Radioen

On air

Notturno  |  Scott Walker - Copenhagen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi gëtt d'Wierksamkeet gemooss?

Entwécklung vun engem Impfstoff

Wéi gëtt d'Wierksamkeet gemooss?

D'Fuerschunge ronderëm en Impfstoff géint den neiaartege Coronavirus schéngen a Rekordzäit virunzekommen. Iwwer 160 Impfstoff-Kandidate ginn der Weltgesondheetsorganisatioun no aktuell erfuerscht. Een Deel dovu befënnt sech schonn an enger klinescher Préifphas. Wéi verleeft dëse Prozess, a wéini gëtt en Impfstoff um Marché zougelooss?

auto_stories

2 min

Dem Däitsche Verband vun de fuerschende Pharma-Entreprisen no dauert et 15 bis 20 Joer bis eng Impfstoff-Entwécklung an der Reegel ofgeschloss ass. Sécherheet a Wierksamkeet sinn hei d'Stéchwierder. Eng Rei Phase muss en Impfstoff-Kandidat deemno duerchlafen, éier en um Marché zougelooss gëtt.

No éischte pre-klineschen Analysen an Tester kënnt en Impfstoff an eng éischt klinesch Préifphas. Den Dr. Rudi Balling, Direkter vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine betount, datt hei fir d'éischt getest gëtt, ob den Impfstoff sécher ass oder ob Niewewierkungen entstinn.

Verschidde Phasen

Dofir gëtt un enger klenger Zuel u Leit probéiert wat geschitt, wann een ëmmer méi héich Dose vum Impfstoff gëtt. "Kommen Rötungen, kommt Fieber, kommen irgendwelche Nebenwirkungen? Der Nachweis der Nichttoxizität ist entscheidend, um dann einen Schritt weiderzugehen", erklärt den Dr. Rudi Balling.

U ronn 50 bis 100 Probante gëtt den Impfstoff dann an enger zweeter Phas schonn op seng Wierksamkeet getest. An enger drëtter Phas gëtt u méi Leit getest. Eng Studie vun der Uni Oxford wier schonn an dëser Phas fir ze kucken, wéi d'Wierksamkeet vum Impfstoff bei méi Leit wierkt.

D'Wierksamkeet moossen

Mee wéi gëtt d'Wierksamkeet gemooss? Den Dr. Rudi Balling betount, datt beim Impfstoff gekuckt gëtt, ob eng Infektioun, staark Symptomer oder d'Krankheet selwer ka verhënnert ginn.

Matzen an enger Pandemie wier dëse Prozess méi einfach, vue datt d'Wierksamkeet u méi Leit kéint getest ginn. Hei géif da gekuckt ginn, ob Antikierper an T-Zelle produzéiert ginn. Dës T-Zelle géifen als "Botenstoff" reagéieren déi dem Kierper erméiglechen, séier ze reagéieren, wann de richtege Virus oder Bakteerie ukënnt.

D'Mutatioun vum Virus

Ob en Impfstoff nach wierkt, wann den neiaartege Coronavirus mutéiere sollt, ass eng Fro, déi ëmmer nees opdaucht. Dem Dr. Rudi Balling no schéngt de Virus aktuell net staark ze mutéieren:

"Die Mutationsrate, also die Geschwindigkeit, mit der so ein Virus sich anpasst, scheint bei Corona zurzeit nicht wirklich ein Problem zu sein. Wir können da Überraschungen kriegen, das weiss keiner, aber im Moment ist das nicht die grösste Sorge, die Impfstoff-Entwickler im Moment haben."

Mat éischte Resultater iwwer d'Wierksamkeet vu verschiddenen Impfstoff-Kandidate géint de Coronavirus wier schonn Enn des Jores ze rechnen, esou nach den Direkter vum LCSB.