Radioen

On air

Notturno  |  Kuston Beater - Vata Pitta

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gëtt et e Liewen nom Corona?

Prisma

Gëtt et e Liewen nom Corona?

Am Prisma vu virun engem Mount gouf et e Bäitrag iwwer d'Zukunft. Haut gëtt et dës Zukunft net méi. Trotzdeem kann een och haut, matten an enger Kris, wéi se déi meescht vun eis nach ni erlieft hunn, doriwwer nodenken, wat Kris fir eis Gesellschaft bedeite kann. Et ass de Versuch, dat, wat mer de Moment erliewen a Wierder ze faassen, an eenzel Aspekter vun deem, wat dës Corona-Kris mat eisem Denke mécht, erauszepicken an doriwwer nozedenken.

auto_stories

8 min

Virun engem Mount hunn ech hei ob der Antenn iwwer d'Theema Zukunft geschwat. Dee Moment wosst ech natierlech nach net, datt et, knapp véier Wochen duerno, d'Welt, wéi mer se bis dato kannt hunn, esou net méi géif ginn.

De Moment schwätzt dann och kee méi iwwer Innovatiounen, mee alles wat eis Gedanke beherrscht ass de VIRUS, a seng Auswierkungen, ob eist d'Zesummeliewen an eisen Alldag. Dobäi kennt d'Angscht, déi zur Zäit eist Liewe bestëmmt. Mattendran ass et wa méiglech nach ze fréi, fir genuch Distanz ze fannen, fir dëse Moment, dee mer hei alleguerte materliewen, philosophesch ze deiten. Dobäi ass dës Experienz fir sech schonn eng philosophesch, einfach doduerch, datt et ee Broch gouf, mat eisem Alldag, mat allem, wat mer bis elo erlieft hunn. Dobäi kommen déi ganz existenziell Ängschte geneesou wéi d'Angscht virun der Ongewëssheet. Kee Mënsch kann de Moment soen, wéi et weidergeet, wéini d'Isolatioun eriwwer ass, a wéi een Impakt dat Ganzt op d'Wirtschaft an op d'Gesellschaft wäert hunn.

Et ass nach ze fréi fir den Impakt, deen dës Kris op d'Gesellschaft wäert hunn, kënnen ofzeschätzen, mee et kann een awer probéiere verschidde Phenomeener ronderëm an de Bléck ze kréien. Besonnesch a Verbindung mat der Fro, wat dës Kris fir eis Zukunft ka bedeiten.

Fir d'éischt e Bléck op d'Isolatioun

Wat ugefaangen hat mam Social Distancing, ass an Tëschenzäit verschäerft ginn, mat der Opfuerderung am beschte komplett doheem ze bleiwen. Mir hunn deemno Grondrechter, wéi Beweegungsfräiheet, Reesfräiheet, asw., déi mer virdru fir näischt an der Welt hierginn hätten, aus gudde Grënn, fräiwëlleg opginn. An Europa konnt dat dann och alles am Kader vun der Rechtsstaatlechkeet geschéien, wat an Zäite vun Individualismus a Fake News net ze ënnerschätzen ass.

Mat enger den Europäer dach friemer Krichsrhetorik gouf dann och hei an eisen Nopeschlänner de Bierger erkläert, wat de kollektiven Enjeu vun dëse Moossnamen ass. Sou erkläert Frankräich dem Virus de Krich, an och aner Politiker spueren an hire Rieden net mat Krichsmetapheren.

Wat fir Defien an Aussiichte bréngt déi Isolatioun mat sech?

Deen éischten ass natierlech d'physesch Distanz, déi tëschent de Leit entsteet. Hei ass de Begrëff vum Social Distancing och net richteg, well dat Soziaalt, ënner anerem duerch d'Digitalisatioun éischter méi wéi manner gefleegt gëtt. D'Digitalisatioun erlaabt et an där Hisiicht och een Deel vun eise Grondbedierfnisser, wéi deen no sozialer Nähe a Stéck wäit ze befriddegen.

