"Iwwerall sinn invasiv Aarten," seet de Biolog Dr. Christian Ries vum Naturmusée während senger Tour duerch de Gronn. An Europa ginn et ëm déi 15.000 friem Aarten, dovu verhält sech ronn ee Prozent invasiv. Verschiddener vun hinne kënnen déi heemesch Aarte bedreeën a verdrängen.
"Bei deene meeschte geschitt dat awer net. Dat gouf laang am Naturschutz esou gesinn, mee dat gëtt e bëssen iwwerdriwwen."
Bei friemen Aarten, déi aus iergendengem Grond de Wee an eis Regioune fonnt hunn, déi sech akklimatiséiert an etabléiert hunn, schwätzt ee vun Neobiota. Planzen, déi net heemesch sinn, nennt een Neophyten.
A praktesch all de Fäll war et de Mënsch, deen dës friem Déier-, Planzen- oder Pilzaarte bewosst oder onbewosst an eis Gebidder ageschleeft huet, seet den Dr. Christian Ries vum Naturmusée.
Friem Aarten an Europa
Sachalin-Knuetkraut
D'Sachalin-Knuetkraut gëtt sechs bis aacht Meter héich a kënnt aus Ostrussland, méi genee vun der Hallefinsel Sachalin. D'Planz kënnt als Zierplanz bei eis a gëtt an de Gäert ugeplanzt. "Déi gëtt ee quasi net méi lass, ausser et géif ee mam Bagger uréckelen an dräi Meter déif am Buedem all Wuerzel eraushuelen," seet de Dr. Christian Ries vum Naturmusée.
Den Ament wier d'SachalinKnuetkraut nach net esou staark verbreet. "Mee lues a lues gëtt et ëmmer méi vun deem am Land."
D'Sachalin-Knuetkraut wiisst a Mëtteleuropa virun allem op nährstoffräichen a fiichte Standuerter, zum Beispill beim Ufer vu Flëss oder u Bëschränn.
Japanescht Knuetkraut
Dat Japanescht Knuetkraut ass "eng Cousine" vum Sachalin-Knuetkraut. "Dat wiisst iwwerall am ganze Land laanscht eis Gewässer an immens séier." D'Planz ass robust a ka sech géint déi heemesch Flora duerchsetzen.
D'Planz ass a China, Korea a Japan heemesch a gouf als Zier- a Fudderplanz fir d'Véi an Europa bruecht.
Risebiereklo
Eng Planz ka véier bis fënnef Meter héich ginn. Normalerweis ass ee Blat ëm dës Zäit schonn e Quadratmeter grouss. Wann d'Planz ausgewuess ass, ka si bis zu fënnef Quadratmeter Fläch bedecken. Duerch de Schied, dee si geheien, kann d'Planz och aner (heemesch) Aarte verdreiwen.
D'Risebiereklo ka geféierlech si fir Leit, déi sensibel sinn. D'Planz ka Verbrennungen zweete bis drëtte Grad ausléisen, wann een déi upéckt an d'Sonn schéngt.
Si kënnt ursprénglech aus dem Kaukasus a gouf an den Nokrichsjoren an eise Géigende virun allem als Zierplanz an de Gäert ugeplanzt. Eigentlech ka si op bal alle Biedem wuessen, allerdéngs net op sauerem Buedem.
Robinie oder Schäinakazi
Dës Planz gouf als Zierplanz an Europa bruecht. Si kënnt u sech iwwerall am Land vir. "Laanscht all Strooss, laanscht all Bësch, laanscht all Wéngert kann ee se fannen."
D'Robinie gëtt een, dem Biolog Christian Ries no, schwéier lass. "Nëmmen Experte beherrschen dës speziell Techniken." De Bam misst ganz "ausgeblutt ginn", fir datt en ofstierft.
"Dat heescht e gëtt geréngelt. Um Stamm gëtt ganz ronderëm en Aschnëtt gemaach an et léisst ee just ee Stéck iwwereg, fir datt d'Waasser nach kann an d'Kroun goen, mee net méi esou vill." Dat, fir datt de Bam net mengt, datt e schonn dout wier an Noutschëss mécht, déi aus dem Buedem kéimen."
D'Robinie kann een also net esou einfach ewech schneiden, well si da vill jonk Planze kritt mat laange Stachelen drun.
"Wat ee méi schneit, wat méi kënnt."
