Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  C'est Karma - Coffee

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat d'Diskussioun ëm d'Lëtzebuerger Identitéit?

Sproochendebatt

Firwat d'Diskussioun ëm d'Lëtzebuerger Identitéit?

D'Diskussioun ëm d'national Identitéit bléit meeschtens a Krisenzäiten op an et ass net déi éischte Kéier, datt eng Sproochendebatt gefouert gëtt. Mat Nostalgie sinn d'Problemer awer net geléist. Eng sozial Gerechtegkeet léist sech esou net erbäiféieren, fënnt de Michel Pauly am Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

De Michel Pauly ass Professer fir transnational Lëtzebuerger Geschicht op der Uni Lëtzebuerg

Spéitstens zënter dem Referendum vun 2015 gëtt zu Lëtzebuerg vill iwwer national Identitéit gestridden. Nach de 16. Januar gouf an der Chamber iwwer zwou kontradiktoresch Petitioune geschwat an diskutéiert, wat d'Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch soll sinn.

Ech hat op dëser Antenn schonn dorop higewisen: Hannert dem Wonsch no méi Lëtzebuergesch stécht fir déi meescht Petitionnairen d'Angscht, eng "national Identitéit" géif duerch ee vill méi grousse Gebrauch vum Franséischen a Gefor geroden. Virun etleche Jore gouf et déi selwecht Angscht vis-à-vis vum Däitschen.

Net nëmmen haut

Et gëtt sech awer ganz wéineg mat der Fro ausernee gesat, firwat am 21. Joerhonnert iwwerhaapt esou virulent iwwert eng national Identitéit diskutéiert gëtt. Als Historiker stellen ech fest, datt déi Diskussioun meeschtens a Krisenzäiten opbléit.

Dat war de Fall an den 1930er Jore vum 20. Joerhonnert, wéi d'Weltwirtschaftskris d'Aarbechtslosegkeet an d'Luucht gedriwwen huet. Zu Lëtzebuerg war et net esou staark wéi anerwäerts. Dëst, well d'Chômeuren - meeschtens Italiener - einfach an hiert Heemechtsland geschéckt goufen. A well politesch Flüchtlingen - haaptsächlech Judden - esou mann wéi méiglech an d'Land gelooss goufen, ënnert dem Pretext, et wiere verkappte Wirtschaftsflüchtlingen.

Dat erënnert een dach un eppes ... Zënter 1936 gouf kontrolléiert, ob ee Kandidat kéint eng "assimilation suffisante" éier hien d'Nationalitéit krut. Well déi däitsch Gefor ëmmer méi grouss gi war an d'Nazie behaapt haten, d'Lëtzebuerger wieren am Fong Däitscher, goufen op emol d'Ënnerscheeder betount: Et gouf net méi vun engem däitschen Dialekt à la Schwitzerdütsch, mee vun enger Lëtzebuerger Sprooch geschwat.

D'Sprooch als Deckmantel

Et war och de Fall an den 1980er Joren, wéi et no der Pëtrolskris zur Stolkris komm war. Deemools huet eng "Nationalbeweegung" fir d'Chamberwahle kandidéiert. Et huet sech awer och eng "FELES" vun der "Aktioun Lëtzebuergesch" ofgespléckt, fir ënnert dem Deckmantel vum Asaz fir d'Sprooch nationalistesch Parolen erauszeginn.

Op déi rietsradikal Gefor huet d'Regierung reagéiert, andeems si ënnert anerem 1984 de Sproochgebrauch gesetzlech geregelt huet an 1989 eng grouss Ausstellung fir 150 Joer Lëtzebuerger Staat organiséiert huet.

D'Globaliséierung

Et wier awer ze einfach, déi aktuell Debatt op d'Bankekris zréckzeféieren: Et si jo net just Leit, déi am Finanzmilieu schaffen, déi am häertsten no méi Lëtzebuergesch jäizen.

D'Awunner vum Raum Lëtzebuerg si sech eréischt bewosst ginn, datt si eng gemeinsam Identitéit hunn, nodeems e Lëtzebuerger Staat 1839 ugefaangen huet Form ze kréien. An d'Leit duerch d'Schoul, duerch d'Eisebunn, duerch d'Press méi no beienee geréckelt sinn.

An da kann ee sech d'Fro stellen, ob net de Réckgang vum Staat - d'Ofhuele vu senger Roll am Kader vun der Liberaliséierung an der Globaliséierung - an d'Opmaache vun de Grenzen - déi 1839 zimlech willkürlech geschaaft gi waren - derzou féieren, datt den nationale Kader als Referenz fir eng kollektiv Identitéit u Wäert verléiert.

Duerch d'Globaliséierung spillen déi staatlech Grenze keng Roll méi - weder fir d'Mënschen, nach fir d'Wueren, nach fir d'Kapital. An domat gëtt och dat nationalstaatlecht Bewosstsinn a Fro gestallt. Duerch d'Globaliséierung ginn och ëmmer méi Mënschen destabiliséiert. Si sichen no deenen alen Unhaltspunkten, well si fäerten, hir Aarbecht an hir traditionell Referenze géifen a Gefor geroden.

Net mat Nostalgie ...

Dat kann ee verstoen, an dofir ass et wichteg, sech mat deenen Ängschten auserneen ze setzen. Ech bezweiwelen awer, datt een dat ka maachen, andeems een nostalgesch op national Symboler zréckgräift an zum Beispill eng gemeinsam Sprooch wëllt duerchsetzen.

Domat verkennt een net nëmmen eng Entwécklung, déi net méi zréckzedréinen ass, mee et léist een och dee fundamentale Problem net. Andeems een déi national a sozial Kohäsioun eropbeschwiert a si mat nationale Symboler wëllt erbäiféieren, verstoppt een, datt een déi eigentlech Léisung - nämlech d'Schaafe vu sozialer Gerechtegkeet - net wëllt upaken.

Et léist ee weider Gewäerden, datt Bankdirekteren a soss Sportler Milliounebeträg an d'Täsch stiechen, während d'Aarmut och am räiche Lëtzebuerg zouhëlt, a Sue feelen, fir Wunnengen ze bauen, während mir eis e rout-wäiss-bloen Nationbranding leeschten.