Eng Konsequenz fir d'Zukunft, déi een awer duerch dat verstäerkt Notze vun digitale Medien elo scho ka prophezeien, dat ass eng extrem Beschleunegung vun der Digitalisatioun an all hiren Aspekter: z. B. bei der Konzeptioun vu Schoul, der Ëmsetzung vun Teletravail, der Digitalisatioun vum Akafen oder dem sozialen Interagéieren um Netz. Wien huet net déi lescht Deeg un enger Videokonferenz deelgeholl, eppes online bestallt oder vun doheem aus geschafft, falls dat méiglech war. Et kann een dovun ausgoen, datt dës Technologië sech weider wäerten duerchsetzen an och no der Kris wieder wäerte genotzt ginn. De Prozess vun der Digitaliséierung vun eiser Liewenswelt wäert duerch dës Krise staark beschleunegt ginn. Ob dëst elo positiv oder negativ wäert sinn, ass schwéier ofzeschätzen.

E Beispill fir d'Digitaliséierung kéint déi verstäerkt Automatiséierung vu Produktiouns- a Konsumprozesser, sinn. Sou schéngt et licht virstellbar, datt grouss Firmen nach méi drusetze fir méi onofhängeg ze ginn, vum Mënsch, am Produktiouns- a Verdeelungsprozess. De Mënsch hei als potentiell geféierlech fir all anere Mënsch a sech selwer. Eng automatesch Kees kann dogéint net krank ginn a stécht och kee mam Virus un. Do wou et technesch machbar ass, kann et gutt sinn, datt d'Helde vun haut dann d'Verléierer vu muer sinn.

E weidert Beispill wier d'Boergeld, da als potentiell Vireschleider der Kris zum Opfer fale kéint, wat an anere Länner wéi Schwede längst Realitéit ass.

Alles an allem kann een dovun ausgoen, datt déi digital Innovatiounen, déi a mengem leschte Prisma opgezielt goufen, wéi Kënschtlech Intelligenz, Big Data an d'Uberiséierung, duerch dës Kris eng Beschleunegung wäerte kréien, mat alle Konsequenzen, déi dës fir d'Gesellschaft wäert mat sech bréngen.

Entschleunegung an aner Ideologien

Ob där anerer Säit ass d'Konsequenz vum Doheembleiwe fir vill Leit awer och eng komplett nei Erfarung, déi ee vläicht e bëssen euphemistesch als "Entschleunegung" bezeechne kann. Et ass kloer, datt fir ganz vill Leit d'Aarbecht doheem ee grousse Stress ass. Datt fir anerer, déi sech, de Moment, an essentiellen Beruffer, fir eis an d'Gesellschaft dropmaachen, dëse Begrëff scho bal als Frechheet muss dohierkommen. Datt wann Dausende stierwen, oder ëm hir Gesondheet fäerten, eng duerch Selbstduerstellungen a sozialen Netzer vill gelueften "Entschleunegung" dës Realitéit vläicht wëllt oder muss ausblenden.

Trotzdeem ass et ee Phenomeen, deen ee sech ukucke kann.

2.1. D'Erfarung "Entschleunegung"

"Entschleunegung" beschreift deemno d'Erfarung vu Stëllstand. Dem Stoebleiwe vum Hamsterrad. D'Mënsche sinn doheem an hunn op eemol Zäit. Zäit fir iwwert sech nozedenken, Zäit fir ze liesen, Zäit fir Zäit mat de Kanner ze verbréngen. Zäit fir am Gaart ze schaffen. Zäit fir kreativ ze sinn. De Stëllstand betrëfft awer hei net just een Eenzelen, wéi dat z. B. bei der Diagnos vun enger schwéierer Krankheet de Fall wier, mee et betrëfft e groussen Deel vun der Gesellschaft. De Stëllstand gëtt dann och vu ville Mënschen als angeneem empfonnt, ob jiddwer Fall nach elo, an enger Ufankszait vun deser Kris. D'Besënnen op d'Famillen, d'Besënnen op sech als Individuum, d'Besënnen awer och op sech als kierperlech fragilt Wiesen, also de Fokus op d'Gesondheet, stinn hei am Mëttelpunkt.

2.2. Retour aux vraies valeurs

Aus dëser Erfarung ginn elo verschidden optimistesch a vläicht a bëssen utopesch Iddien ervir:

Déi éischt wier déi vum Retour aux vraies valeurs. Also d'Iddi, datt dës Zäit vun Entschleunegung eis méi bewosst mécht, ëm wat et am Liewe geet. Eis Famill an d'Familljeliewe méi schätze léisst. Eis kloer mécht, wéi fragil eis Welt awer ass. Am Idealfall soll dës Realisatioun dann och handlungsinitiéierend sinn an dozou féieren, datt mer och no der Kris, no dësen zeréckentdeckte Wäerter liewe wëllen. D'Erfarung vun der Fragilitéit vun eise Fräiheeten, eiser Gesondheet, eisem Luxus, sollt dann och dozou féieren, datt mer dës och am Alldag nees nei schätze léieren.

