Radioen

On air

Notturno  |  Manduka - De Un Extranjero

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schéimerech

Flouernimm

Schéimerech

E Flouer, deem säin Numm zwar eenzegaarteg hei am Land, mee nawell ville Leit e Begrëff ass, net zulescht wéinst de ville Fräiliichttheater-Produktiounen, déi do opgeféiert goufen. Ass dann och gewosst, wéi eng laang Geschicht hanner "Schéimeresch" stécht? De Claude Faber mat engem weideren Deel aus eiser Summerserie iwwer Lëtzebuerger Flouernimm.

auto_stories

4 min

Am Juni 1935 gouf d'Kapell vu Schéimerech, zesumme mat den ale Grafsteng aus dem 16. Joerhonnert, déi do um Kierfecht stinn, op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter gesat. Wann een d'Rou an déi schéi Siicht op dëser Kopp genéisst, kann ee sech kaum virstellen, datt op dëser Plaz scho viru laanger Zäit eng déck lass war.

Historiker an Archeologe si sech an där Hisiicht och net ganz eens. Enfin dach! Sécher ass emol, datt op Schéimerech eng gallo-réimesch Siidlung muss bestanen hunn, well de Sockel vun engem Véiergëttersteen do fonnt gouf. Esou Véiergöttersteng waren d'Basis fir héich Jupiterseilen, déi haaptsächlech am zweeten an drëtte Joerhonnert opgestallt goufen. Well déi meeschtens aus Sandstee waren, wéi och déi op Schéimerech, ass no ronn 2.000 Joer Erosioun awer just nach den Herkules gutt drop ze erkennen. Den Apollo, de Mercurius, oder och nach d'Gëttinne Juno a Minerva sinn nach aner Kandidaten, déi och emol gären op esou Steng veréiert goufen. Iwweregens, zu Bäerdref an zu Leideleng goufen och esou Véiergëttersteng fonnt.

Eng laang Geschicht

Ausgruewunge vu keltesche Grafstätte ronderëm Schéimerech a Kiele weisen dann och nach drop hin, datt sech do scho virun de Réimer Leit kënnen niddergelooss hunn. Mee d'Fro, ob duerno op dësem Flouer jee nach eng richteg Uertschaft existéiert huet, ass bis haut net gekläert.

Sprange mer dofir an dat zéngt Joerhonnert, wou eng Kierch zu Schéimerech fir d'éischte Kéier ernimmt gëtt. Si war dem Hellegen Andreas geweit an et ka gutt sinn, datt se vun der Aansebuerger Famill gebaut an dann der Reichsabtei Sankt Maximin vun Tréier geschenkt gouf. Am Kielener Gemengewopen erënnert haut nach de Léif un d'Aansebuerger Famill, an den Abt-Staf vun der Tréierer Abtei un dës Zäit.

Datt op Schéimerech méi ee groussen, reliéisen Zentrum gegrënnt sollt gi sinn, gëtt dann och plausibel, wann ee sech virun Aen hält, datt déi Tréierer Abtei zu där Zäit, duerch eng sëllegen Akten dokumentéiert, vill Acquisitiounen an der Groussregioun an och zu Lëtzebuerg gemaach huet. Dacks waren dat souguer Schenkungen, wéi zum Beispill Grondstécker zu Weimerskirch, schonn am Joer 723, oder zu Mamer, am Joer 960. Zudeem war de Grof vu Lëtzebuerg, de Siegfried den I. am zéngte Joerhonnert Vogt, dat heescht offizielle Vertrieder vun der Tréierer Abtei an huet dëser net zulescht, am Joer 963, ee Réimesche Wuechttuerm ofkaaft, deen hien dunn zu der Buerg Lucilinburhuc ausgebaut an domat de Grondstee fir eis Stad an eist Ländche geluecht hat. Mee nach emol, hunn op Schéimerech, no de Réimer, nieft der Kapell, jee och Leit gewunnt? Bis dato goufen nämlech keng Iwwerreschter ausgegruewen, déi dat beweise kéinten.

Et ginn Dokumenter

Op där anerer Säit gëtt et awer erëm Dokumenter, déi d'Existenz vun engem Duerf op Schéimerech beleeë kënnen, respektiv säin Ausstierwen. An engem Recueil vun der Section Historique vum Institut Grand-Ducal, aus dem Joer 1868, ënner anerem iwwer Acquisitiounen a Bréiwer vu Lëtzebuerger Grofen a Geeschtlecher, heescht et an engem Dokument aus dem Joer 1632:

"Le 17 décembre est comparu Herman de Kehlen, lequel a déclaré que lui et Theis Diedrich, aussi de Kehlen, doivent annuellement au roy 15 sacs de seigle, et ce pour cause de certains héritages ayant ci-devant appartenus à un certain Zins Heinrich de Schoenberg - also Schéimerech - que l'on dit avoir été un village proche de l'église dudit Kehlen, et dont présentement il n'y ait aucun vestige".

An engem weideren Dokument aus dësem Recueil aus dem Joer 1633, also just ee Joer méi spéit, geet da souguer effektiv vun engem "village ruiné de Schoenberg" rieds. Also: et gi genuch Schrëftstécker, déi d'Legend vun engem Duerf op Schéimerech héichhalen. Hei dann nach eent: an engem Essai iwwer Uertsnimm vum Germanesche Lëtzebuerg schreift de Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine, lëtzebuergesche Jurist a Politiker, 1787 an der Stad gebuer, datt Schéimerech am 14. Joerhonnert scho vun den Zaldote vum Comte de St. Pol de Luxembourg-Ligny zerstéiert gi wier.

Eng vun den eelste Paren am Land

Däitlech nozeweise bleift schlussendlech awer, datt déi al Par Schéimerech, déi jo zu der Abtei St. Maximin vun Tréier gehéiert huet, net nëmmen eng vun den eelsten aus dem Land war. Hir Regëstere gi bis op d'Joer 1637 zeréck.

Ausserdeem weisen zwou Kaarten aus dem 18. Joerhonnert zousätzlech drop hin, dat dës Par och wäit iwwer eis Landesgrenzen ewech gutt bekannt war, well dorop den Numm "Chemerich" genee esou grouss a fett gedréckt gemoolt ass wéi d'Stad Lëtzebuerg. Dorënner souguer eng Kaart vum Georges Louis Le Rouge, aus dem Joer 1743, dee Géographe du Roy ënner dem Louis XV war. Mee op der bekannter Ferraris-Kaart, déi nëmmen 30 Joer duerno entstanen ass, feelt da schonn den Numm "Schéimerech", an et steet just nach "Église paroissale de Kehlen" op der Kaart.