Radioen

On air

Notturno  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Generatioun 2020

Prisma

Generatioun 2020

D'Wuelbefanne vun de Jugendlechen huet duerch d'Corona-Pandemie staark gelidden. Dëst héiert een zumindest vun ëmmer méi Säiten an Experten. Déi Jonk selwer héiert ee momentan allerdéngs relativ wéineg, wann et em hiert Wuel an hir Zukunft geet. An dobäi ass d'Jugend jo awer déi Generatioun, déi angeblech haart a rebellesch ass. Mee wourun kéint dat dann leien? Hu si vläicht einfach näischt ze soen? Kritt een et net esou mat? Oder trauen si sech net? Oder si si grad amgaang roueg ënnerzegoen, wann et ëm hiert Wuel an hir Zukunft geet?

auto_stories

6 min

"Die Jugend liebt heutzutage den Luxus. Sie hat schlechte Manieren, verachtet die Autorität, hat keinen Respekt vor den älteren Leuten und schwatzt, wo sie arbeiten sollte."

Et kéint ee mengen, datt et sech bei dëse Wieder ëm eng Kritik un der Jugend aus eiser Zäit handelt. Mee nee, et ass en Zitat vum griichesche Philosoph Sokrates em 469 viru Christus. Geännert huet sech awer bis elo net wesentlech vill, d'Kritik ass ëmmer nach déi selwecht, bezéiungsweis de Ruff vun de Jugendlechen ass nach ganz änlech.

Och haut gëtt de Jonken nogesot, keng Wäerter méi ze hunn, just nach u Markekleeder an Handyen interesséiert ze sinn, souwéi kee Respekt virun de Proffen an hiren Elteren ze hunn. En plus kënne se och net méi anstänneg schreiwen, de Niveau geet just nach biergof.

Dat klengt vläicht e bëssen iwwerspëtzt, an awer sinn dat sou Sätz, déi ee mol lénks a riets sou matkritt, wann sech iwwer d'Jugend vun haut ausgelooss an opgereegt gëtt. A wann ech sou u meng Jugendzäit zeréck denken, da war dat och net ganz vill anescht.

Net ëmmer konform si mat alle Reegelen a Sitten, anerer Meenung sinn, sech vun der eelerer Generatiounen ofgrenzen: zeechent net genee dat d'Jugend aus? An ass dat ëmmer eppes Verwerfleches, wann ee manifestéiert - gär och mol bësse méi haart - wann ee mat eppes net d' Accord ass?

Riichte mer e kuerze Bléck op bestëmmte Jugendkulturen, déi et sou an der Vergaangenheet gi sinn. An zwar mat der Fro am Hannerkapp, wat si, trotz den Ënnerscheeder, déi si ausmaachen, beweegt huet a wat si gemeinsam hunn.

Beispill: d'Hippien an d'Punks

Ech picke mer lo mol e puer eraus, déi wuel och deene meeschte bekannt misste sinn. Ech fänke mat de 60er Joren un, mat de sou genannten Hippien. Sou verbënnt ee mat dëser Beweegung laang Hoer, Blummen, faarweg Kleeder an, net ze vergiessen, déi onvergiesslech Musekslegende wéi den Jim Morrison an d'Janis Joplin.

Si hu sech kloer géint de Krich ausgedréckt an hu sech fir e friddlecht Liewen a fräi Léift agesat. Donieft awer och fir d'Legaliséierung vun Drogen, wat hinnen dann och de Ruff vu faulen an drogesüchtegen Taugenichts verpasst huet. Trotzdeem hu si sech géint eng eeler Generatioun mat hiren traditionelle Wäerter an Denkmusteren opgeleent an hu fir méi Fräiheet a Rechter gekämpft.

An och d'Punkbewegung an de 70er wosst mat engem extravagante Kleedungs- a Museksstil ze provozéieren an der Welt ronderëm de Sténkfanger ze weisen. "I wanna be! Anarchy!" fir et mam Sid Vicious auszedrécken. Haaptsaach d' Spießgesellschaft schockéieren, Spaass hunn, anescht si wéi de ganze konforme Rescht vun der Gesellschaft.

Dat richt jo förmlech no Jugend oder it "smells like teen spirit" wéi et dunn 1991 bei Nirvana geheescht huet. Mee lo si mer schonn e gudde Schratt no vir gaangen.

Och wann et nach eng ganz Partie aner Jugendkulture ginn, sou kann ech se lo leider net all erwänen. Festhale kann een awer bis heihin, datt all déi duergestallte Jugendkulture gemeinsam hunn, datt se sech wollten däitlech offierwe vu bestoenden Denktraditiounen a -musteren, an, virun allem, datt si sech fir hir Zukunft wollte staark maachen.

