Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Edsun - Until Tomorrow (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gëtt et dee perfekte Synonym?

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Gëtt et dee perfekte Synonym?

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eppes iwwer Synonymmer a Sproochwandel.

auto_stories

5 min

Simon Larosche: Dat sinn awer zwee grouss Theemae fir eis kleng Rubrik!

Caroline Döhmer: Do ginn ech der absolut Recht. Ech versichen déi ganz Thematik vu sproochleche Verännerungen eng Kéier kuerz ze skizzéieren.

Fänke mer mol mat dëser Ausso un: Sprooch ass redundant. Mir widderhuelen eis, mer hu vill Wierder, fir iergendwéi déi selwecht Saachen ze soen. An do komme mer bei d'Synonymmer. Speechelen a Sommersprossen, beurteelen a jugéieren, Mutt a Courage, Sarg an Doudelued asw.

Zwee Wierder kënne wonnerbar parallel existéieren. Bei de Funktiounswierder kënne se och absolut parallel Funktiounen hunn: Kuck emol den "dass" an den "datt". Dës zwou Subjunktioune koexistéieren, an et gëtt keen Ënnerscheed an hirer Funktioun.

Dat Theema hate mer schonn, oder?

Jo, iwwer den "dass" an den "datt" hat ech effektiv scho geschwat. An et ass einfach spannend, datt oder dass sech béid Formen am System halen.

Fir mol bei de Subjunktiounen ze bleiwen, hei en anert Beispill: de "wann" an de "falls". Ech krut och scho mat, datt Leit sech iwwer de Gebrauch vu "falls" am Lëtzebuergesche beschwéieren. Mee do schéngt et eng Nuance ze ginn. "Falls" ass manner probabel, also méi hypotheetesch, a wann dat déi Nuance ass, déi dem Spriecher beim "wann" feelt, an dat da villen anere Spriecher d'selwecht geet, da kommen nei Formen an d'Sprooch eran. Hei géife mer dann och net méi vun engem perfekte Synonym schwätzen. A wann een elo 100 Leit géif froen, da kéime bestëmmt deelweis aner Nuancen, well d'Sprooch einfach ëmmer an enger bestëmmter Dynamik ass.

Nach eng Kéier vu vir: E Wuert kënnt an de Sproochgebrauch eran, existéiert fir eng bestëmmten Zäit vläicht als Synonym an duerno setzt et sech duerch, well et méi praktesch ass oder méi Prestige kritt, oder well et eng nei Nuance unhëlt. Oder et verschwënnt nees, well et just eng Zort "Trendwuert" war.

Hues de vläicht een oder zwee Beispiller fir nei Synonymmer?

Kloer! Seet een "downloaden" oder "eroflueden"? Wat gouf et fir d'éischt, a wäert ee Verb sech duerchsetzen? Hunn d'Leit aktuell eng Preferenz? Wéi bewäerte si déi aner Form? Oder si se absolut gläichwäerteg?

Geet ee "klammen", "kloteren" oder "kletteren"? Wäerten déi dräi Verben éiweg koexistéieren oder ass dat eng Phas an eent oder zwee setze sech duerch? Ass et Schäffchen, Uewen oder Bakuewen?

A wien decidéiert, ob e Wuert Prestige huet, oder ob et sech duerchsetzt?

Also esou eppes entsteet jo am Prinzip vu bannen eraus, also an der Sproochgemeinschaft, an der Sproochpraxis vun de Leit. Dat ass schwéier ze dirigéieren, a fir de Linguist och schwéier virauszesoen. Deelweis och net esou einfach, et ze begrënnen.

Kenns de dat, Simon, wann et Stau op der Autobunn gëtt.

Jo, zu Lëtzebuerg kënnt dat dacks vir.

Maja, du stees am Stau an no enger hallwer Stonn léist de Stau sech op, an et erkennt een net, wat eigentlech den Ausléiser war. Et wierkt, wéi wann de Stau ouni Grond entsteet. A Wierklechkeet bremst een, deen een aneren ausbremst, bei deem deen hannendru bremst a ganz hanne gëtt esou vill gebremst, datt d'Autoe stinn. Hei kann een de Verglach mam Sproochwandel maachen. Ee benotzt eng Form (aus wéi engem Grond och ëmmer), duerno nach een, an nach an nach an nach an duerno ass déi Form iwwerall ze héieren a kee weess, wéi se am Fong an de System erakomm ass. Hei spillen natierlech vill Facteuren eng Roll, mee am Lëtzebuergesche fënnt ee jo eng Rei Léinwierder aus anere Sproochen. Da waren déi fir vill Leit einfach passend fir dat, wat si wollten ausdrécken. Dat geschitt meeschtens ganz onbewosst. A wann dat ville Leit esou geet, dann etabléiere sech Saachen. Déi awer och nees kënne verdrängt ginn oder hir Bedeitung änneren.

Eng aner Metapher fir de Sproochwandel sinn Ofkierzungen duerch Wisen, also datt een net iwwer den Trottoir geet, mee eng Ofkierzung iwwer eng Wiss oder duerch eng Heck hëlt, an iergendwann entsteet do en Trampelpad, deen eventuell duerno nach Pawee kritt. An och dat ass vergläichbar mam Sproochwandel.

Kanns de eis dat Bild méi genee erklären?

Obwuel et schonn e Wee gëtt, huelen d'Leit eng Ofkierzung, well hinnen dat méi praktesch schéngt oder méi sënnvoll. A wann ee matkritt, datt do schonn ee gaangen ass, an dat no engem bessere Wee ausgesäit, da geet deen och do driwwer. A wann dat e puer Leit all Dag maachen, da wiisst do kee Gras méi, mee et gëtt e Pad, wat nach méi Leit invitéiert doriwwer ze goen.

An esou kommen nei Wierder an Ausdréck an d'Sprooch. Dat ass wéi gesot meeschtens en onbewosste Prozess. An natierlech ginn et och Leit, déi um Asphalt vum Trottoir festhalen a soen: "Jo, mee mer haten dach schonn dee gudden Asphalt! Maacht dach net déi Wiss futti! Dee Pad brauche mer guer net!". Mee et wiisst kee Gras méi do, an d'Leit hu sech deelweis schonn ugewinnt, do ze goen. Et kann awer duerchaus sinn, datt de Pad an dee laangen Asphaltwee niefteneen existéieren a jiddweree benotzt dee Wee, deen him am beschte gefält. Oder de Pad duerch d'Wiss kritt op eemol Pawee, an d'Leit gi just nach iwwer de Pawee, ouni ze wëssen, datt dat fréier eng Wiss war, déi d'Leit ni benotzt hunn, well si ëmmer de laange Wee gaange sinn.

An do wäerten déi eng soen: "Wéi schiel, dee laange Wee ze goen, dat mécht guer kee Sënn!" An anerer soen: "Kuck, wéi d'Leit d'Wiss futti maachen, mer sinn dach jorelaang mam asphaltéierte Wee gutt gefuer! Dee kann een dach nach weider benotzen."

Ech ka mer déi Diskussioun och richteg bei der Sprooch virstellen.

Jo, a weess de wat? Béid Positiounen hunn op hir Aart a Weis Recht, mee mat Virwërf kënnt ee just net wäit. Dat ass einfach d'Dynamik vun der Sprooch a vum Sproochwandel. Dat kann ee gutt oder schlecht fannen. Mee ech fannen et op alle Fall spannend.

A mir si frou, wa mir déi spannend Saachen erkläert kréien!