Reuter. Dofir wier sënnvoll, fir de Skill vum Compuational Thinking net just an der Informatik ze léieren, mee fir déi Aart a Weis ze denken och an anere Fächer ze fërderen.

Hemmschwellen duerch Formatiounen ofbauen

Fir sech op de Computational Thinking anzeloossen, géif och vun Enseignanten e gewëssen Effort verlaangen, seet d'Sonia Klein. D'Enseignante missten de Kanner zum Beispill erlabe fir kreativ hir Erfarungen ze maachen an hinnen och den néidege Fräiraum ginn. Am Moment gesäit si nach eng gewëss Hemmschwell ënner den Enseignanten. Ënner anerem duerch speziell Formatiounen zum Theema kéint een déi Hemmschwell lues a lues ofbauen.

Educatioun e Stéck wäit nei denken

Fir de Carlo Thimmesch vum SCRIPT wier et wichteg, datt Enseignante sech mam Theema Computational Thinking ausernee setzen a sech ënnerteneen zum Theema austauschen. Op déi Erfarunge an den Austausch kéinten Enseignanten da géigesäiteg opbauen. Hie gesäit bei den Enseignanten och eng grondleeënd positiv Grondhaltung zum Theema.

Fir hie géif awer feststoen, datt een net méi sou enseignéiere kéint, wéi virun 30 Joer nach. D'Welt hätt sech virun entwéckelt an deem misst d'Schoul sech upassen. Computational Thinking wier ee Moyen fir op deem Wee virun ze kommen. "Ze soen: 'Ech setzen dat elo net an', deen Zuch ass fort", sou de Carlo Thimmesch. Gläichzäiteg wier et awer ze kuerz gegraff, fir reng Wëssensvermëttlung géint Strategievermëttlung auszespillen. Generell sollt een awer d'Buch als Leitmedium a Fro stellen.

Computational Thinking duerch eng nuancéiert Vue ergänzen

De Romain Schroeder vum Zentrum fir politesch Bildung mécht drop opmierksam, datt een net nëmmen déi "binär Vue" vum Computational Thinking sollt fërderen, mee och dat nuancéiert Denken. A Bezuch op dat geplangte Fach "Education numérique" am Secondaire, missten ethesch a gesellschaftspolitesch Froen d'Denken komplettéieren.