An d'Jugend haut?

No dëser klenger, vläicht fir den een oder aneren nostalgesch, Rees an d'Vergaangenheet lande mer sou lues erëm an eiser Zäit: 2020. D'Fridays for future hunn en Hauch vun dem opliewe gelooss, wat mer als eng Aart Protestbeweegung kënne bezeechnen: D'Jugend, déi op d' Strooss geet fir sech fir eng besser Zukunft anzesetzen. Fir en Ëmdenken an der Klimapolitik. Fir sech selwer, awer och fir déi zukünfteg Generatiounen. An do koum Corona. An do war et bemol ganz roueg.

Ech wëll heimat elo net déi Jonk zu enger grousser Rebellioun opruffen. Wat mech just e bësse verwonnert ass, datt een ëmmer méi vu Fuerscher an Experten héiert, wéi staark déi Jonk, virun allem mental, ënner der Pandemie leiden, mee ee si selwer kaum héiert. Wou sinn eis Jonk? Wat ass mat hirer Stëmm geschitt?

Et stellen sech mir an dësem Kontext direkt e puer Froen: Hu si vläicht einfach näischt ze soen a kee Bock? Oder traue se sech net? Dat well se mengen, et wier lo net de Moment fir sech ze bekloen a Froen ze stellen. A se fäerten, stigmatiséiert ze ginn als eng Generatioun vun Egoisten an Ignoranten, déi just Party a Spaass am Kapp hunn. Oder deele si sech duerchaus op verschidden Aart a Weise mat, mee et dréngt net genuch un d' Uewerfläch?

Well wa mer zeréck un d'Hippie- an d'Punkzäit denken, sou hunn déi jonk Generatiounen duerchaus selwer Weeër fonnt fir sech auszedrécken a matzedeelen. An et sinn am Prinzip net déi Erwuessen, déi de Jonke fir d'éischt eng Plattform geschaf hunn. Géif do net och éischter grad de méi rebelleschen, jugendlechen "do it yourself" Geescht verluer goen?

D'Jugend an der Pandemie

Verschafe mer eis awer mol e klengen Abléck an de Jonken hiren Alldag vun haut. Homeschooling, dat heescht de Gros vum Dag hanner engem Bildschierm verbréngen, eventuell op enkem Raum mat der Famill hänken oder eleng, isoléiert an der Kummer setzen. Jee nodeem, ob se an der A- oder B-Grupp sinn, kënne se dann an d'Schoul, wou den Alldag sou normal wéi méiglech soll oflafen.

Dat heescht an dësem Fall, sech just op verschidde Platze kënnen ophalen, Ofspärungen, Verbuetsschëlter, de Feiler nogoen a méiglechst Distanz halen zu senge Kolleegen. Sou fannen zwar allgemeng och Aktivitéite fir déi Jonk statt, mee natierlech limitéiert an ënner strenge Mesuren an Aschränkungen. E klenge Liichtbléck an Ofwiesslung am Dag, mee wuel nach wäit ewech vun dem, wat mer als normal bezeechnen.

Et kéint ee jo lo soen, datt dat alles net esou wëll ass, et muss een einfach bëssen op d' Zänn bäissen - zwar scho gläich e Joer - well et muss eben elo jiddwereen säin Deel dozou bäidroen a solidaresch sinn. Mir kennen den Discours.

Mee Moment! Et geet hei net just ëm e bësse manner Spaass am Liewen hunn a seng Kolleegen net gesinn. Nieft dem ganze Verzicht op all déi Saachen, déi eigentlech zum jonk sinn dozou gehéieren a fir d'erwuesse gi wichteg sinn, hänkt déi grouss Fro an der Loft, wéi et viru geet a wat fir Perspektive sech fir d' Zukunft erginn. Ausbildungen, Léierplazen, e Studium a schliisslech Aarbechtsplazen hänken och hei mat drun, an do schwätze mer jo lo awer vun existenzielle Suergen, Ängscht an Aboussen.

An et sollt een dobäi och net vergiessen, datt déi Jonk vun haut déi Erwuesse vu muer sinn. Et geet hei ëm d'Zukunft vun enger ganzer Generatioun, ech nennen se lo mol d'Generatioun 2020. An et ass hiert gutt Recht, hier Stëmm ze notze fir Froen ze stellen an sech ze manifestéieren am platz roueg ënner ze goen.