Frëscht Uebst a Geméis liwwert eis normalerweis déi Quantitéit Vitaminn C, déi mir brauchen. E gesonde Mënsch brauch ongeféier 100 mg Vitaminn C pro Dag. Mir fannen dës net nëmmen an der Zitrusfruucht, mee och an anerem Uebst a Geméis.
Fir déi meescht Vitaminnen notzen ze kënnen, ass et wichteg, frëscht Uebst a Geméis aus der Regioun anzekafen. Dofir si mir och un d'Saisone gebonnen. Elo, am Mount Mäerz z. B. ass d'Offer vun frëschem Uebst net immens grouss, mir hunn haaptsächlech Äppel a Bieren aus einheimescher Lagerung.
Als Geméis fannen mir z. B. nach Chiconen, verschidden Zalotenzorten a Poretten. Wa mir niewent dem Uebst nach frëscht Geméis iessen, ass eisen Vitaminnbedarf gedeckt.
Normalerweis huet ee kee Mangel u Vitaminn C
Et gëtt gesot, datt Vitaminn C virun Erkältunge schützt. Duerch Studie konnt awer net bewisen ginn, datt Leit, déi zousätzlech Vitaminn-C Preparater zou sech huelen, manner Erkältunge kréien. Ënner normalen Ëmstänn kennen mir heizuland kee Mangel kréien, well mir stänneg Zougang zu frëschem Uebst a Geméis hunn.
En Iwwerschoss u Vitaminn C, wat eng waasserléislech Vitaminn ass, gëtt iwwer d'Nieren ausgescheet. Ganz beléift si jo och Smoothien aus Uebst an/oder Geméis. Ob déi elo eng gutt Alternativ zu der frëscher Variant sinn, kucke mir zesummen da muer.