100,7-Klassesall Gréng Kamellen, Schueberfouer, de Reebou

Virum Weekend maache mir haut natierlech eise Klassesall op. Theema haut: Gréng Kamellen an d'Schueberfouer, de Reebou an d'Noriicht vum Dag an eng Hausaufgab.

Klassesall
Foto: Bigstock / smolaw

Noriichten

Elo, wou een doheem muss bleiwen, gëtt och vill iwwer Grenze geschwat. Dat well vill Länner an der EU hire Grenze wéinst dem Virus zu engem groussen Deel nees zougemaach hunn. A grad an deem Moment gouf de 25. Gebuertsdag gefeiert vum sougenannte Schengenaccord. Et war deen Accord, deen derzou geféiert huet, datt et am Fong geholl keng Grenzen a keng Grenzkontrollen an de meeschten EU Länner méi sollt ginn.

Lauschteren

Grénge Knätsch a gréng Kamellen

Grénge Knätsch a gréng Kamellen ... mee wéi ginn déi iwwerhaapt gréng? A wat huet dat mat Planzen ze dinn? D'Aline Fischer aus dem natur musée an de Levi hu sech doriwwer ënnerhalen.

Lauschteren

D'Schueberfouer kritt de Marsch geblosen!

Déi leschte Kéier huet eis d'Julie Treff vum Luxembourg City Museum ee vun de stäerkste Männer vun der Welt virgestallt. Den Herkül Grün. Hien ass deemools och op der Schueberfouer opgetrueden. Haut gi mer nach emol op d'Fouer, awer mat eppes ganz aneschtes ... Lauschtert gutt, dir erkennt et bestëmmt direkt erëm!

Lauschteren

Reebou ouni Reen?

Kanner, ech sinn ëmmer dovun ausgaangen, datt mir e Reebou nëmme gesinn, wann et gläichzäiteg reent an d'Sonn schéngt. Mee ech mengen, do louch ech falsch. Vläicht hat ech net gutt genuch opgepasst an der Schoul, dofir maacht Dir et lo besser a lauschtert mol gutt dem Joseph vu science.lu no:

Lauschteren

Art Challenge: Ma wou si se all hin?!

Fir sech ze schützen, hunn d'Figuren aus Konschtwierker sech an eiser Welt installéiert, oder ëmgedréit, kënne mir Mënschen eis an hiren Tableaue verstoppen. Et kéint een och un aner Zenarioen denken: d'Figuren droen all eng Mask, oder si sinn all op Distanz gaangen, zum Beispill!

Méi Informatioune fënnt een op eduart.lu

Méi zum Thema

Klassesall
100,7-Klassesall

Am 100,7-Klassesall kucke mir ënner anerem, wat d'Greta Thunberg eigentlech mécht, mir kréie vun de Bommelen erzielt, d'Renée Weber zielt eis d'Geschicht vun der Ann Spann weider, a mir kréien eng Aufgab.

eidele Klassesall
100,7-Klassesall

D'Julie Treff aus dem Luxembourg City Museum verréit eis, wien de berüümtste Lëtzebuerger war, mir begéinen enger Bommelkinnigin, maachen en Experiment mat Waasser a schreiwe weider un eisem Roman.

Klasseraum
100,7-Klassesall

Am zweeten Dag vun der radio 100,7-Schoul gi mir mam Carmen an den natur musée op d'Spuere vu gëftegen Déieren, d'Renée Weber erzielt eis eng Geschicht vun der Ann Spann an nach villes méi.

Molen
100,7-Klassesall

Am 100,7-Klassesall presentéiere mir en Diktat, awer keent mat Buschtawen a Sätz, nee, mir molen e Bild. Blat a Bläistëfter prett? D'Kyra Thielen vun der Villa Vauban diktéiert.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen