Radioen

On air

Notturno  |  Karen Dalton - Something On Your Mind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hoffnung, trotzdeem

Ausbroch

Hoffnung, trotzdeem

Bannent kuerzer Zäit haten d'Nazien, nom Iwwerfall vun der Wehrmacht am Mee 1940, de Lëtzebuerger Staat, de facto ofgeschaf. Am leschten Deel vun eiser Serie Ausbroch, kuckt den Historiker Vincent Artuso op dës Woche virun 80 Joer, Wochen an deenen awer och d'Keimzelle vun der Resistenz géint d'Nazi-Occupatioun entstane sinn.

auto_stories

6 min

An de 1930er Jore war Lëtzebuerg, wéi de Rescht vun der Welt, vun enger dräifacher ekonomescher, politescher an identitärer Kris getraff ginn. Dës Katastroph hat Wonnen opgerass, déi zanter dem Éischte Weltkrich ni richteg geheelt gi waren; si hat och Ängschten, Phantasmen an Utopie radikaliséiert, déi den europäesche Kontinent zanter der franséischer Revolutioun beherrscht haten. D'Europäer hunn un der Pertinenz an der Dauerhaftegkeet vun hire Gesellschaftsmodeller gezweiwelt.

Stouch d'Maartwirtschaft an enger schroer, mee zäitweileger Kris oder hat si hiren Endstadium erreecht? War et néideg si duerch eng sozialistesch Ekonomie z'ersetzen oder wéinstens mat enger Dosis vu staatlecher Planifikatioun ze korrigéieren? War d'liberal Demokratie kapabel d'Erausfuerderunge vun der Zäit ze meeschteren? Hat si net hir inherent an tragesch Onmuecht demonstréiert? Waren déi modern, dynamesch an disziplinéiert totalitär Systemer net méi effikass? War d'Natioun just eng Additioun vun Individue mat abstrakte Rechter oder eng enk zesumme geschweesst Kollektivitéit mat konkreten Aspiratiounen an Interessen?

An dëser Atmosphär vun allgemenger Onsécherheet a latentem Reliounskrich hunn déi däitsch Aggressiounen a blëtzschnell Victoiren, vu 1937 bis 1940, wéi en historescht Urteel gewierkt. Frankräich war ënnergaangen, England war isoléiert a muechtlos. Däitschland hat de Schicksalskampf gewonnen, der westlecher Modernitéit e Sënn ginn an dem europäesche Kontinent eng nei Uerdnung.

D'Zäitalter vun der biederer Klengstaaterei, vun de Natiounen, dës obsolet an artificiell Konstruktiounen aus dem 19. Joerhonnert, war eriwwer. Dat vun de Rasseräicher hat ugefaangen. Esou gesi waren d'Lëtzebuerger net esou schlecht drun. Dat hunn sech besonnesch déi 10.000 gesot, déi bis ufanks Oktober der VdB bäigetruede sinn.

Hiert Land war den 10. Mee 1940 iwwerfall a besat ginn. Mee den Ugräifer huet se wéi Bridder betruecht, wéi gläichberechtegt Elementer vun der grousser, däitscher Volksgemeinschaft, der Herrenrasse. Si waren dozou bestëmmt un engem historeschen Abenteuer sonnergläichen deelzehuelen, d'Welt ze dominéieren. D'Perspektive waren endlos.

Déi meescht Leit hu warscheinlech net esou wäit geduecht. Den Dag vum Ausbroch war hir Welt, waren hir Unhaltspunkten zerstéiert ginn. Déi éischt Well vum Nazi-Virus hat hire Staat no e puer Stonnen ewechgekiert an 100.000 vun hinne gezwongen ze flüchten. All déi, déi vun der Katastroph matgerappt gi waren, hätten alles gi fir erëm e Staat ze hunn, wat och ëmmer seng Form, seng Natur, seng Ideologie oder seng Ziler och wieren.

Egal wat fir e Staat amplaz vu Chaos, Doud a Perspektivlosegkeet. D'Ideologie war hinnen egal, si hu just no enger Autoritéit verlaangert, déi d'Kraaft hätt sech em hir essentiell Besoinen ze këmmeren: Uerdnung, Sécherheet, Ravitaillement, Educatioun, Gesondheet. E Pouvoir deen hinnen an hire Kanner eng Zukunft kéint garantéieren. Si waren zu all Zougeständnes bereet fir e normaalt Liewen zeréckzekréien. No all deem wat si erlieft a befaart haten, huet hinnen hire Virkrichs-Alldag, iwwert deen se soss sou oft gesouert haten, gefeelt.

Nidderlag oder taktesche Réckzuch

No der Ernennung vum Gauleiter Simon hunn d'Lëtzebuerger villes agestach, ouni ze meckeren. Si hunn déi rassesch Theorië vum Drëtte Räich akzeptéiert an déi antisemittesch Gesetzgeebung ouni Protest applizéiert. D'Enn vun der Demokratie hunn si mat enger allgemenger Gläichgëltegkeet higeholl. Dat bedeit awer net, datt si bereet waren alles z'akzeptéieren. Si wollte wéinstens eng gewësse kulturell an ekonomesch Autonomie behalen.

