Radioen

On air

Notturno  |  Mudaze - Altaelv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wiem huet de Knuedler säin Numm ze verdanken?

Flouernimm: Knuedler

Wiem huet de Knuedler säin Numm ze verdanken?

Offiziell heescht de Knuedler an der Stad "Place Guillaume II" an ass nom Wëllem den Zweete vun Holland, Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg benannt. 40 Joer no sengem Doud, am Joer 1884, als Erënnerung an Unerkennung, gouf seng Statu op dëser Plaz opgeriicht, déi hie bis haut nach ganz majestéitesch op sengem Päerd weist. Den Numm Knuedler staamt allerdéngs aus enger Zäit, déi souguer e puer Joerhonnerte méi wäit zeréckläit.

auto_stories

4 min

De Knuedler ass haut eng vill besichte Plaz, net zulescht wéinst de flotten Terrassen an dem Maart, deen do all Woch opgestallt gëtt. Och grouss Evenementer wéi den Oktav- a Chrëschtmäertchen, oder de Rock um Knuedler, zéien ëmmer nees vill Leit un. Dobäi huet dës Plaz scho vill Joerhonnerte virun eiser Zäit ugezunn. Fir dem Numm Knuedler op d'Spuer ze kommen, musse mer souguer bis an d'13. Joerhonnert zeréckgoen. Eng Zäit, an där eis Stad séier gewuess ass, an deemno och Haiser a Gebaier scho baussent der éischter Rengmauer hu misse gebaut ginn.

Dat ass dann och déi Zäit, an där sech Biedeluerden an der Stad ugesidelt hunn, dorënner d'Franziskaner, d'Klarissen an och d'Dominikaner. Am Joer 1223 waren dat dann Franziskaner-Pateren, déi, schonn nëmmen dräi Joer duerno, e Klouschter mat enger Kierch gebaut hunn, an zwar genee do, wou haut de Knuedler ass. Si hu spéider och nach e schéine, grousse Gaart dobäi ugeluecht, de Grond, firwat haut nach déi zwou kleng Plazen op béide Säite vum Stater Stadhaus den Numm Knuedlergäertchen droen.

D'Roll vun de Franziskaner-Pateren ...

Elo awer eraus mat der Sprooch. Den Numm Knuedler ass nämlech och dëse Franziskaner-Pateren ze verdanken. Mat Knuedler sinn déi Zäit nämlech, an dat am Fong ganz léif gemengt, d'Franziskaner-Patere selwer betitelt ginn, well si, fir hir Tunique zesummenzehalen, eng Kordel ëm d'Taille gebonnen hunn, déi mat engem Knuet zesummegestréckt gouf. Am Mëttelhéichdäitschen ass d'Wuert "Knoter" oder "Knotter" och fir Fanziskaner-Pater gebraucht ginn. An eise Knuedler gëtt a ville fréien, däitsche Schrëftstécker gären och mat "Plaz am Knodler" iwwersat. Et sinn also d'Kniet un hirer Kordel, déi de Franziskaner am Volleksmond den Numm Knuedler ginn hunn, an déi op dësem Wee och op hiert Klouschter, an op d'Plaz, op där d'Klouschter stoung, iwwerdroe goufen.

Haut ass vum Franziskanerklouschter an der Kierch leider näischt méi ze gesinn. Bei Ausgruewungen awer, ënner anerem ënner dem schéine Lassner-Gebai, do wou haut um Eck e Bistro dran ass, a bei den Erweiderunge vum Parking ënner dem Knuedler, dofir ass do jo zanter Joren och e Schantje ronderëm dem Wëllem säin Denkmal, sinn d'Archeologen op vill Iwwerreschter vun deemools gestouss, déi drop hiweisen, datt d'Klouschter an d'Franziskanerkierch, eleng nëmmen architektonesch gesinn, nawell eng grouss Unzéiungskraaft gehat mussen hunn.

... a vum Jang de Blannen

Fir ofzeschléissen dann nach eng kleng Anekdot ëm dës Franziskaner-Pater, fir déi mer kuerz bis an d'16. Joerhonnert sprangen. Zu dëser Zäit wiesselt nämlech d'Herrschaft iwwer Lëtzebuerg gläich véier Mol, allkéiers tëschent dem franséische Kinnek François den Éischten an dem däitsche Keeser Karel de Fënneften, fir duerno dann an den Hänn vun den Habsburger ze landen. Soit! Et war awer de Karel de 5., deen deemools déi grandios Iddi hat, ënner anerem, well hie sech gäre mat der Kierch ugeluecht huet, fir déi al Abtei Almënster ze zerstéieren. Do waren awer zu deem Zäitpunkt d'Iwwerreschter vum Jang de Blannen ënnerbruecht. E Mann, dee bis haut nach fir d'Lëtzebuerger en héije Stellewäert an der Geschicht vum Land anhëlt.

D'Iwwerreschter konnte gerett ginn, an zwar an d'Franziskanerklouschter. D'Patere waren och ganz houfreg doriwwer an hunn dach tatsächlech dem Jang de Blannen seng al Knachen ausgestallt an de Leit Suen ofgeknäppt, wa si déi gesi wollten. E puer Joer méi spéit, wéi d'Abtei Almënster nees opgebaut gouf, wollten d'Benediktiner d'Iwwerreschter vum Jang de Blannen natierlech nees zeréck hunn. Mee d'Franziskaner waren zéi a konnten nëmmen iwwer eng Aart Mediatioun um Geriicht dovun iwwerzeegt gi vun de Knache vum Jang de Blannen nees lasszeloossen.

Weider steet dann nach geschriwwen, datt am Joer 1604, ënner der neier Herrschaft vum spuenesche Kinnek Philipp den Drëtten, d'Franziskaner-Pateren, also d'Knuedler, les "cordeliers", wéinst hirem schlechte Liewenswandel, carrement aus der Stad verdriwwe goufen. Ënner anerem haten d'Stater Leit hinnen déi Aktioun mam Jang de Blannen ni esou richteg verzien. Si goufen du kuerzerhand duerch Bridder vun der verbesserter Reegel, de sougenannte "Récollets" ersat.