An der Lescht huet d'Actrice zu Paräis Theater gespillt, lieft deels zu Berlin an ass och am Film, grad ewéi an der Televisioun doheem. Mee gären erënnert si sech awer un hir Ufäng bei der Marja-Leena Junker:
"Do gouf et just de Conservatoire an do war eben d'Marja-Leena. Ech weess nach ech sinn tocke gaangen, an do souz d'Marja-Leena, an ech war immens impressionéiert, ech hat och schonn Inzenéierunge vun him gesinn. An do hunn ech zu him gesot: Je m'apelle Eugénie et j'amerai bien faire du théâtre.(...) Si huet mech du gefrot wéi al ech wier, ech sot 14, mee ech wier immens motivéiert."
An esou koum d'Eugénie Anselin op de Conservatoire a vun do aus goung de Wee weider.
Vun Stater Conservatoire op Schauspillschoul Zürech
Nieft der Marja-Leena Junker an dem Myriam Muller war och d'Michèle Clees Enseignante vun der Eugénie Anselin am Stater Conservatoire. An d'Michèle Clees war selwer och fir hir Formatioun zu Zürech op der Schoul.
"An d'Michèle huet d'Vicky Kriebs dohinner bruecht, well d'Vicky war och beim Michèle am Cours an dono d'Jeanne Werner, an dono sinn ech dann. Et ass esou e bëssen eng Traditioun, datt d'Michèle Schüler vun him, deen da Loscht huet dee Beruff an ze goen, jo motivéiert op der Schoul ugeholl ze ginn an et huet mer immens vill gehollef fir do dee ganze Concours virzebereeden."
Duerch de Covid Zäit mat der Famill
Wou de Lockdown zu Lëtzebuerg koum, war d'Eugénie Anselin grad zu Lëtzebuerg fir ze prouwen, a si ass hei bliwwe well Ufanks geduecht gouf: an e puer Woche geet et nees weider, deem war awer net esou.
"Ech war bei mengen Elteren, meng Schwëstere waren och heem komm. An et war schéin, och emol nees Zäit mat der Famill ze hunn an net nëmmen esou fënnef Minutten, wou ee sech emol kuerz gesäit. Mee wierklech ze wëssen: OK mer wäerten elo e puer Woche matenee verbréngen an et kënnt een och op en anere Level vu Gespréicher.(...) An et war fir mech och wichteg emol erof ze kommen, och vum Rhythmus a sech ze soen: kuck d'Liewe geet iergendwéi weider."
Vum 26. Februar un ass d'Eugénie Anselin an der Produktioun vum Théâtre du Centaure "Juste la fin du Monde" vum Jean Paul Lagarce an enger Mise en scène vum Myriam Muller ze gesinn. D'Opféierunge sinn am Kinneksbond zu Mamer.