Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Emergence

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inclusioun vu Flüchtlingen duerch Technologie

Digital Inclusion

Inclusioun vu Flüchtlingen duerch Technologie

En Informatiker wollt Flüchtlinge beim Accès zum Internet verhëllefen. Aus engem spontane Gefale gouf ee Projet, dee Welle schléit. D'Zil ass et, datt jiddereen zu Lëtzebuerg ee Computer kann hunn.

auto_stories

3 min

"Ech hu Flüchtlinge kenne geléiert, déi wéi ech technesch interesséiert waren, déi awer iwwerhaapt keen Equipment haten", seet de Patrick de la Hamette, e promovéierte Lëtzebuerger Informatiker. "Do war mir séier kloer ginn, datt ee mat ale Laptoppen deene Leit ee grousse Gefale kéint maachen, an hinnen d'Dier opmaachen, datt si ee Computer hunn, dee si benotze kënnen."

Aus dem spontane Gefalen ass mëttlerweil e grousse Projet ginn. "Digital Inclusion" wëllt ville Mënschen den Accès zur digitaler Welt erméiglechen. Eng Equipe vun technesch interesséierte Benevollen, déi meescht Refugiéen, reparéiert gespenten al Computeren a bréngt se op den technesche Stand, datt ee se nees ka benotzen.

Ee Computer fir all Mënsch

Jiddereen, dee sech aus finanzielle Grënn kee Computer ka leeschten, ka sech mellen. All Woch ginn eng 20 Computeren a Laptoppe verdeelt. Spende kënne souwuel privat Leit wéi Entreprisen.

Déi meescht Demandë kéime vu Refugiéen, seet de Patrick de la Hamette. Dat wiere bis zu 40 Computeren d'Woch. "Mir schätzen, datt insgesamt ronn 1.000 Computere musse verdeelen, fir an där Bevëlkerung de grousse Besoine gerecht ze ginn." D'Zil wier et, datt kee Mënsch zu Lëtzebuerg méi onfräiwëlleg kee Computer huet.

Donieft installéiert Digital Inclusion och Computeren an Foyeren. Op d'Tastature ginn dann Autocollante mat arabesche Schrëftzeechen gepecht.

Dacks feelt awer och den Know-how, fir den Ëmgank mam Computer. Dofir ginn och Coursen ugebueden, déi fir all Interesséierter op sinn. Ganz nei ass an deem Kontext eng Offer, déi spezifesch fir Fraen ass, seet de Patrrick de la Hamette.

Bezuelten Aarbecht fir Flüchtlingen

Digital Inclusion ass een vun iwwer 70 Projeten, déi am Kader vum Programm mateneen vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte ënnerstëtzt ginn. Doduerch konnt den zweeten Volet vum Projet ëmgesat ginn: eng bezuelten Aarbechtsplaz fir en IT-Techniker ze schafen. Déi Plaz gëtt all zwee Méint un en anere Refugié verginn, fir dass méiglechst all Benevollen eng Kéier kennen enger bezuelter Aarbecht nogoen.

Momentan schafft den Awss hei, e jonke Bauingenieur an Architekt vu Bagdad. Fir däerfen ze schaffen, huet hien eng speziell Genehmegung vum Ministère gebraucht, well en nach an der Prozedur ass. "Ech sinn deen éischten, deen dëst Joer en AOT- Kontrakt vum Ministère kritt huet", seet den Awss. "Ech hu virdru schonn op ville Plazen benevole geschafft, awer elo ginn ech fir d'Aarbecht endlech bezuelt."

De Broch iwwerwannen

Vill Refugiéen engagéiere sech benevole am Projet, fir déi laang Waardezäit op de Statut sënnvoll ze notzen, an hier Kompetenze kënnen anzebréngen.

"Et muss een ëmmer schaffen, fir datt een et net vergësst an datt een wieder léiert", seet de Khalid, e jonke Geometer vu Bagdad. Et wier wichteg, de Broch, deen duerch d'Flucht an hirem Liewen an an hirer Karriär entstanen ass z'iwwerwannen. "Ech hu véier Joer studéiert, a mir hunn och Beruffserfahrung. An wann een heihinner kënnt, da wëllt een en Job fannen, an deem Beruff, deen ee virdrun hat. Jidderee wëll säi Beruff asetzen a seng Diplomer."

Et wier ee gutt Gefill, wann een anere Leit kéint hëllefen, seet de Farquad, dee vun Ufank un beim Projet derbäi ass. Gewënner ginn et op béide Säiten: Déi eng kënnen hiren technesche Know-How verbesseren, an hir Ausbildung valoriséieren. An anerer gewannen nees Accès zur digitaler Welt.