Zu Myanmar ass en Hotel zesummegefall, do solle vill Leit ënnert dem zerstéierte Gebai begruewe sinn. Eleng am Myanmar si 15 leit ëm d‘Liewe komm, wéi eng Moschee zesummegefall ass.
Bis elo geet ee vun 21 Doudesaffer aus. Op ville Plazen am Land si Gebaier a Brécken zesummegefall. Zu Bangkok an Thailand sinn d‘Leit a Panik op d‘Strooss gelaf. Déi indesch Regierung huet Myanmar an Thailand an Tëschenzäit Hëllef ugebueden.