Dowéinst hat e relativ groussen Deel vum Staatsapparat méintlaang versicht sech der de-facto Annexioun an der onageschränkter Autoritéit vum Gauleiter ze widdersetzen. Déi meescht Staatsbeamten haten sech esou laang wéi méiglech vun der VdB ewechgehalen, bis se Enn Oktober hate misste kapituléieren. Verschiddener hunn d'kollektiv Bäitrëtter vu ganzen Administratiounen allerdéngs net wéi eng Nidderlag gesinn, mee wéi en taktesche Réckzuch.

An e puer Woche war d'Zuel vun de Membere vun der VdB vun 10 op 50.000 gesprongen. Déi éischter widderwëlleg Elementer ware ganz kloer majoritär, haten dowéinst awer d'Méiglechkeet d'VdB z'ënnerwanderen an aus hir de Porte-Parole vum Lëtzebuerger Partikularismus a vun de Lëtzebuerger Interesse bannent dem Drëtte Räich ze maachen. Dat huet d'Sipo-SD am November an e puer Berichter ënnerstrach:

"Das zahlenmässig starke Anwachsen der VdB in Luxemburg hat die Frage ihres Wertes aufgeworfen. Bei den verschiedensten Gelegenheiten hat sich klar gezeigt, dass sie nur über eine geringe Zahl von Menschen verfügt, die bedingungslos und unter allen Umständen zum volksdeutschen Gedanken und zum Reich stehen und sich voll dafür einsetzen. 90% aller eingeschriebenen Mitglieder gehören ihr nur aus Gründen der Furcht oder des Nutzniessertums an, und können nicht als zuverlässig angesehen werden. [...] Die VdB sieht als ihre Aufgabe alle Luxemburger zu sammeln ohne dabei nach einem scharf geführten Auslesevorfahren vorzugehen. So kommt es, dass sich in ihren Reihen Menschen befinden, die vor dem 10. Mai allen möglichen demokratischen Parteien angehört haben und offen und öffentlich gegen Deutschland Stellung bezogen. Von diesen Elementen wird innerhalb der Bewegung für die Ziele des alten Luxemburger Staates gearbeitet und versucht die VdB von innen heraus zu unterhöhlen. [...] Man darf ruhig sagen, dass die Bewegung heute eine fast ebenso grosse Gefahr für eine normale Entwicklung in Luxemburg ist als die deutschfeindlichen Kräfte".

Dës Situatioun huet de Gauleiter dozou gefouert seng Kontroll an déi vun däitschen Nazi-Funktionären iwwer d'VdB ze verstäerken. Eng aner Konsequenz war, datt ee Joer spéider eng Lëtzebuerger Ortsgruppe vun der NSDAP gegrënnt gouf fir déi authentesch nationalsozialistesch Lützelburger auszezeechnen an se vun de dubiéisen Elementer an der VdB z'ënnerscheeden.

Resistenz

Am Hierscht 1940 haten d'Lëtzebuerger hir Fräiheete verluer souwéi de Privileeg iwwer dat eegent Schicksal z'entscheeden. Eenzeler, Katholicken oder Kommunisten, ware verhaft an deportéiert ginn. Déi aner ware virgewarnt. Jiddesch Lëtzebuerger an auslännesch Judde ware kuerzfristeg zu engem ongewëssen Exil verurteelt, a laangfristeg zum Doud.

De Virus hat de Vollekskierper anscheinend erleedegt, mee déif an him huet trotzdeem e schwaache Fonken Hoffnung iwwerlieft. Isoléiert Individuen hunn sech entschloss ze resistéieren an hunn sech lues a lues am Ënnergrond organiséiert. Mëtt August, wéi d'Veräiner entweder nazifizéiert oder verbuede goufen, huet en Deel vun de Lëtzebuerger Scouten decidéiert inoffiziell aktiv ze bleiwen fir géint de Besatzer ze kämpfen.

Am September 1940 hunn den 18-järege Raymond Petit, säi Brudder an e puer Kolleege vum Iechternacher Kolléisch d'Lëtzebuerger Patriote Liga gegrënnt. Am Oktober huet de 19-järegen Aloyse Raths, Student op der Normalschoul, d'Lëtzebuerger Legio'n gegrënnt. Zu Déifferdeng sinn d'PI-Men entstanen, am Ufank e Grupp vu Passeuren, deen de Leit gehollef huet iwwer d'Grenz, a Frankräich ze kommen. An der selwechter Period huet den Albert Wingert, e sozialistesche Schoulmeeschter, zu Schëffleng, Gläichgesënnter ëm sech gesammelt. Eenzel Kommunisten, déi ënnergetaucht waren, hunn och ugefaange Widderstand ze leeschten, trotz den Instruktioune vu Moskau näischt géint déi Däitsch z'ënnerhuelen.

Déi Resistenzler vun der éischter Stonn koumen aus ganz ënnerschiddleche politesche Familljen haten awer munches gemeinsam. Si hunn net resignéiert obwuel d'Disproportioun vum Kräfteverhältnis hinnen anscheinend keng Chance gelooss huet. Et war eng Saach vu Wäerter, vun Temperament, warscheinlech och vun Alter, déi meescht vun hinne ware jonk, verschiddener ware knapp erwuessen. Si hunn op eege Fauscht, vun ënnen, eng national Befreiungsbeweegung gegrënnt

All wollten si hiert Land befreien an déi Meescht hunn den traditionellen Elitten net getraut, virgeworf d'Vollek am Stach gelooss ze hunn. Si ware fest iwwerzeegt, datt de Lëtzebuerger Organismus net dout war, datt si et duerch hire Kampf an duerch hiert Beispill kéinte regeneréieren.