Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfflicht?

Prisma

Impfflicht?

Den Immanuel Kant huet gesot, datt d'Fräiheet vum Eenzelen do ophält, wou déi vun engem Aneren ufänkt. An dat ass de Problem bei enger Pandemie: mir sinn all betraff, an zwar net just eenzel, mee all zesummen. Elo ass et awer esou, datt geschwënn en Impfstoff do ass. An och, datt et zu Lëtzebuerg keng Impfflicht gëtt.
Brauch een esou eppes, muss een esou eppes hunn? Däerf een d'Leit zu hirer Gesondheet zwéngen? Den Thomas Koenig huet sech d'Problematik ugekuckt.

auto_stories

7 min

An e puer Wochen sollen anscheinend déi éischt Impfungen géint de Coronavirus erauskommen. Vill Fakte sinn nach net bekannt, vill Froe stinn nach op, ënner anerem déi, wat mer dann domat maachen.

Bei der Grippeimpfung gëtt et déi Diskussioun jo och reegelméisseg, ob ee sech soll impfe loossen oder net. Et ass keen neien Phenomeen.

Mee elo ass et awer esou, datt den Coronavirus net den Grippevirus ass. An d'Situatioun ass och eng aner. Bei der Gripp gëtt et weltwäit zwar all Joer Epidemien, mee et gëtt keng weltwäit Pandemie. Dat ass deen éischten Ënnerscheed. Deen zweeten ass, datt de Coronavirus a senge Konsequenzen méi wäit geet, wéi den Grippevirus.

Dofir stellt sech d'Fro hei vläicht net, op ech mech individuell soll impfen loossen. Si ass an dësem Fall éischter kollektiv: Solle mer eng Impfflicht aféieren?

Also, nach emol, fir datt mer eis richteg verstinn: An nächster Zukunft kommen Impfungen eraus, déi nach vill Froen opwerfen. Et wäerten an engem éischte Moment net genuch Dosen dovun disponibel sinn, fir déi ganz Bevëlkerung ze impfen. Dat heescht, kuerzfristeg stellt sech d'Fro vun der Impfflicht warscheinlech net. Mee et ass denkbar, datt mëttelfristeg en Impfstoff do ass, deen de sanitäre Krittären entsprécht a vun deem mer genuch Dosen hätten, fir déi ganz Bevëlkerung ze impfen. Dann ass d'Fro: Impfflicht oder net?

Éier mer awer mol lassleeën, just e klenge Reminder: Et gëtt gutt Grënn fir iwwer Sënn an Zweck vun Impfungen ze diskutéieren. Et gëtt awer och ganz vill Blödsinn, dee verzielt gëtt. Dofir erlaben ech mer hei, déi ganz Geschicht vu Gedankekontroll, Micro-Chips a wat weess ech net nach, einfach op der Säit ze loossen.

Datt een d'Leit soll eescht huelen, ass jo kloer. Datt een hir Ängschten och soll eescht huelen, och. Mee dat bedeit net, datt een dofir egal wat soll eescht huelen.

Argumenter dogéint

Also: Impfflicht oder net? Wat schwätzt dogéint? U sech ganz vill!

An der Mënscherechtserklärung steet zum Beispill am Artikel 3, datt all Mënsch e Recht op Liewen huet an op d'Sécherheet vu senger Persoun. Dat kéint ee schonn esou verstoen, datt keen d'Recht huet, mech zur Impfung ze zwéngen.

An der Verfassung steet am Artikel 11, datt déi natierlech Rechter vun der Persoun vum Staat garantéiert ginn. Ech denken, och hei ass et vertrietbar, dat esou ze verstoen, datt keen d'Recht huet, mech géint mäi Wëllen ze impfen.

An an enger fräiheetlecher Gesellschaft gëtt et jo och aner Méiglechkeete wéi d'Zwangsimpfung. Wann ee sech net ustécht, well een déi sanitär Mesurë respektéiert, mee dann brauch een jo och keng Impfung. Et ass theoreetesch denkbar, mee ob et och praktesch machbar ass, ass eng aner Fro. Mee et werft eng interessant Fro op: Firwat misst ech op meng Fräiheet verzichten, well anerer hir Verantwortung net kënnen iwwerhuelen?

An da stelle sech och nach e puer fundamental Froen: Wat sinn dat iwwerhaapt fir Impfstoffer? Wéi wierken se? Wéi sécher si se? Wat sinn d'Laangzäitkonsequenzen?.
Dir erënnert Iech vläicht, éier ech zu den Argumenter hei koum, hat ech jo vun engem Impfstoff geschwat, deen de sanitäre Krittären entsprécht. Dat heescht, dat wär dann een, wou mer d'Äntwerten op déi Froen hätten. Dat ass am Moment awer nach net de Fall.
Dofir wier dat dann och en Argument géint d'Impfflicht, an zwar datt keen een zwéngen kann eppes anzehuelen, vun deem en net weess, wat drastécht oder wat et mat engem mécht.

Kaum auszedenken, wann een esou eng Iwwerleeung och emol op d'Alimentatiouns-Industrie ausbaue géif. Wann d'Inhaltsstoffer kloer mam Numm misste genannt ginn, an esou weider, oder wa misst drop stoen, datt d'Kou an der Poulets-Lasagne a Wierklechkeet Päerd ass, oder datt de Kéis op der Tiefkühl-Pizza eigentlech planzlech aus ... mee bon, ech komme vum Theema of.

Hale mer awer emol fest: De gréissten Prinzip, dee géint d'Impfflicht schwätzt, ass dee vun der Fräiheet.

Argumenter dofir

Mee wat schwätzt dann iwwerhaapt fir eng Impfflicht? U sech och ganz vill!

A wat hei lëschteg ass, ass datt een d'Begrënnunge vun de Kontra-Argumenter quasi iwwerhuele kann. Well wann d'Fräiheet zum Beispill de wichtegste Faktor géint eng Flicht ass, maja ... Stellt Iech emol vir, Dir sot, datt dir am Auto kee Gurt wëllt undoen, well dat ass jo Är Fräiheet, wat Dir an Ärem Auto maacht. Sécher. Wann den Auto an der Garage steet, kee Problem. Wann Dir awer en Accident hutt, an duerno an der Klinik leit, well Dir Iech schlëmm Verletzungen zougezunn hutt, da läit Är Fräiheet am Fong op der Täsch vun der Allgemengheet.

Den Artikel 3 vun der Mënscherechtserklärung seet, datt jiddwereen e Recht op Liewen a Sécherheet huet. Deementspriechend muss ee sech also och kënnen dorop verloossen, datt een an der Gesellschaft net permanent a Gefor ass. Et ass jo verbueden, datt een Auto fiert, wann ee gedronk huet. Well een eng Gefor fir sech selwer a fir seng Matmënschen ass. Elo ass e Verbuet, eng Substanz anzehuelen, net dat selwecht, wéi d'Obligatioun, eng Substanz anzehuelen. Et kann ee vläicht keen zwénge sech ze impfen. Mee et kann een awer vläicht de Leit, déi sech net impfe wëllen, den Accès zu bestëmmte Plaze verbidden. Am private Beräich gëllt dat zum Beispill jo zanter enger Woch och scho bei der Fluggesellschaft Qantas: Nëmme wie géint Covid geimpft ass, däerf mat hinnen nach international fléien.

Eng Fro vu Fräiheet?

An dem emotional geluedenen Toun, an deem eis Diskussiounen hautdesdaags gär oflafen, kann dat do gär vu esou munchem als Apologie vum Totalitarismus opgeholl ginn. Et gëtt jo scho Leit, déi sech mat der Anne Frank oder Sophie Scholl vergläichen. Ëffentlech. An Däitschland. Kaum auszedenken, wat déi soe géifen, wa si et op emol eng Kéier mat richtegen Nazien ze dinn hätten.

Egal wéi, déi rezent Geschicht huet leider gewisen, datt dee ganzen Anti-Impf-Konspirationismus effektiv dozou geféiert huet, datt manner Leit sech impfe gelooss hunn, an doduerch Krankheeten erëmkoumen, déi eigentlech scho verschwonne waren. Am Joer 2016 huet d'WHO zum Beispill gesot, datt et keng Riedele méi am Westen géif ginn. 2018 goufen et dunn 53.000 Fäll dovun an Europa, mat 40 Doudegen.

Meng Fräiheet net verletzt ze ginn ass zwar net direkt en Argument fir eng Impfflicht. Mee de Choix fir sech net impfen ze loosse wier da scho vill méi extreem, wann een de sozialen Impakt vun där individueller Entscheedung géif mat berechnen.

Et ass jo och nach net kloer, datt een duerch eng Impfung géint de Coronavirus net méi ustiechend ass. Dat heescht, d'Argument hei ass am Moment nach reng theoreetesch.

Dofir, dat selwecht gëllt dann och fir d'Verfassung. Mäi Recht, datt mäi Liewe geschützt ass, ass jo dat wichtegst vun allen. Wann ech dout sinn, interesséiert mech mäi Recht mech fräi am ëffentlechen Raum ze beweege häerzlech wéineg. Wien um Kierfecht läit, beweegt sech am Normalfall net méi ze vill.

Mee d'Fro ka sech awer stellen. Et gouf an den leschte Jore weltwäit ëmmer erëm Fäll vu Schoulen, déi ongeimpfte Kanner refuséiert hunn, eben well déi Kanner eng Gefor fir hir Matmënschen duerstellen. Zu Lëtzebuerg gëtt et momentan keng Impfflicht. Mee wat net ass, kann awer kommen.

An do gëtt d'Diskussioun da richteg spannend. Well wéi scho gesot, et gëtt gutt Argumenter op béide Säiten. An et wier wierklech domm, dat Gespréich do net ze féieren.

D'Fro hei ass jo och net, wien e gudde Bierger ass a wien net. Wa mer ufänken, d'Fro esou ze stellen, dat heescht, de Problem schwaarz a wäiss ze molen, dann erstécke mer am Fong den Debat.

Um philosophesche Plang ass d'Fro ganz interessant, well et bei Pro a Kontra am Fong ëm d'Fräiheet geet an ëm d'Fro, wei wäit déi Fräiheet goen däerf, muss oder kann. Um praktesche Plang ass et och interessant, well d'Praxis dem Problem jo och seng ganz reell Déift gëtt. Et geet hei jo ëm Mënscheliewen, ëm d'Ängschte vun de Leit. An et kënnt do jo och nach dobäi, datt villes nach net gewosst ass. Wann ee sech emol d'Méi mécht fir de ganze Kaméidi, deen een an de Kommentarspalte vun de Soziale Medie fënnt, auszeschalten, an de Problem u sech ukuckt, da mierkt een am Fong, wei déif e wierklech ass - an och wéi vill méi spannend.

Also, wat maache mer dann elo? Wéi eng Fräiheet ass eis méi wichteg? Wéi vill Mënscheliewen ass eis eis Fräiheet wäert? A wéi wichteg ass et Iech, op dat op der Pizza och wierklech Kéis ass?