100,7-Klassesall Fossilien, Lurchen an e Kompass
Et gëtt spannend am leschten 100,7-Klassesall virun der Vakanz, a ganz besonnesch spannend gëtt et am fënnefte Kapitel vun eiser Geschicht, déi de Roland Meyer mat Iech, léif Kanner, zesumme schreift.
Hallo, léif Kanner, a wëllkomm am leschten 100,7-Klassesall virun der Ouschtervakanz. Mee Ouschtervakanz heescht elo awer net, datt den 100.7-Klassesall och Vakanz mécht, op kee Fall, mer sinn déi nächst Woch an déi ganz Vakanz natierlech fir iech um Dill. Mee elo awer zum Klassesall-Programm vun haut.
News for Kids
Gëschter huet de Schoulminister Claude Meisch op enger Pressekonferenz gesot, datt d'Schoulen zu Lëtzebuerg op d'mannst bis de 4. Mee nach zoubleiwen. Mee den Unterrecht geet awer virun, ausser elo wärend der Ouschtervakanz. A wat de Schoulminister nach fir weider Iddien hat, dat erkläert iech elo d'Carole Schimmer aus der Noriichteredaktioun.
Vu Fräschen a Molchen
Zanter bal dräi Woche bleiwe mer elo schonn doheem an eisen Haiser fir net mam Coronavirus ugestach ze ginn. Wat maachen dann déi sëllege Lurchen an dëser Zäit? Dat weess d'Françoise Theisen aus dem natur musée ganz gutt, an dobäi gi mer och gewuer, wéi aus engem Kauzekapp um Enn e Fräsch gëtt.
E Bild beim Mier
Haut ass emol erëm Zäit fir e Bilddiktat an d'Kyra aus der Villa Vauban huet eis e ganz extrat Bild matbruecht, dir wäert nach staunen. Ouni ze vill ze verroden, fanne mer op dësem Bild: d'Mier, d'Plage an e Bouf, mee d'Kyra weess dat vill besser. Also: Blat, Bläistëft a Faarwen a lass!
Vergiesst net eis Är Zeechnungen anzeschécken. Op klassesall@100komma7.lu oder iwwer WhatsApp: 621440044
Wann een den Norde verluer huet
Ech hoffen, datt dat ni engem geschitt, mee stellt iech emol vir: Der stitt matten an engem Bësch, an dir wësst et méi wouhinner et geet. Deen Ament kann engem e Kompass hëllefen. Mee éierlech, wie vun eis huet dann ëmmer e Kompass bei sech. Wuel déi mannsten! Mee dat ass net schlëmm, dofir hu mer jo de Mister Science. An de Mister Science erkläert a weist eis haut, wéi ee selwer kann, mat nëmmen e puer klengen Hëllefsmëttel, e Kompass bauen. De Video, wéi de Mister Science dat mécht, kënnt dir och op science.lu kucke goen.
D'Welt vun de Fossilien
Fir d'100,7-Aufgab vum Dag, zesumme mam SCRIPT, gi mer op de Spuere vun den Dinosaurier, an do virun allem vun de Fëschsaurier. Déieren, déi deemools am Jura-Mier am Süde vun eisem Land gelieft hunn. D'Challenge fänkt domat un, datt dir, Kanner, mat op e Chantier geholl gitt, wou Ausgruewunge gemaach goufen, an d'Leit vum natur musée hunn, fir dat ze weisen, flott Fotoe vu Fossilien, déi zu Lëtzebuerg fonnt goufen, erausgesicht. An domat verbonnen hu si sech och ganz flott Aufgaben ausgeduecht, déi fir verschidden Alterskategorië gëllen, vun de klenge Kanner aus dem Cycle 1-2, bis bei Lycéesschüler. An d'Aufgabe fannt dir op schouldoheem.lu.
A si versprieche schéi Präisser bei dëser Challenge, esouguer richteg Fossilien. Wann dir är Aufgabe gemaach hutt, da brauch dir se just op challenge@script.lu eranzeschécken, an dir hutt Zäit bis de 24. Abrëll.
5. Kapitel vun ärer Geschicht
Et gëtt ëmmer méi spannend am Buch, dat DIR zesumme mam Roland Meyer schreift.
D'Sunni an de Raphael hunn hir dräi Frënn - Nadine, Alex an Tun net méi fonnt, a sech net direkt an d'Hiel eragetraut ... ëmmer nach op der Sich no deem "anere" Wiesen, där Gestalt, déi d'Sunni am Ufank vun der Geschicht erbléckst hat ... si si wuel awer an d'Hiel geroden?
Lauschter dat 5. Kapitel vun ärer Geschicht, liest nach eemol, wann dir wëllt. An da loosst är Fantasie mol weiderspillen, léif Kanner, a schéckt eis är Iddien eran op klassesall@100komma7.lu.
De Méindeg schwätze mir dann nees mam Roland Meyer iwwer är Iddien, wéi mer d'Buch ronderëm d'Sunni a seng Frënn kënne weider schreiwen.