Radioen

On air

Notturno  |  Darcy James Argue's Secret Society - Ebonite

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Griichenland brauch méi Solidaritéit uecher ganz Europa"

Refugiéen

"Griichenland brauch méi Solidaritéit uecher ganz Europa"

Vill Refugiéë kommen op hirer Flucht virum Krich als éischt a Griichenland un. D'Situatioun ass keng einfach, wéi de Porte-parole vum UN-Flüchtlingswierk, de Boris Cheshirkov, am 100,7-Interview erzielt.

auto_stories

3 min

De Boris Cheshirkov ass Porte-parole vum UN-Flüchtlingswierk a Griichenland

D'Situatioun hätt sech an de leschte fënnef Joer komplett verännert, zielt de Boris Cheshirkov. 2015 hätten eng Millioun Mënschen hiren Transit a Griichenland gehat, mee d'Leit wiere meeschtens direkt weidergaangen. Dacks wiere si dee selwechten Owend, wéi si ukomm sinn, mat enger Fär a Richtung Athen a vun do aus iwwer d'Westbalkan-Route an Zentraleuropa gereest.

Am Mäerz 2016 huet sech dat verännert, zielt de griichesche Porte-parole vun der UN-Flüchtlingsorganisatioun, well d'Grenzen am Norde vu Griichenland zougemaach goufen, en Deal tëschent der EU an der Tierkei ugeholl gouf. Griichenland hätt dann decidéiert, fir déi nei Refugiéen op griicheschen Inselen ze loosse bis hir Asylprozedur ofgeschloss war.

120.000 Leit kommen d'Joer un

De Problem vun der Iwwerbevëlkerung op deenen Inselen hätt et net eréischt zanter 2019 oder 2020 ginn, mee dat wier vun Ufank un e Problem gewiescht, seet de Boris Cheshirkov. Ufank 2019 wier d'Situatioun awer méi komplizéiert ginn, well duebel esouvill Leit ukomm wiere wéi am Joer 2018. De Porte-parole vum UNHCR schwätzt vu 60.000 Refugiéen am Joer 2018, déi iwwer d'Mier ukomm sinn.

Zesumme mat de laange Waardezäiten hätt d'Situatioun sech zougespëtzt. "Et ass immens geféierlech, mir gesi wéi d'Gewalt klëmmt, wéi déi psychesch Gesondheet vun de Leit ofhëlt an et gëtt e Pic vu sexueller Gewalt."

De Boris Cheshirkov fuerdert dowéinst, datt d'Asylprozedur méi séier ofgeschloss gëtt. Enn 2019 hätt et eng 100.000 Demandë fir Asyl ginn, bei deenen een nach op eng Decisioun waart. D'Leit op den Insele wieren och ëmmer méi frustréiert a géifen och ëmmer méi protestéieren, et géifen och vereenzelt Ugrëff op Refugiéë ginn.

Refugiéë ginn zeréckgeschéckt

De Porte-parole vum UN-Flüchtlingswierk schwätzt och vu "Pushbacks": et géife Fäll ginn, wou Refugiéen op eng net-offiziell Aart a Weis forcéiert ginn, erëm zeréckzegoen, och nodeems si schonn a griichesche Gewässer oder op griicheschem Territoire wieren.

Dat géif ëmmer méi dacks geschéien, obwuel manner Leit a Griichenland ukommen am Verglach mat de leschte Joren. De Boris Cheshirkov hätt d'Regierung dowéinst opgeruff dës Fäll vu "Pushback" ze ënnersichen.

D'Europäesch Kommissioun hätt generéis Bäiträg an deene meeschte Beräicher geleescht, zielt de Boris Cheshirkov, mee Suen a Ressourcë wiere just en Deel vun der Léisung. "Mir brauche méi Solidaritéit uechter ganz Europa."

Méi Solidaritéit an Ënnerstëtzung

De Programm vun der Relokalisatioun vun onbegleete Mineuren, dee vun der Europäescher Kommissioun koordinéiert a finanzéiert gëtt, misst ausgebaut ginn, fuerdert de Porte-parole vum UN-Flüchtlingswierk. Et wieren och méi Zouspréch vun den EU-Memberstaaten néideg, fir beispillsweis Plaze fir vulnerabel Persounen ze schafen.

Ausserdeem wier et wichteg, datt d'Ressourcen um Terrain an d'Luucht gesat ginn, fir datt de Refugiéen adequat gehollef ka ginn. Déi meescht Leit, déi a Griichenland ukommen, géife virum Krich flüchten, "an déi brauchen an de meeschte Fäll internationale Schutz", ënnersträicht de Boris Cheshirkov.