Flouernimm Brill

Vill Historesches gouf et bis elo an der Summerserie iwwer Flouernimm ze entdecken. An dësem Deel geet et dann ëm e weideren, vill verbreeten Numm, deen awer mat der Beschreiwung vun der Landschaft ze dinn huet.

Claude Faber / cbi

Brill
Wou kënnt dat Wuert "Brill" hier?

Um Brill, den ënneschte Brill, den éiwege Brill, oder just einfach Brill, ass en ale Lëtzebuerger Flouernumm, deen engem nawell dacks hei am Land iwwer de Wee leeft. Et gëtt zum Beispill e Brill zu Éileng, zu Féiz, zu Fëschbech oder Méchela. Et gëtt Brillstroossen zu Aassel, Bieles, Groussbus, Rammerech a Réiser. An der Stad, zu Zéisseng, fir genee ze sinn, gëtt et souguer e Boulevard du Brill.

Eng weider Variant ass nach "Brillheck", wéi zum Beispill zu Weyer, wou et souwisou schonn e ganz einfache Brill gëtt, mee deen dann awer direkt nieft der Schlammwiss läit. An da si mer och scho bei der Bedeitung vun dësem Flouernumm ukomm. Brill heescht nämlech näischt anescht wéi "suppeg Wiss". Firwat droen dann awer zu Esch/Uelzecht an zu Diddeleng zwee ganzer Quartieren dësen Numm?

Den Ursprong vum Wuert

Ech wëll nämlech nach e bësse méi wäit aushuelen, fir dat ganzt Ausmooss vun dësem Flouernumm ze beliichten. Am Däitschen, eng Sprooch mat där eist Lëtzebuergescht jo nawell vill ze dinn huet, gëtt et nämlech den entspriechenden Numm "Brühl". A Brühl gëtt vum Alhéichdäitsche Wuert "pruochil" ofgeleet, dat am Fong näischt anescht ass wéi eng Verklengerungsform vun "bruoh", a Bruch, Mouer oder Sumpf bedeit.

Am Mëttelhéichdäitsche gëtt et och nach d'Wuert "Brüel", dat mat enger bewässerter a mat Gras oder Gestrëpps bewuessener Plaz beschriwwe ka ginn. A wéi an Däitschland, gëtt et dann och hei zu Lëtzebuerg vill Flouernimm, déi d'Wuert "Bruch" droen - wéi zum Beispill zu Miersch an zu Fluessweiler, oder och nach zu Bartreng, wou et gläich en ënnescht, mëttelst an iewescht Bruch gëtt. An der Gemeng Helperknapp läit d'Duerf Brouch, zwar mat OU geschriwwen, an d'Bricher Millen, op Däitsch Brouchmühle. An zu Uewerpallen fënnt een d'Bruchwies, zu Mutfert an zu Folkendeng nach ee Bricherhaff. An an an...

All dës Flouernimm, ob Brill oder Bruch, sinn also dorop zeréckzeféieren, datt op dëse Plaze fréier emol, a vläicht och haut nach, e Weier, e Mouer oder e Sumpf war, e Fiichtgebitt. Weider Variante wieren do nach Broich, en Numm, dee besonnesch am Rheinland erëmzefannen ass. An och dat hollännescht "broek" oder dat englescht Wuert "brook", fir eng kleng Baach, sinn alleguer mat eisem Flouernumm Brill Famill.

Brill zu Esch/Uelzecht

Komme mer dann elo zeréck op d'Fro, wéi et méiglech ass, datt zwee Quartieren den Numm Brill droen. Zu Esch war de Brill nach bis un d'Enn vum 19. Joerhonnert e grousst a fiicht Broochland, dat sech deemools vun den Uwänner vun der Uelzecht bis bei déi franséisch Grenz erstreckt huet. A wann d'Uelzecht emol ze vill Waasser geféiert huet, ass se op der Plaz och gären iwwergelaf, an de ganze Brill huet sech zu engem reegelrechten, klenge Séi verwandelt, duerch deen een net méi esou einfach konnt doduerch kommen.

Nodeems d'Schmelzen an d'Grouwen dunn ufanks vum 20. Joerhonnert Dausende vu Leit ugezunn hunn, war et just nach eng Saach vun der Zäit, bis datt ronderëm dat aalt Esch onbedéngt hu missen nei Quartiere gebaut ginn. Esou ass de Quartier Brill entstanen, genee do, wou soss ëmmer just fiicht Broochland war. Eng Brillstrooss an eng Brillplaz si gebaut ginn, an och déi grouss Brillschoul, déi deemools - wéi och haut nach - zu Lëtzebuerg am meeschte Kanner ëmfänkt, gouf am Joer 1911 ageweit.

Brill zu Diddeleng

Zu Diddeleng huet et net vill anescht ausgesinn. Hei war et net d'Uelzecht, mee de Ruisseau des Quatre Moulins, dee bei Volmerange-les-Mines an eist Ländchen erafléisst, an d'Broochland, de Brill tëschent der Grenz an dem Diddelenger Stadkär, ëmmer nees mat vill Waasser gefiddert huet. 1897 gouf den Emile Mayrisch dunn Direkter vun der Diddelenger Schmelz an huet nëmmen ee Joer duerno scho mat den Aarbechte fir eng ganz nei Cité ugefaangen, fir senge Schmelzaarbechter en Dag iwwer dem Kapp kënnen ze bidden. Ëm 1900 konnten déi Éischt schonn an den neien Diddelenger Quartier Brill eranzéien.

Fir ofzeschléisse sief nach gesot, datt et zu Schëffleng en Naturschutzgebitt mam Numm "Brill" gëtt, eng natierlech Iwwerschwemmungszon vun der Uelzecht, wéi fréier déi zwee Brill zu Esch an zu Diddeleng. Ronn 20 Hektar vun dësem Fiichtgebitt stinn zanter 1988 ënner Naturschutz.

An der Mediathéik:

Iwwer Bierg an Dall / / Claude Faber
Lauschteren

Méi zum Thema

Galgenberg
Flouernimm

Op ronn 80 Plazen sollen hei am Ländche Leit um Gaalgen higeriicht gi sinn, an dat nach bis un d'Enn vum 18. Joerhonnert. Kee Wonner, datt de Flouernumm "Gaalgebierg" a ville Gemengen uechter d'Land nach unzetreffen ass.

Härebierg
Flouernimm

Den Härebierg zu Dikrech ass am ganze Land bekannt, well do zanter 1955 d'Lëtzebuerger Arméi an der Kasär Grand-Duc Jean ënnerbruecht ass. Den Numm huet awer näischt mat eiser Arméi ze dinn.

Cloche d'or
Flouernimm

Uechter d'ganzt Land ginn et eng jett Lieu-diten, Flouernimm, déi op eng geografesch Besonneschkeet, eng lokal Geschicht kënnen hiweisen. An eiser Summerserie Flouernimm si mir op d'Sich nom Numm Clôche d'Or gaangen.

Dauschbuer.jpg
Iwwer Bierg an Dall

De Flouernumm Dauschkaul gëtt et gläich zweemol zu Lëtzebuerg, zu Luerenzweiler an zu Dummeldeng. Mee gëtt et do net iergendanzwousch och nach en Dauschbuer? De Claude Faber huet sech op d'Sich gemaach.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen