Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Euthanasie fir Mënsche mat psychesche Krankheeten

Mäin Europa

Euthanasie fir Mënsche mat psychesche Krankheeten

Holland, d'Belsch a Lëtzebuerg hunn europawäit déi liberaalst Gesetzer zur Euthanasie. Hei ass d'Stierfhëllef net just erlaabt, wann d'Patienten eng onheelbar kierperlech Krankheet hunn, mee och wa si psychesch krank sinn. Dat ass net onëmstridden. D'Anne Kleinknecht huet sech doriwwer mat Experten ënnerhalen an och mat enger jonker Fra, déi scho laang schwéier Depressiounen huet.

auto_stories

13 min

Wéini kënne psychesch krank Leit Stierfhëllef ufroen? Foto: Bigstock / DedMityay

D'Theema gouf och rezent nees méi diskutéiert: An der Belsch stoungen dräi Doktere viru Geriicht, well si enger Fra Euthanasie accordéiert haten, bei där eréischt viru Kuerzem Autismus festgestallt gouf. Si war dowéinst nach guer net a Behandlung. Et war deen éischten Euthanasie-Prozess an der Belsch.

Déi dräi belsch Doktere goufe fräigesprach. Si haten 2010 d'Euthanasie-Pabeiere vun der Tine Nys ënnerschriwwen. Déi 38 Joer al Fra war psychesch krank an hat heefeg versicht, sech d'Liewen ze huelen. Eng Diagnos krut si allerdéngs eréischt véier Méint virun der déidlecher Sprëtz.

D'Tine Nys hat eng Form vun Autismus. Hir Elteren a Geschwëster ware viru Geriicht gaangen, well si net verstanen hunn, firwat Dokteren der Tine Nys sou séier Euthanasie accordéiert hunn.

Stierfhëllef och fir psychesch Krankheeten

De Prozess ëm den Doud vun der Tine Nys huet d'Diskussioun ëm d'Euthanasie nei ausgeléist. Onheelbar krank Patiente kënnen an der Belsch, an Holland an och zu Lëtzebuerg no Stierfhëllef froen. Dem Gesetz no ass d'Euthanasie an dëse Länner och fir Patiente mat onheelbare psychesche Krankheete wéi Depressiounen, Perséinlechkeetsstéierungen a souguer bei Demenz legal.

Dës Fäll sinn an der Belsch an an Holland scho bal Alldag. D'Zuel vun den Euthanasien - och fir psychesch krank Mënschen - geet ëmmer méi an d'Luucht. Zu Lëtzebuerg gouf et bis elo nach kee Fall.

De Wonsch vum Patient zielt

Een, deen dat belscht Gesetz genee kennt, ass de Kenneth Chambaere. De Soziolog fuerscht op zwou belschen Universitéiten zum Theema Palliativmedezin an Euthanasie. Den zentrale Krittär, sou zielt hien, wier de Wonsch vum Patient.

Dëse Wonsch misst awer gutt iwwerluecht sinn, e misst och widderholl ginn an och ouni externen Drock zustane kommen. "De Patient muss kompetent sinn", seet de Kenneth Chambaere. "Dat ass ee wichtegen Aspekt fir Patiente mat psychesche Krankheeten. Wann dëse Krittär net erfëllt ass, dann ass alles anescht indiskutabel." An deem Fall géif et dann och net zur Euthanasie kommen.

Onheelbar an ouni Aussiicht op Besserung

Ob all dës Krittären tatsächlech erfëllt sinn, iwwerpréiwen zwee Dokteren. Bei enger psychescher Krankheet muss zousätzlech e Psychiater erugezu ginn. Si mussen ënner anerem klären, wéi staark e Patient oder eng Patientin leit, erkläert de Kenneth Chambaere.

Dëst Leide kéint kierperlech, psychesch oder existenziell sinn, seet de Soziolog, an et misst duerch eng onheelbar Krankheet verursaacht sinn. "Dës Krankheet muss net déidlech sinn, an dat ass de groussen Ënnerscheed: si muss onheelbar an ouni Aussiicht op Besserung sinn."

Mee wéi sollen Dokteren dat onerdréiglecht psychescht Leed beurteelen? An: sinn dës Patienten tatsächlech all "austherapéiert"? Matt dësen a ville weidere Froe léist de Legislateur d'Dokteren eleng.


Den Dr. Paul Rauchs stoung eis am Studio Ried an Äntwert

Iwwer dëse Reportage a méi spezifesch d'Situatioun zu Lëtzebuerg hu mir mat eisem Invité am Moies-Magazin geschwat, dem Psychiater Paul Rauchs. Hien ass Member an der nationaler Kontroll-Kommissioun fir d'Evaluatioun an d'Applikatioun vum Euthanasie-Gesetz.

Dat ganzt Gespréich mam Dr. Paul Rauchs lauschterenplay_arrow


Ee Liewen an der Psychiatrie

De Fall vun enger zweeter belscher Fra weist, datt et beim Theema Euthanasie keng einfach Wourechte gëtt. D'Amy de Schutter war 14 Joer al, wéi si sech déi éischte Kéier d'Liewe wollt huelen. Si huet eng schwéier Kris a bräicht séier eng Plaz an der Kanner- a Jugendpsychiatrie. Mee déi Plaz gëtt et net. D'Meedche verbréngt fënnef Joer vun hirem Liewen an der Erwuessenen-Psychiatrie.

"Ech hu mäin Liewen a 36 verschiddene Krankebetter verbruecht. Ech sinn a Flandern vun enger psychiatrescher Statioun bei déi nächst gewandert. D'Dokteren hunn déi verschiddensten Diagnose gestallt: Panikattacken oder Depressioun zum Beispill. Als mannerjäregt Meedche war ech vill an Isolatioun, ech gouf fixéiert - iwwer Deeg a Wochen. Ech hat wéineg Kontakt zur Baussewelt. Déi fënnef Joer an der Psychiatrie hu mech traumatiséiert a ware mat ee Grond fir mech, no Euthanasie ze froen."

Wéi d'Amy de Schutter mat 19 Joer aus der Klinik entlooss gëtt, decidéiert si, sech ni méi engem Psychiater unzevertrauen. Si studéiert - ënner schwéiere Konditiounen. Well och an där Zäit versicht si sech Dosende Kéieren d'Liewen ze huelen.

Stierfhëllef als Erliichterung

Bis hir Hausdoktesch hir mat ufanks 30 Euthanasie proposéiert. D'Amy de Schutter mécht eng Demande, an déi Demande geet duerch. Si kéint hir Doktesch elo all Moment froe fir Stierfhëllef ze kréien.

"Dat huet sech gutt ugefillt. Mir ass eng grouss Laascht vun de Schëllere gefall. Dat ass vläicht schwéier ze verstoen, mee virun e puer Méint hunn ech realiséiert, datt, zanter ech de positiven Avis hunn, ech net méi iwwer Suicide nogeduecht hunn. Dat ass déi längsten Zäit, zanter datt ech 12 Joer al war, datt ech net dru geduecht hu mir d'Liewen ze huelen."

Fir d'Amy de Schutter ass d'Aussiicht op Stierfhëllef eng Erliichterung. Mee fir vill Medezinner werft d'Gesetz iwwer d'Euthanasie e ganze Koup Froen op. Déi éischt schwéier Decisioun, déi si mussen huelen ass déi, ob e Patient an der Lag ass, eng reflektéiert Decisioun ze huelen an ob him bewosst ass, wat e mécht.

Kann e Patient selwer entscheeden?

Dat kléngt evident, mee scho bei dësem Punkt zeechne sech grouss Konflikter of, seet de Soziolog Kenneth Chambaere. De Wonsch fir ze stierwe kéint just ee Krankheetssymptom sinn, wéi dat bei enger Persoun mat enger laanger, klinescher Depressioun de Fall kéint sinn. "Wann een déi korrekt behandelt, ka se erëm ewech goen."

