Radioen

On air

De Moien  |  EU-Parlament adoptéiert Mesuren fir Agrarpolitik

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Glacis

Flouernimm

Glacis

Nom Knuedler bleift de Claude Faber fir eis Summerserie iwwer Lëtzebuerger Flouernimm nach emol an der Stad. Déi gréisste Plaz aus der Stad dréit nämlech den Numm Glacis, mee gëtt och gären nach Fouerplaz genannt - wat jiddwer Lëtzebuerger direkt aliicht, well do zanter ville Joren d'Fouer ofgehale gëtt. Mee wou kënnt den Numm "Glacis" hier?

auto_stories

4 min

Et ass scho richteg, datt d'Fouer zanter ville Jore schonn um Glacis opgeriicht gëtt. Mee zäitgeschichtlech gesinn ass dat awer nach guer net esou laang de Fall. Zu där Zäit, wou de Jang de Blannen d'Schueberfouer an d'Liewe geruff huet, am Joer 1340, war de Glacis nämlech nach Broochland an huet sech och an de ville Joren duerno net iwwer eng Kouwiss oder e Gromperefeld weiderentwéckelt. Bis an d'Joer 1867 louch d'Plaz, wou haut de Glacis ass, souguer nach baussent de grousse Festungsmaueren vun der Stad.

An domat komme mer der Originn vum Numm Glacis och scho ganz no. Nom Traité vu London, 1867, an deem Lëtzebuerg fir neutral erkläert gouf, huet d'Schläife vun de Festungsmauere nämlech ugefaangen. Dëst huet 16 Joer laang gedauert. Vill Deeler vun der Festung sinn deemools einfach gesprengt, an d'Iwwerreschter vun de Leit matgeschleeft ginn, fir se weiderzeverschaffen. An de Rescht gouf dacks mat Buedem zougeschott. Glécklecherweis sinn e puer Bauwierker nach stoe bliwwen, wéi zum Beispill d'Vaubanstierm am Pafendall oder de Fort Thüngen, haut als Dräi Eechelen besser bekannt, a ganz besonnesch och d'Schlassbréck, déi de Bockfiels mat der Alstad verbënnt.

Eng wichteg militäresch Funktioun

Mee et sinn och Plaze baussent de Festungsmaueren erhale bliwwen an net direkt dem Ausbau vun der Stad duerch nei Haiser a Stroosse geaffert ginn. Am Fall vum Glacis kann ee souguer soen, datt dës Plaz fréier zu de Festungsmauere selwer gehéiert an dohier och säin Numm huet. E Glacis ass nämlech e Begrëff aus der Militärarchitektur aus dem 16./17. Joerhonnert an deemno bis haut nach a villen europäesche Stied, déi eng grouss Festungsmauer haten, erëmzefannen, sief et zu Köln, Nanzeg, Wien oder och nach am Gibraltar. Dobäi hat e Glacis eng nawell wichteg militäresch Funktioun: Et war eng fräi Plaz, baussent oder souguer tëschent de Maueren, am Idealfall onbebaut an net mat Beem bewuees, déi engem Ugrëffer absolut keng Geleeënheet gebueden huet sech ze verstoppen oder ze verschanzen. Et waren am Fong Plazen, déi esou ugeluecht waren, datt se am Zesummespill mat der eckeger Form vun de Bastiounen an dem eckege Grondrëss vun de Mauere keen een doudege Wénkel zougelooss hunn. Mat anere Wierder, um Glacis gouf et keen ee Wénkel, an domat och kee Géigner, deen net vun de Kanounen oder Flënten konnt erreecht ginn.

Glacisen

Am Laf vun der Zäit goufen dës Glacisen och nach ëmmer méi héich opgeschott, fir datt géigneresch Truppen et méi schwéier hate sech iwwerhaapt emol un d'Maueren erunzetaaschten. Vum Mëttelalter bis an déi zweet Hallschent vum 19. Joerhonnert huet sech eis Stad net vill konnten ausbreeden, ebe grad wéinst de grousse Festungsanlagen, déi sech bal ganz ronderëm d'Stad gezunn hunn, an och wéinst de sëllege Glacisen, de Flächen, déi praktesch zu der Festung dozougehéiert hunn an hu misse fräigehale ginn. Do wou haut de Quartier Lampertsbierg ass, stoung deemno och laang näischt, well dëse Flouer als Glacis duergehalen huet. Eréischt am Joer 1755 huet de Notre-Dame Kierfecht do seng Plaz fonnt, well bannen de Festungsmaueren all Kierfechter fir eng Zäitche scho souzesoen iwwerfëllt waren.

D'Fouer

A wéi d'Festung dunn tëschent 1867 an 1883 geschleeft gouf, gouf op där enger Säit de Stadpark séier ugeluecht, an op där anerer Säit nei Haiser a Stroossen, déi d'Glacise lues a lues verschwanne gedinn hunn. Et steet zum Beispill geschriwwen, am Arrêté royal grand-ducal vum 18. Mee 1868, also knapps e puer Méint nom Lononder Traité:

"Art. 1er. - II sera percé aux frais de l'État une route à travers les fortifications de Luxembourg, en prolongement de la rue de l'Arsenal à la rencontre de la route d'Arlon sur les glacis."

Den haitege Glacis gouf allerdéngs net direkt verbaut, mee blouf laang Zäit eidel oder gouf och emol als "Champs des foires aux bestiaux" benotzt. An domat wäre mer dann nees bei der Schueberfouer, déi, als Maart ze grouss fir d'Alstad ginn ass, dunn am Joer 1890, also virun nëmmen 130 Joer, fir d'éischte Kéier do ofgehale gouf, a wat bis haut och nach all Joer de Fall war.