Corona-Kris Hëllef bei mentale Problemer

De Moment sti mer enger Kris géigeniwwer, déi mer esou nach net erlieft hunn. Dat kann och vill psychologesch Konsequenze mat sech bréngen: Angscht, Stress oder och Depressiounen. Dofir huet de Service Information et Prévention, an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère en Site lancéiert, op deem d'Leit informéiert ginn, wéi se mental besser mat der aktueller Situatioun ëmgoe kënnen.

Pit Walté / cbi

covid19-psy
Foto: Screenshot covid19-psy.lu

Wéi den offizielle Site vun der Regierung www.covid19.lu entstane wier, hätt ee festgestallt, datt do wéineg Informatiounen zu der mentaler Gesondheet ze fanne gewiescht wieren, esou de Fränz D'Onghia, Psycholog a Chargé de Direction beim Service Information et Prévention. Dofir ass an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère d'Säit www.covid19-psy.lu entstanen.

Et géif ee wëssen, datt esou eng Kris, wann och vläicht net direkt, eng Réi vu psychologesche Reaktioune mat sech brénge géif, seet de Fränz D'Onghia. Dofir wéilt een de Leit op dësem Site Informatioune ginn, wéi se sech an der aktueller Situatioun selwer hëllefe kënnen, respektiv wou een och gewuer gëtt, wéi ee professionell Hëllef iwwert Telefon kritt.

Psychologesch Ënnerstëtzung

Op www.covid19-psy.lu fennt een dofir eng Rei Nummere vu Hotlinen, wou een zu de verschiddenste Probleemer Ënnerstëtzung kritt. Donieft sinn awer och virgefäerdegt Äntwerten op dacks gestallte Froen do ze fannen, esou de Chargé de Direction vum Service Information et Prévention.

"Et fënnt een Informatiounen zu deene verschiddene Reaktiounen: Angscht, Depressivitéit, Stress an Zwäng. An da méi dramatesch Froen: wéi ginn ech mam Doud vun engem Betraffenen ëm, wann ech net kann Äddi soen? Déi ganz Problematik, datt een net seng Grousseltere besiche kann, déi an engem Altersheem wunnen. Donieft dierf een net vergiessen, datt et onofhängeg vun der Kris scho Leit ginn, déi psychesch erkrankt sinn, an do ass d'Fro, wéi ginn déi mam Covid-19 ëm?"

Et wäerten an Zukunft och nach weider Froen an Äntwerten derbäi kommen, an do géif ee sech no deem riichten, wat dacks op den Hotline gefrot gëtt, esou de Fränz D'Onghia.

Rhythmus bäibehalen

Et ginn awer och e puer Saachen, déi ee maache kann, fir besser duerch d'Isolatioun ze kommen, seet de Psycholog. Beweegung wier e wichtege Punkt an och dobausse sinn. An do géif et och schonn duer goen, säi Buch zum Beispill virun der Fënster ze liesen, fir esou vill Sonn ze tanken.

Wichteg wier et och de soziale Kontakt oprecht z'erhalen, iwwer Telefon oder Internet, esou de Fränz D'Onghia. Och en Dagesrhythmus bäizebehale wier eng Mesure, zum Beispill ëmmer zu der selwechter Zäit opzestoen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Corinne Cahen.jpg
Bis eng Impfung do ass

D'Familljeministerin Corinne Cahen geet dovun aus, datt d'Liewen, esou laang et keng Impfung oder e wierksaamt Medikament gëtt, warscheinlech "net dat selwecht" wäert sinn.

Vanessa Grandjean
Corona-Pandemie

Covid-19 Kranker am Spidol hu kee physesche Kontakt méi mat hire Famillen. Och déi eventuell lescht Momenter zesumme si just nach virtuell méiglech, et kann ee sech net physesch Äddi soen.

Patient Klinik
Coronavirus

D'Ethik-Komiteeë vun de Spideeler hu Richtlinnen ausgeschafft fir de Fall, wou d'Intensivbetter ze knapps gi fir all Patienten ze behandelen. Et soll séchergestallt ginn, datt keen diskriminéiert gëtt.

Bernard Thill
Coronavirus

Wat geschitt mat Leit ouni Krankeversécherung, déi medezinesch Hëllef brauchen? Médecins du Monde betreit esou Patiente dat ganzt Joer iwwer - och elo an der Coronavirus-Pandemie.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen