Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Police - So Lonely

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Filmer ouni Grenzen?

Mäin Europa

Filmer ouni Grenzen?

Ëmmer méi Leit kucke Filmer an Tëlee um Internet. Mee de Choix op Film- a Videostreaming-Plattformen ass méi limitéiert, wéi ee menge kéint an hänkt vum Land of, an deem ee wunnt.

auto_stories

3 min

Den Internet huet d'Gewunnechte fir Filmer an Tëlee ze kucken, fundamental geännert. Vill Leit kucke Serien oder Filmer iwwer Onlineplattforme wéi Netflix. Mee: D'Offer vun dëse Plattformen ass net déi selwecht wéi an den USA. Net all Film ass zu Lëtzebuerg disponibel, deen een an den USA oder an anere Länner kucke kann. Datt een um Internet net iwwerall alles kucke kann - dorunner gëtt ee reegelméisseg erënnert. Zum Beispill, wann een e Reportage oder Documentaire kucke wëllt, dat awer dacks net geet.

"Et huet mat Rechter ze dinn", sou der BBC hir einfach Erklärung fir déi héich komplex Matière vun de Rechter fir Filmer an aner audiovisuell a kënschtleresch Wierker. Am Office de la Propriété Intellectuelle vum Lëtzebuerger Wirtschaftsministère erkläert d'Iris Depoulin. Filmer, Musek, Bicher an aner Kreatioune si geschützt duerch Droit d'auteuren, déi Deel si vun der Propriété intellectuelle.

Territorial Ënnerscheeder a VPNen

Hei ginn et territorial Ënnerscheeder, och ënner Geoblocking bekannt. D'Rechter fir Filmer an audiovisuelle Contenu ginn ëmmer no de linguisteschen Territoirë verkaf, erkläert den Nicolas Steil, President vun der Lëtzebuerger Produktiounsfirma Iris Productions a vun ALGOA, der Lëtzebuerger Associatioun fir d'Gestioun vun audiovisuelle Wierker.

Mee e Choix ouni Grenzen, zu all Zäiten, a wa méiglech fir minimal Käschten oder gratis, ass dat, wat hautzedaags vu ville Konsumenten um Internet erwaart gëtt. A wann de Film oder d'Serie, déi ee grad kucke wëllt, op der Streamingplattform an deem Land, an deem een lieft net disponibel ass, ginn et Weeër, fir dat ze ëmgoen.

Zum Beispill mat engem VPN - engem Virtual Private Network. Mat engem VPN kann ee seng Internetverbindung iwwer en "Tunnel" iwwer en anert Land ëmleeden, an da kann een esou awer Accès op verschidde Serien a Filmer kréien an de Geoblocking ëmgoen. E VPN ze benotzen ass per se net illegal, mee se kënnen awer fir illegal Aktivitéite benotzt ginn. Esou kann ee mam VPN (oder anere Systemer), déi territorial Grenzen ëmgoen an esou d'Droit d'Auteuren net respektéieren.

En digitalen europäesche Bannemaart

D'EU-Regulatioune fir de Geoblocking um Internet ännere sech. Am Dezember zejoert ass zum Beispill eng nei Regulatioun a Kraaft getrueden, déi den online Handel betrëfft. Fir vill Produiten a Servicer, déi een um Internet kafe kann, gouf den net-justifiéierte Geoblocking ofgeschaaft, fir de Konsumente méi Choix ze ginn.

Ee Beispill: E belsche Client, deen e Frigo kafe wëllt, an déi bescht Offer op engem däitsche Site fënnt, kann elo do kafen, an dierf op deem däitsche Site net méi blockéiert ginn. E Schrëtt an d'Richtung vun engem digitalen europäesche Bannemaart, engem Marché unique digital. Allerdéngs bleift den audiovisuelle Beräich an dëser neier Regulatioun bis op Weideres ausgeschloss.

Déi territorial Lizenzen, déi fir Filmer an audiovisuelle Contenu ausgehandelt ginn, kéint een net als "onjustifizéierte Geoblocking" bezeechnen, seet d'Iris Depoulin vum Lëtzebuerger Office de la Propriété Intellectuelle.

Dëse Prinzip un der Territorialitéit wier d'Fundament vun der Propriété intellectuelle an den Droit d'auteuren, betount d'Elisabeth Guissart vun der Etude Claw. Ee méi allgemengt Ofschafe vu Geoblocking fir audiovisuell Contenuen, mat enger Uniformisatioun an Harmonisatioun an der EU, hält si dowéinst fir onwahrscheinlech.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.