Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Härebierg

Flouernimm

Härebierg

Den Härebierg zu Dikrech ass am ganze Land bekannt, well do zanter 1955 d'Lëtzebuerger Arméi an der Kasär Grand-Duc Jean ënnerbruecht ass. De Claude Faber ass dësem Flouernumm nogaangen an huet séier festgestallt, datt en Härebierg am Fong guer näischt Rares ass, an datt den Härebierg zu Dikrech och näischt mat eiser Arméi ze dinn huet.

auto_stories

5 min

Härebierger gëtt der eng jett, ob am Ausland, oder hei bei eis am Ländchen, wéi zum Beispill zu Bous, Mertert, Wecker, Stadbriedemes oder och nach zu Recken un der Mess. Den Numm ass dobäi zeréckzeféieren op de Fait, datt esou ee Bierg oder eng Kopp fréier emol engem Här, also engem bestëmmte herrschaftleche Besëtzer gehéiert huet.

Dacks sinn dës Härebierger dann un dat normal stierflecht Vollek verpacht ginn oder si fir den Här vun hinnen bewirtschaft ginn. Dobäi geet aus ville Recherchen eraus, datt et sech hei dacks ëm Wäibau gehandelt huet.

An och zu Dikrech ass nogewisen, datt et an de géien Häng vum Härebierg nach bis an d'19. Joerhonnert era Wéngerte gouf.

Et gëtt souguer gemunkelt, datt dës Wéngerte mat Iesele beaarbecht goufen, vu wou dann och d'Symbolfigur den "Dikrecher Iesel" ofgeleet kéint ginn. Ech well mech awer elo hei net dorop behaapten, well et nach aner geschichtlech Ofleedunge fir den "Dikrecher Iesel" gëtt.

Ee "Schlenker" an d'zweet an drëtt Joerhonnert

Dofir komme mer direkt nees zeréck bei de Flouernumm Härebierg, allerdéngs fir d'éischt emol nach mat engem klenge Schlenker op Gouschteng an der Gemeng Fluessweiler. Beim haitegen Duerfkär stoung nämlech schonn am zweeten an drëtte Joerhonnert e gallo-réimeschen Haff, op deem Véizuucht an Akerbau bedriwwe gouf.

Haaptprodukter waren Uebst, Geméis, Woll, Lieder an - et hätt ee sech et scho kéinten denken - och Wäin. An déi fränkesch Siidler hunn do noweisbar hir Leit um Härebierg begruewen. Mam Chrëschtentum ass zwar domat opgehale ginn, mee et ass dofir awer e Kierfecht an eng Kapell op dëser Plaz entstanen. De Floernumm kënnt allerdéngs net aus där Zäit, mee éischter aus dem 18. Joerhonnert, wou zu Gouschteng vun 1766 u Wéngerte kënne nogewise ginn.

Den Härebierg zu Dikrech

Elo geet et awer op Dikrech, op eng Kopp, nordëstlech vum Stadkär geleeën, där hir Flanken och nach mat "Hanner dem Härebierg", "Um Härebierg" an "Ënner Härbierg" bezeechent ginn. Wéini genee dës Kopp säi Flouernumm "Härebierg" krut, ass nees net gewosst. Mee, wéi scho gesot, op dëse Flanken gouf bis wäit an d'19. Joerhonnert era Wäin ugebaut.

Wann ee sech dann och nach virun Aen hält, datt ee bei Ausgruewungen um Fouss vum Härebierg op Mauerreschter a Mosaicke gestouss ass, déi enger grousser, réimescher Axialhaff-Villa zougeschriwwe kënne ginn, kéint et och sinn, datt de Flouernumm schonn aus dëser Zäit staamt. Esou Villaen hate meeschtens ee prächtegt a luxuriéist Härenhaus, an deem och ganz gären emol e Pättche Wäi gedronk gouf. Wäibau war iwwerhaapt eng grouss réimesch Traditioun, an zu esou enger grousser Axialhaff-Villa huet och dacks nach e Wirtschaftshaff gehéiert, gären an enger Gréisst vu gläich e puer Fussballfelder.

