Radioen

On air

De Weekend  |  Quantum Dot - Breaking Bones

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flouernimm: Dauschkaul

Iwwer Bierg an Dall

Flouernimm: Dauschkaul

De Flouernumm Dauschkaul gëtt et gläich zweemol zu Lëtzebuerg, zu Luerenzweiler an zu Dummeldeng. Mee gëtt et do net iergendanzwousch och nach en Dauschbuer? De Claude Faber huet sech fir eis Summerserie iwwer d'Flouernimm méi schlau gemaach.

auto_stories

3 min

D'Dauschbuer

Eng Dauschkaul, laut dem Wierderbuch vun der Lëtzebuerger Mondaart, ass eng Plaz, wou Dausteng gebrach oder ausgehuewe ginn, fir se duerno dann direkt fir de Bau vu Maueren a Gebaier ze gebrauchen oder och nach vun engem Wäissbrenner gemuelen a gebrannt ze ginn, fir wäiss Faarf draus ze maachen.

Dausteen, oder och nach Dausch, ass dann och näischt anescht wéi Tuff-Kallek, en nach jonkt, poréist a sekundäert Sediment, dat sech iwwerall do oflagert, wou Quellewaasser austrëtt, dat mat Kallek iwwersiedegt ass.

Den Daustee vu Lasauvage

E bescht bekannte Beispill fir esou en Dausteen hei am Ländchen ass déi sougenannt Pierre de cron oder La Cronnière zu Zowaasch.

Enger Lëtzebuerger Seechen no soll do eng ganz wëll Fra an enger vun den Aushielunge vun dësem massiven Daustee gehaust hunn, a wourop - wéinst dëser wëller Fra - dann och den Uertsnumm Lasauvage zeréckzeféieren ass.

Dëse Stee gouf iwweregens wéinst sengem historeschen, geologeschen an touristesche Wäert als Nationaalt Monument klasséiert.

Zwou Dauschkaulen

Zeréck bei den Numm Dauschkaul: hei am Land ginn et nämlech zwee där Flouernimm. D'Dauschkaul an der Gemeng Luerenzweiler, no där haut just nach eng Strooss benannt ass, a wou soss emol e grousse Camping war, läit südëstlech vu Boufer, tëschent dem Millebierg an der Wäissbaach. A wéi engem Mooss hei an der Zäit Dausteng ofgebaut goufen, a fir wéi eng Maueren oder Gebaier se gebraucht goufen, ass awer leider net gewosst.

Dofir féiert eis d'Sich nom Flouernumm Dauschkaul direkt schonn op Dummeldeng, wou och nach den Dausch gebrach gouf. Vill Leit fuere souguer Dag fir Dag laanscht déi Dummeldenger Dauschkaul, ouni et ze wëssen. Si läit nämlech nieft der Iechternacherstrooss, tëschent dem Dummeldenger Schlass, an deem haut déi chineesesch Ambassade dran ass an der Brennerei.

Dat ass dann iwweregens och e Lieu-dit, well op där Plaz, dat heescht op der Kräizung, wou ee vun der Iechternacher Strooss a Richtung Stafelter ofbéie kann, do am 19. Joerhonnert laang Zäit tatsächlech eng Distillerie Héichprozenteges gebrannt huet.

Zeie vun der Dummeldenger Dauschkaul sinn haut nach déi Dummeldenger Kierch an och d'Schoul, déi zu engem groussen Deel mat Dausteng gebaut goufen. Ma och an de Gemaier vu villen alen Haiser am Dummeldenger Duerfkär si bestëmmt eng jett Dausteng erëmzefannen.

Den Dauschbuer

E weideren Hiweis op déi Dummeldenger Dauschkaul, wou vill Leit nees Dag fir Dag direkt dolaanscht fueren, ass den Dauschbuer, deen um Bord vun der Iechternacher Strooss, praktesch vis-à-vis vum Park-Hotel steet, a wouraus ee bis haut nach glaskloert Waasser drénke kann. Waasser, dat duerch de Sandsteen an duerch den Dausteen aus der Dummeldenger Dauschkaul wonnerbar gefiltert gëtt.

Dëse Buer ass aus engem groussen Daustee gemaach, war um Enn vum 19. Joerhonnert, zu engem Moment, wou d'Schmelzen zu Dummeldeng zougemaach hunn, och eng Zäitche verschwonnen, mee gouf am Joer 1912 erfonnt an och nees opgestallt.

Den Iwwerlaf vum Dauschbuer, dee vun enger vun de Glasbure-Quellen direkt gespeist gëtt, gouf deemools - wéi och haut nach - gebraucht, fir de Weier op där anerer Stroossesäit ze fëllen, de fréiere Milleweier vun der Schmelzmillen.

D'Iewescht Millen

An och hei hu mer et dann nees mat engem anere Flouernumm ze dinn, well déi Plaz och nach "Iewescht Millen" genannt gëtt.

D'Schmelzmille war nämlech déi éischt vun enger ganzer Rei vu Millen zu Dummeldeng, déi mam Waasser vun dëser Quell, respektiv vun der Dummeldenger Baach, konnte bedriwwe ginn.

Iwweregens, déi dräi grouss Weieren am schéine Gaart vum Dummeldenger Schlass, déi haiteg chineesesch Botschaft, ginn och vum Iwwerlaf vum Dauschbuer gespeist.