Radioen

On air

Notturno  |  Tele-Port - Reconnect

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grammatikaliséierung

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Grammatikaliséierung

Wat sinn Hëllefsverben a wou komme se hir? D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erkläert, wéi Hëllefsverben eigentlech entstinn.

auto_stories

4 min

Simon Larosche: Iwwer wéi een Hëllefsverb wollts de dann haut eppes soen?

Caroline Döhmer: Fir éierlech ze sinn, geet et net ëm en eenzelt Hëllefsverb u sech, mee dorëm, wéi Hëllefsverben eigentlech entstinn, déi fale jo net vum Himmel.

A wat ass d'Äntwert?

Déi kuerz ass: Well d'Sprooch dynamesch ass a sech Interpretatiounen a Funktioune vu Wierder méi oder manner séier weiderentwéckelen.

Do hate mer dach och schonn eng Episod iwwer de Sproochwandel an de Stau?

Jo, stëmmt! Haut konzentréiere mer eis op d'Hëllefsverben. Dat ass e bësse méi e komplexe Prozess, wéi déi entstinn. An dës Zort vun Entwécklung nenne mer an der Linguistik Grammatikaliséierung.

Grammatikaliséierung. Wat heescht dat genee?

Et bedeit, datt Wierder nei, an deem Fall grammatesch Funktioune kréien. Also kucke mer mol d'Verb "hunn". Als Vollverb bedeit et prinzipiell Besëtz oder en anert relationaalt Verhältnes: ech hunn dräi Cousinen, du hues en neie Brëll, si hunn eng wäiss Kaz.

"Hunn" kann awer och benotzt ginn, fir de Perfekt ze bilden: ech hu giess oder si hunn nach Kaarte gespillt.

Hei ass et dann net méi mam Besëtz verbonnen, mee et huet eng reng grammatesch Funktioun, et weist elo Vergaangenheet un.

A wéi kënnt et zu esou Verännerungen? Also datt esou eng nei Funktioun entsteet?

Dat ass de geheimnisvolle Wee vun der Grammatikaliséierung. An dëse Wee verleeft vereinfacht gesot an 3 Phasen:

  • Phas 1: Déi ursprénglech Bedeitung verblatzt resp. eng nei Bedeitung kënnt op. A bestëmmte Sätz kann de Gebrauch beispillsweis méideiteg sinn an doduerch nei Bedeitunge kréien.
  • Phas 2: D'Wuert gëtt an neie Kontexter mat senger neier Bedeitung agesat an esou ëmmer méi konventionaliséiert. Dobäi kann déi al Bedeitung verblatzen oder och weider parallel bestoen.
  • Phas 3: Kategoriëwiessel: Wierder kënnen duerch den neie Gebrauch an eng aner Wuertaart oder eng nei Ënnerkategorie rëtschen (wéi beispillsweis bei den Hëllefsverben).

Dobäi kann et och virkommen, datt sech déi lautlech Struktur vum Wuert wärend dëse Phasen e bëssen ännert.

A wéi ass dann d'Verb "hunn" vu Besëtz zu Vergaangenheet iwwergaang?

Een Deel vu menger Äntwert huet mat engem Uebstbam ze dinn.

Kléngt spannend!

Startpunkt ass d'Verb "hunn", dat just Besëtz oder Relatioune bezeechent.

E Beleeg aus dem 9. Joerhonnert weist elo eng Bedeitungsvermëschung vu Besëtz an zäitlecher Dimensioun. Ech versichen elo mol den originalen alhéichdäitsche Saz an eng quasi-iwwersate lëtzebuergesch Form ze bréngen, fir et ze erklären. Hei de Saz:

E Figebam huet een [(als) geplanzt(en)] a sengem Wéngert.

(de Participe passé "geplanzt" gehéiert dem originale Sazbau no bei de Figebam)

An hei kann een d'Verb "hunn" souwuel mam Besëtz verbanne wéi mat Vergaangenheet.

An dat heescht?

Enger Persoun gehéiert e Figebam, méi genee e geplanzte Bam ("geplanzt" am Sënn vun engem Adjektiv). Et besteet also eng Verbindung tëscht dem Participe passé "geplanzt" an dem "Figebam". Am Originalsaz huet "geplanzt" och eng Endung wéi eng Adjektiv op där Plaz.

Elo kann een an deem Saz awer och eng Verbindung maachen tëscht dem Verb "hunn" an dem Participe passé "geplanzt": en huet de Bam geplanzt. A schonn huet d'Verb eng grammatikalesch Dimensioun ugeholl: déi vun der Vergaangenheet. Hei eebe mam Resultat, datt de Bam geplanzt gouf.

Wow, op deen Ënnerscheed wier ech lo net sou séier komm.

Dat ass insgesamt natierlech e relativ komplexe Prozess, deen ech hei net am Detail kann erklären, mee grad bei den Hëllefsverbe ass et eeben esou, datt hire Gebrauch ëmmer méi abstrakt gëtt.

Dat gëllt och fir aner Sproochen. Also "wëllen" ass am Lëtzebuergesche beispillweis e Verb, dat e Wonsch ausdréckt (ech wëll eng Glace), mee am Engleschen ass "will" e Verb, dat och de Futur ausdréckt (you will be surprised).

I AM surprised! An dat leeft a verschiddene Sproochen einfach anescht of?

Dat ass esou, well de Kontext an och d'Bedeitungsnuancen an all Sprooch eeben anescht sinn an do dann aner grammatesch Prozesser oflafen an deelweis anescht grammatikalsiéiert gëtt.

Hei leeft elo leider näischt méi, well mer si schonn um Enn fir haut. Mir soen der Merci fir dës Erklärungen an hoffen, dech geschwënn nees ze héieren!

Merci och a bis geschwënn!