Päiperlékstrausch
Dës Planz gëtt vu ville Leit an de Gäert an och vu Gemengen ugeplanzt an eigentlech, sou de Christian Ries vum Naturmusée "ass et eng Killerplanz."
"Si zitt vill Päiperleken an Insekten un a kritt se net sat. Dat heescht si stierwen en Masse drënner."
Als Alternativ zum Päiperlekstrausch kéint een e Beet mat wëllem Oregano respektiv Majoran uplanzen, deen an eiser Regioun heemesch ass.
A Stied, wéi Léck oder Köln ginn et mëttlerweil vill Problemer, déi duerch de Päiperlekstrausch lassgeléist goufen, esou de Biolog vum Naturmusée.
"E wiisst aus all Fassad a Kullang eraus an och laanscht d'Schinne vun der Eisebunn. Et kascht extrem vill Effort, fir d'Planz an de Grëff ze kréien. A si kréie se net méi an de Grëff."
Dat géif och zu Lëtzebuerg lues a lues ufänken. D'Planz mécht sech zum Beispill an der Stad op de Fielse breet. De Prozess wier elo voll am gaangen, seet de Christian Ries. "A kee mécht eppes, mee jiddweree planzt nach monter virun. Et gëtt d'Planz och esou guer nach am Handel."
90 Prozent vun den heemeschen Esche bedroht
Een ageschleefte Pilz aus China ass de Grond, wisou ee vun eisen heemesche Pionéierbeem staark bedroht ass. Beim Handel mat liewege Planze gëtt de Buedem mat importéiert.
"Dëse Pilz huet et fäerdeg bruecht, bannent kuerzer Zäit praktesch de gesamte Bestand vun eisen Eschen a ganz Europa ze befalen."
Eschen, déi vum Pilz befall sinn, erkennt een dorunner, datt hir Extremitéiten opfälleg verdréchent ausgesinn an d'Blieder och fréi eroffalen. Nëmmen eng Partie Äschen an Europa sinn net betraff. Fuerscher wéilten erausfannen, u wat dat läit, "mee si fannen et net eraus".
Himmelsbam
Op der Rumm stinn um Bord vum Fiels uewe laanscht d'Eisebunnsschinne Richtung Waasserbëlleg eng Partie Himmelswbeem. Et ass eng Bamaart, déi a China virkënnt a gären a queesch duerch Europa a Parken ugebaut gëtt.
Zu Lëtzebuerg fänkt den Himmelsbam un, sech héchstwahrscheinlech och aus klimatesche Grënn vill méi wuel ze fillen a vum selwen auszesomen an auszeschloen. Op verschiddene Plazen, wéi zu Dikrech, op der Rumm oder an de Minièrë kann een dat Phänomen observéieren, seet den Dr. Christian Ries. Déi Bamaart wier elo um kommen.
Den Himmelsbam wiisst an Nord- a Mëtteleuropa virun allem a Groussstied, wou et e bësse méi waarm ass. An der Stad Lëtzebuerg, déi méi eng kleng Stad ass, war et ni waarm genuch, fir datt sech den Himmelsbam vum selwen ausbreet. De Klimawandel spillt hei héchstwahrscheinlech eng wichteg Roll, esou de Biolog vum Naturmusée.
"Wat mech beonrouegt ass, datt den Himmelsbam an enger Rei op der Fielskant wiisst an de Fiels iergendwann ofbrécht an op déi nei Eisebunnsstreck fält. Do misste wierklech d'Autoritéiten emol laanscht kommen a sech déi Saach méi genee ukucken. Awer och den Himmelsbam hei geziilt bekämpfen, bis datt kee méi nokënnt. Ech géif hei net mam Feier spillen."
Den Himmelsbam huet op senge Blieder kleng Nektarien, mat deenen en d'Insekte mat enger Zockerléisung fiddert.
Et ass e schéine Bam, mee et gëtt een en net méi Meeschter."
Zu Berlin an zu Wien verursaacht dëse Bam dem Dr. Christian Ries no all Joers héich Käschten. Den Himmelsbam kann iwwerall wuessen, duerch all Ritz vu Plastersteng, op all Bauland, op all Constructioun, op Privatterrain.
"Dee Prozess fänkt elo hei un."
De Mënsch ass Schold
De Mënsch géif ëmmer eréischt reagéieren, wann et schonn ze spéit wier, bedauert de Christian Ries. "Schold ass eigentlech ëmmer de Mënsch, et gi keng schlecht Planzen oder Déieren."