Et wier eng komplett aner Situatioun, wann e Patient - onofhängeg vun enger Depressioun - den Androck huet, datt säi Liewen net méi liewenswäert ass, an datt et keng Aussiicht op Besserung géif ginn.

"Et ass wichteg, dësen Ënnerscheed ze maachen. Ass de Patient zourechnungsfäeg? Ass de Wonsch ze stierwen e Symptom vu senger Krankheet, an hält dëse Wonsch dauerhaft un?"

Keng einfach Decisioun

Net all Dokter fält et liicht, dës Froen ze beäntwerten. Och der Sabine Wauthier net. Si ass Psychiaterin a Psychotherapeutin an der Géigend vu Léck an huet schonn e sëllege Patiente begleet, déi stierwe wollten.

Déi meescht kommen e puermol an hir Consultatioun a verzielen an de Gespréicher vill vun hirem Liewen. Dacks wieren d'Patiente virdru scho wärend Jore bei aneren Therapeute gewiescht, a si géifen der Sabine Wauthier hiert Liewen uvertrauen. "Fir mech ass dat e Geste vu Vertrauen a vu Bescheidenheet." Si wëllen, datt ech si verstinn, sou datt ech hinnen hir Demande och accordéiere kann.

Mee net all d'Patiente sinn iwwerhaapt an Therapie, wa si no Euthanasie froen. D'Tine Nys aus der Belsch zum Beispill. Dräi Dokteren hunn hir Euthanasie-Demande ënnerschriwwen, obwuel si eréischt véier Méint virdrun eng Autismus-Diagnos kritt hat an nach iwwerhaapt net a Behandlung war.

Entscheeden iwwer Liewen an Doud

D'Psychologin Ariane Bazan freet, wéi gutt iwwerluecht esou e Stierfwonsch iwwerhaapt ka sinn. Si ass Professer un der Université Libre de Bruxelles:

"L'idée, c'est que le souhait de vie, l'envie de vivre se décide tout seul comme ça. Que quelqu'un peut, en âme et conscience, prendre le pouls de soi-même et essayer de sentir chez soi-même: est-ce que j'ai envie de vivre? Ce qu'on voit quand même, c'est que des gens qui n'ont pas du tout envie de vivre et qui sont certains qu'ils veulent mourir et qui, par accident ou par chance ou par insistance, changent de contexte de vie: tout d'un coup, changent aussi d'envie de vivre."

An esou gëtt et zwee Lager bei de Psychiateren. Déi, déi ëmmer nach en Hoffnungsschimmer gesinn. An déi, déi hire Patiente gleewen, datt et iergendwann einfach genuch ass. Béid Lager decidéieren an der Belsch iwwer Liewen an Doud.

Och d'Fro no der Situation médicale sans issue suergt fir Diskussiounen. Am Gesetz steet:

"le patient, majeur ou mineur émancipé, se trouve dans une situation médicale sans issue et fait état d'une souffrance physique ou psychique constante et insupportable qui ne peut être apaisée et qui résulte d'une affection accidentelle ou pathologique grave et incurable."

Eng medezinesch Situatioun ouni Auswee? Eng onheelbar Krankheet? Dës Krittäre kann ee bei Kriibs am Endstadium novollzéien. Mee Autismus, Schizophrenie oder Stéierunge vun der Perséinlechkeet si keng déidlech Krankheeten.

D'Gesetz suergt fir Onsécherheet

Ass de Legislateur hei komplett iwwer säin Zil erausgeschoss? Enquêten hu gewisen, datt dës Krittäre bei den Doktere fir Onsécherheet suergen, seet de Kenneth Chambaere. Ville Psychiater géif et schwéier falen ze entscheeden, ob eng Krankheet onheelbar ass an ob et Aussiichten op Verbesserung géif ginn. "Dowéinst goufe Recommandatioune formuléiert, déi den Doktere bei hirer Decisioun hëllefe sollen."

Mëttlerweil hu verschidde belsch Organisatiounen esou Recommandatioune publizéiert. Zum Beispill d'Vereenegung vun de flamännesche Psychiateren oder d'Unisklinik Gent. An dëse Recommandatioune steet zum Beispill, datt Dokteren eng konkret Diagnos musse stellen - wat vum Gesetz mol net virgesinn ass.

Ausserdeem solle si iwwerpréiwen, wéi eng Therapien a Medikamenter e Patient scho kritt huet. Dat misst eigentlech selbstverständlech sinn, seet de Christian Schmal. Hien ass Professer fir Psychosomatik a Psychotherapie zu Mannheim.

"Therapie ass net gläich Therapie", seet hien. Et géifen iwwerpréiften Therapië ginn, wou iwwerpréift Medikamenter agesat ginn. Hei géif ee wëssen, datt déi wierken, an zwar besser wéi ee Placebo. Et géifen awer och Psychotherapië ginn déi wierksam sinn, an déi a grousse Studien hir Wierksamkeet gewisen hätten.

Wéini ass een onheelbar krank?

De Christian Schmahl fäert, datt Dokteren an der Belsch d'Euthanasie-Demanden ze séier ënnerschreiwen. Hien ass sech och net sécher, ob bei all de Patienten iwwerpréift gi wier, ob si déi richteg Therapie gemaach hätten, an ob si laang genuch bei engem gutt forméierten Therapeut waren.

Den däitschen Expert warnt, psychesch Krankheeten ze séier als net heelbar ze bezeechnen.

"Sie führen zwar zu großem Leiden und langer Behandlungsdauer. Aber die allermeisten psychischen Erkrankungen sind Episoden und vergehen teilweise von selber wieder oder können einer Behandlung zugeführt werden. Das heißt, das ist ein kategorialer Unterschied zu einer unheilbaren Krebserkrankung, bei der es nur noch um die Dauer des Überlebens geht, wo aber der Tod leider ganz klar absehbar ist."

Den Dokter iwwerzeegen

A wat ass mat der Amy de Schutter? Si weess haut, datt si warscheinlech eng Form vun Autismus huet. Eng Situation médicale sans issue? Dat kann een esou oder esou gesinn. Autismus ass zwar onheelbar, mee et kann een d'Liewensqualitéit vun de Patiente verbesseren, eppes géint hiert Leed ënnerhuelen.

Bei der Amy de Schutter ass dat jorelaang net geschitt. Steet dowéinst bei hir d'Leed am Virdergrond, géint dat näischt gehollef huet? Fir dat ze klären, huet d'Amy de Schutter erëm misse bei e Psychiater. Dee Schrëtt huet si vill Iwwerwannung kascht, mee si konnt iwwerzeegen. "Ech hat ëmmer d'Gefill, ech misst si iwwerzeegen."

Een Dokter huet no engem laangem Gespréich gesot, datt hien d'Impressioun hätt, si géif him just ongeféier 30 Prozent vun deem erzielen, wat si duerchgemaach hätt am Liewen, zum Beispill hiert Trauma. "An dës 30 Prozent si richteg schlëmm". Dono hätt den Dokter mat hir en Autismus- an een Intelligenz-Test gemaach an hätt gesot: "Wann ech mir d'Gesetz ukucken an no allem, wat s du duerchgemaach hues, da kriss du mäi positiven Avis."

D'Psychiaterin Sabine Wauthier huet vill där Gespréicher geféiert. Dobäi steet si ëmmer erëm virun der Fro: wéi kann een dat perséinlecht Leed aschätzen?

"On sait bien qu'il y a des personnes qui vont être déprimées pour certaines choses et d'autres qui, par contre, passent au-dessus d'un licenciement, d'un divorce comme ça, comme des fleurs. Et vous en avez - il leur arrive quelque chose, mais ils n'ont pas eu la promotion et c'est une catastrophe. Mais ça, ça ne se décide pas. C'est lié à toute notre histoire. Et nous, les psychiatres, on sait bien combien la petite enfance, la relation avec nos parents, éducateurs, etc. a de l'importance. Donc, on ne peut juger pourquoi on prend les choses d'une certaine manière ou pas."

