Fräie Mirko Iwwer Aarbecht, déi dacks net gesinn an unerkannt gëtt

De Samschdeg bedeelegt Lëtzebuerg sech fir d'éischte Kéier un der internationaler Initiativ vum Equal Care Day. Deen Dag gëtt op déi onfair Verdeelung vu Care-Aarbecht opmierksam gemaach. Eng gutt Geleeënheet fir am Privaten an am ëffentleche Raum iwwer dëse Sujet ze schwätzen, fënnt d'Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender am Fräie Mikro.

Isabelle Schmoetten / cz

Meenung Isabelle Schmoetten
Isabelle Schmoetten

Care-Aarbecht gëtt vun all Mënsch geleescht. Care-Aarbecht, dat heescht zum Beispill botzen, kachen, wäschen, sech ëm Kanner këmmeren, eeler Mënsche fleegen, Stierfbegleedung maachen an déi sougenannte Charge mentale, also d'Organisatioun vum Haushalt an dem sozialen Zesummenhalt vun der Liewensgemeinschaft. Vill Mënsche schaffen och a Care-Beruffer, zum Beispill an der Kannerbetreiung, an der Fleeg, an der Sozialaarbecht an am Botzsecteur.

Care-Aarbecht fënnt also als onbezuelten Hausaarbecht, als bezuelte Beruffsaarbecht an och als Benevolat statt.

Esou wéi de Schaltdag, dee jo nëmmen all véier Joer virkënnt, ass och Care-Aarbecht dacks onsichtbar. Ausserdeem leeschte Fraen am weltwäiten Duerchschnëtt véiermol méi onbezuelte Care-Aarbecht wéi Männer. An och an der bezuelter Care-Aarbecht schaffe virun allem Fraen. Dat ass keen Zoufall, mee entsprécht där traditioneller Geschlechterrolleverdeelung, déi trotz Oplockerungen nach ëmmer besteet. Sech ëm aner Mënsche suergen a këmmere gëtt sozialisatiounsbedéngt nach ëmmer als typesch weiblech ugesinn. Dobäi ass et typesch mënschlech.

Déi ongläich Verdeelung bréngt eng Rei Nodeeler mat sech

Bezuelte Care-Aarbecht fënnt dacks ënner physesch wéi psychesch immens belaaschtenden Aarbechtskonditioune statt. Dobäi kënnt, datt se gesellschaftlech net vill Unerkennung kritt a bei Wäitem net de Respekt an och net déi finanziell Entschiedegung, déi se verdéngt. Dat läit och dorun, datt Care-Aarbecht wirtschaftlech net interessant ass. Vereinfacht gesot sinn also d'Patriarchat an de Kapitalismus un dëser Schiflag schold.

Dës ongläich Verdeelung vu Care-Aarbecht tëschent de Geschlechter bréngt fir déi Betraffen eng Rëtsch Nodeeler mat sech. Déi meescht Frae ginn haut zwar enger bezuelter Aarbecht no, si schaffen awer méi dacks an Deelzäit wéi Männer, fir sech ëm den Haushalt an ëm d'Kanner ze këmmeren, hunn doduerch ee méi niddregt Akommes an am Alter eng méi niddreg Pensioun. Aktuell läit d'Pensioun vun de Frae ganzer 43 Prozent méi niddreg wéi déi vun de Männer. An och a Koppelen an deene Mann a Fra béid Vollzäit schaffen, leeschten d'Fraen duebel sou vill onbezuelten Care-Aarbecht wéi Männer, déi sougenannten Duebelbelaaschtung an hunn doduerch manner Zäit fir Karriär an déi perséinlech Entwécklung.

Frae mat Migratiounsgeschicht oder Fronatlièren sinn am stäerkste betraff

Déi strukturell ongläich Verdeelung vun där onbezuelter Care-Aarbecht wierkt sech awer net op all Fraen d'selwecht aus. Déi Persounen, déi et sech leeschte kënnen a wëllen, bezuelen aner Persoune fir fir si ze botzen, ze wäschen, ze strecken, hir Kanner ze versuergen, hir Elteren ze fleegen a sou weider. Och no zwou Fraebeweegunge gëtt déi onbezuelten Aarbecht also net méi fair tëschent de Geschlechter verdeelt, se gëtt vill méi vu privilegéierten op manner privilegiéiert Fraen ausgelagert. Sou wéi e bekannten Spréchwuert seet "Hanner all erfollegräichem Mann steet eng Fra", kéint een elo also och soen: "Hanner all erfollegräicher Fra steet eng aner Fra". Grad am Botz- an am niddreg bezuelten Erzéiungs- a Fleegesecteur schaffen haaptsächlech Migrantinnen, Frae mat Migratiounsgeschicht oder Frontalièren. Si sinn et also, déi am stäerkste vun de negativen Auswierkunge vun där ongläicher Verdeelung betraff sinn.

Care-Aarbecht ass Aarbecht. Si verdéngt Unerkennung, Respekt a fair a würdeg Konditiounen. A virun allem ass si déi gemeinsam Verantwortung vun där ganzer Gesellschaft.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / Isabelle Schmoetten
Lauschteren

Méi zum Thema

Mudam
Ännerungen am Mudam

D'Anna Loporcaro, laangjähreg Curatrice vum Mudam, huet gëscht op der Nuit des Musées hir Demissioun am Mudam kommentéiert. Si hätt Loscht op en neien Challenge, "et ass och eng Fro vun Dauer a vu Middegkeet, eng Fro, wéi d'Aarbecht valoriséiert gëtt".

Frédéric Haupert
Humanitär Krisen

Et hunn nach ni souvill Leit vun der Hëllef vun ONGe profitéiert, wéi am Joer 2018, seet de Frédéric Haupert. Duerch déi sëllech humanitär Krise wier d'Aarbecht vun den ONGen ëmmer méi wichteg ginn.

Programm

Praktesch Infoen

  • Nei Serie: Wellbeing

    Wellbeing

    Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen