Radioen

On air

De Moien  |  Lucy Rose - Over When It's Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fräiheet an der Molerei

Sot Emol

Fräiheet an der Molerei

Den Eric Mangen ass e Kënschtler, dee prinzipiell an onkonventionell op grousse Formater schafft, vill am ëffentleche Raum, een Artist deen aus Fassadë Konschtwierker mécht.

auto_stories

2 min

Seng faarweg Wierker sinn Enn der 90er op ëffentleche Plazen opgetaucht. De Lëtzebuerger, gebuer 1983, ass en Autodidakt, e Fan vum learning by doing. Den akademeschen Deel vun der Schoul huet hien ni wierklech inspiréiert - an dach war et um Wee aus der Schoul, wou hie fir d'éischte Kéier a Kontakt mat Streetart koum.

Hien huet e Kënschtler um Chantier vun der Schoul gesinn, deen amgaange war op eng Mauer ze molen. Fir den Eric Mangen war dat eng "Erleuchtung":

"Ech wëll dat do maachen, ech wousst nach net wéi ech dat géing maachen, mee ech well dat do maachen. Dat ass déi éischte Kéier wou ech dat ganz kloer konnt soen. Vun do un ass et nëmme just virugaangen. Do ass eng nei Dier opgaangen, eng nei Welt."

"Et geet ëm de ganze Schaafensprozess"

2008 zitt et den Eric Mangen dann op Barcelona, an d'It-Stad vum Graffiti, fir sech vun anere Stroossekënschtler inspiréieren ze loossen.

Den Eric Mangen produzéiert all Joers eng nei Ausstellung, an evoluéiert um Niveau vun der Technik esou wuel wéi um Niveau vun der Reflexioun. Seng Wierker gi reegelméisseg a Konschtgalerien ausgestallt:

"Ech produzéiere mega vill, well ech dat a mer hunn. Produzéieren ass e negatiivt Wuert, wëll et ass kee Produkt. Dat wat ech molen, dat Bild wat duerno eraus kënnt ass e Produkt. Mee et geet net - wéi d'Leit oft mengen - ëm dat Bild. Et geet ëm dee ganze Schaafensprozess."

Ob mat Spraydousen, Feierläscher, Pinselen, dem Eric Mangen seng Konscht geet vun Abstraktem bis hin zur Figuratioun, iwwer Superpositioun vu Materialien. All seng Biller sinn eng Expressioun vu senger perséinlecher Evolutioun.