E weidere Phenomeen ass déi déif kränkend Erfarung vun Hëlleflosegkeet géigeniwwer der Natur. An enger Zäit, déi gepräägt ass vu Fortschrëtt, vu méi Technik, méi Konsum, méi Fräiheet, méi méi méi méi, kënnt elo en natierlech entstanene Virus, géint dee mer näischt maachen kënnen. Keng technesch Erfindung oder Entwécklung konnt em bis elo bäikommen. De Mënsch zeréckgeworf a seng Urangscht, als Opfer vun enger potentiell geféierlecher Natur, déi mat allen Mëttele muss dominéiert ginn. Déi erhoffte Konsequenz aus dëser Erfarung ass fir vill Naturschützer d'Erkenntnis, datt de Mënsch eben net Meeschter ass iwwer d'Natur. Datt den Horrorzenario vun der Klimaerwiermung eben net kann duerch technesch Innovatioune begéint ginn. An datt de Pausebutton, deen de Corona de Moment fir d'Wirtschaft, d'Reesen, de Konsum an domat och fir d'Ëmweltverschmotzung gedréckt huet, et erméiglecht ze erkennen, wéi een Impakt eist Verhalen op d'Ëmwelt huet. Bekräftegt ginn dës Iddie vu Biller, ob Fake oder net, vun Déieren, déi nees ob Plazen zeréckkommen, wou de Mënsch se verdriwwen huet.

Ob déi zwou genannten Iddie sech wierklech duerchsetzen an zu engem Gesënnungswandel bei de Mënsche féiert, ass de Moment nach schwéier anzeschätzen, besonnesch well alles dofir schwätzt, datt mer eréischt um Ufank sti vun enger weltwäiter Kris. Ob déi wierklech dozou féiert, datt déifverwuerzelt Mechanisme ronderëm Konsum an Individualismus wäerten a Fro gestallt ginn, et weess een et net. Au même prix kéint eng Wirtschaftskris, déi no der Corona-Kris kéint kommen, all Beméiungen ëm Ëmwelt a klimafrëndlech Entwécklung ausbremsen, well et iergendwann dann awer just nach ëm d'Kuuscht geet.

Dat Selwecht kann ee beim Zeréckkommen op déi wesentlech Wäerter fäerten. Wann een ëm säin Auskommen, säi Loyer, säi Luxus muss fäerten, ass dat Wesentlecht da séier just nach d'Aarbecht an d'Pai.

Op där anerer Säit kann ee sech och einfach virstellen, datt eng Gesellschaft, déi op Saachen huet misste verzichten, duerno grad déi Saachen nach méi staark verfollegt wéi virdrun: d'Shoppen, d'Vakanzen, d'Autofueren, de Fitness, d'Concerten, de Mannschaftssport asw. Näischt deit de Moment drop hin, datt no warscheinlech e puer Méint doheem, d'Leit sech drop besënnen, wéi flott et doheem ass, a si elo nach méi Zäit mat der Famill wëllen hunn.

Och wann déi hei kritiséiert Virstellunge vläicht onrealistesch sinn, da schénge se de Moment awer eng wichteg Roll ze spillen fir deem, wat mir de Moment materliewen, ee Sënn ze ginn. Sënn hëlleft fir mat der omnipresenter Angscht ëmzegoen. Eng Angscht, op déi mer haut och net weider agoe konnten.

Wat ee festhalen kann ass, datt dës Kris en Impakt wäert hunn op grondleeënd Entwécklunge vun eiser Gesellschaft. Kris heescht jo ëmmer och Verännerung an Ëmbroch vu grondleeënde Strukturen a Fonctionnement. Wie weess, ob d'Solidaritéit, déi een de Moment vill gesäit, den Zesummenhalt an d'Hëllef ënner Noperen, d'Unerkennung vun dacks verkannte Beruffsgruppen, net awer dozou bäidroen, datt dës Kris eng Chance fir eis all duerstellt.