Hat dat grousst réimescht Härenhaus zu Dikrech also deemools scho säin Härebierg, fir Wäin unzebauen? Mee och hei kann een net eendeiteg festhalen, datt de Flouernumm schonn an der Réimerzäit bestanen huet, zemools, well dës grouss Villa am Ufank vum fënnefte Joerhonnert nees opgi gouf.

De Botterweck

Ech wëll hei dann awer nach op e weidere Flouernumm agoen, deen et der Wäert ass, an dësem Zesummenhang ze ernimmen. Op den Härebierg erop kënnt een nämlech - ënner anerem - iwwer e Feldwee, deen duerch d'Mäertesdellt, laanscht de Botterweck bis ganz uewenhi féiert.

"Botterweck" ass dobäi de Flouernumm vum nordwestlechen Ausleefer vum Dikrecher Härebierg, mat enger Héicht vun ëmmerhin 379 Meter. Iwweregens, och an der Gemeng Réiden op der Atert gëtt et esou ee Botterweck, an zwar laanscht den CR301, der Strooss, déi vun Nojem (Nagem) op Hueschtert (Hostert) geet.

Gemengerhand ass dorënner e Botterbréidchen, oder souguer just en décke Schnatz Botter ze verstoen. D'Wuert Weck, oder och nach Wegge, staamt aus dem 17. Joerhonnert, aus der Géigend vum Niederrhein, wou e Platt geschwat gëtt, dat dem Lëtzebuergeschen ganz no kënnt. Et bedeit op Lëtzebuergesch iwwersat, e Käil oder eng Cale.

Deemools ass also mat engem "Botterweck" e Stéck Brout oder Botter bezeechent ginn, dat d'Form vun engem Käil hat. Mee och Grondstécker a Flouer goufe gären och emol esou genannt, als Spëtznumm souzesoen, wa se d'Form vun esou engem Botterbréitchen haten, oder wann op dëse Felder e groussen Ertrag konnt erageholl ginn. An do hätte mer dann nees en Hiweis, datt um Botterweck, direkt um Här sengem Bierg, gutt a gäre Wäindrauwe kultivéiert goufen.

Eng Lëtzebuerger Seechen

Fir ofzeschléissen, lauschtert da just nach eng kleng Lëtzebuerger Seechen iwwer den Härebierg zu Dikrech, fräi iwwersat aus dem Nikolaus Gredt sengem Buch "Sagenschatz des Luxemburger Landes":

An der Zäit huet een op de Bierger ronderëm Dikrech fierchterleche Kaméidi héieren. Dat war de wëlle Jeeër, deen do säi Revéier hat, a gal a box, et ass een him an d'Äerm gefall. Deemools goufen d'Päerd och nach nuets op d'Koppe gedriwwen, an d'Kniecht hu sech dobäi an eng Decken agewéckelt fir ze schlofen. Enges moies ass esou ee Kniecht awer net méi vum Härebierg erëmkomm, an d'Leit hunn sech op seng Sich maachen. D'Päerd waren an all Himmelsrichtunge fortgelaf.

De Kniecht hu si du séier erëmfonnt, ëmmer nach a seng Decken agewéckelt a plätschnaass geschweesst. Hien huet du gemengt, deem wëlle Jeeër an der Nuecht begéint ze sinn, dee mat senge wëllen Hënn och um Härebierg ënnerwee war. A well de Jeeër hien direkt mat senge fierchterlechen Aen erbléckst hat, huet sech de Kniecht séier a senger Decke ganz kleng gemaach, fir awer nach vläicht heel dovun ze kommen.

Do soll de wëlle Jeeër bei de Kniecht komm sinn a sech tëschent deem seng Been gesat hunn, esou datt deen déi ganz Nuecht an der Decke sëtze bliwwen ass a kee Mucks méi vu sech ginn huet. Bis d'Leit e moies fréi dann do erëmfonnt hunn. Zanterhier gouf keen ee Päerd méi an der Nuecht op den Härebierg gedriwwe gi fir do ze weeden.