Wéi een Dokter mécht et richteg? Deen, dee senge Patienten aus Matgefill Euthanasie zougesteet? Oder deen, deen d'Leed matfillt, sengem Patient awer ubitt, d'Leed mat him duerchzestoen, nei Perspektiven opzemaachen?

Relatioun tëschent Patient an Dokter

An esou gëtt d'Fro no der Euthanasie an der Belsch fir vill Medezinner zu enger haarder Prouf. Soubal si an d'Spill kënnt, ännert sech déi ganz Relatioun tëschent Patient an Dokter. Dat bestätegt och déi belsch Patientin Amy de Schutter. An hirem Fall zum Positiven.

"Zanter datt ech weess, datt ech d'Euthanasie dierft an Usproch huelen, kann ech mat mengem Psychiater iwwer alles schwätzen: iwwer den Datum, d'Begriefnes - iwwer alles, wat ech wëll." Si kéint wierklech fräi iwwer alles schwätzen, wat hir duerch de Kapp géif goen.

Hiren Autismus-Coach kéint méi oder manner an hire Kapp kucken an iwwerleeën, wat géint hiert Leed kéint hëllefen. Éier datt si d'Méiglechkeet vun der Euthanasie hat, wier et fir si onméiglech gewiescht fir mat hirem Psychiater iwwer dës Saachen ze schwätzen.

Ee ganze Beruffsstand ass zerstridden

Déi belsch Psychologin Ariane Bazan bleift allerdéngs kritesch: dat Wichtegst fir psychesch Krankheete wier de Lien mam Therapeut. Si ass iwwerzeegt: nëmmen Therapeuten déi drun gleewen, datt si hirem Patient hëllefe kënnen, si glafwierdeg. Fir d'Optioun Euthanasie géif et an dëser Relatioun keng Plaz ginn.

"Ces traitements avec les patients, qui sont en désespoir, demandent de travailler sans filet de sécurité, demandent un travail sur le fil de la confiance - à la vie, à la mort quoi. Est-ce que vous avez confiance en moi à l'extrême? Et donc, si on ne peut pas travailler de cette façon-là, si, quand ça va mal, il y a la possibilité de prendre la sortie de secours, on ne peut plus faire ce travail."

Genee dësen Zwispalt féiert dozou, datt zwar vill Therapeuten an der Belsch grondsätzlech fir d'Euthanasie sinn, sech awer weigeren, Patiente mam Wonsch ze stierwen, op hirem Wee ze begleeden.

Dokteren, déi Patienten unhuelen, gerode gären a Verdacht, d'Euthanasie ze séier ze accordéieren. D'Resultat: e ganze Beruffsstand ass zanter Joren intern zerstridden an an der Ëffentlechkeet an der Defensiv.

Psychesch kranke Leit besser hëllefen

Knapp 20 Joer nodeems dat belscht Euthanasie-Gesetz a Kraaft getrueden ass, ass d'Theema haut méi brisant wéi jee. D'Zuel vun den euthanaséierte Mënschen ass zéng Mol sou héich wéi am Ufank. An och ëmmer méi Patiente mat Depressiounen, Autismus oder Demenz kréien eng Gëftsprëtz.

Dat huet Konsequenzen: fënnef Organisatiounen hu Recommandatioune formuléiert. Si si vill méi streng wéi dat, wat de Legislateur virgesäit. Wa si konsequent ëmgesat ginn, kann dat eventuell verhënneren, datt Patienten ze liichtfäerteg Euthanasie an Usproch huelen.

Trotzdeem bleift nach vill ze dinn. Op d'Fro, wat si sech vun der belscher Gesondheetsministerin wënschen, hunn all d'Gespréichspartner gesot: Méi Sue fir psychesch krank Patienten ze versuergen.

Ausserdeem onkomplizéiert Hëllef fir geeschteg krank Mënschen, fir datt kee muss laang op ee Spezialist waarden, éier e versuergt gëtt. An datt dat medezinescht Personal mënschlech mat de Patienten ëmgeet. Well déi wënsche sech ënner anerem dacks, datt ee si einfach an de Aarm hëlt.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.