Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Soccer Mommy - Your Dog

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et muss een haart si fir deen Job"

Safari-Guide a Südafrika

"Et muss een haart si fir deen Job"

D'Sophie Di Vora war schonn ëmmer vun Afrika, der Flora a Fauna an och vun de Mënschen faszinéiert. Et war fir si kloer: No der Schoul geet et net op d'Uni, mee bei déi Big Five.

auto_stories

4 min

D'Schoul hätt hir "u sech ni esou gefall", esou d'Sophie Di Vora. Vill méi faszinéiert ass si dogéint vun der Natur a Südafrika. Zwee Méint laang huet si eng Ausbildung als Safari-Guide gemaach. D'Organisatioun, déi dës Ausbildung ugebueden huet, heescht Ecotraining an ass offiziell bei der FGASA (Field Guides Association of Southern Africa) unerkannt

"Am Ufank wousst ech guer net, wat mech erwaart", zielt déi 19 Joer al Fra. Am Ganze wiere si zu 16 Leit gewiescht, déi dës Ausbildung gemaach hunn. "E bësse verstreet aus der ganzer Welt."

A Südafrika wier hir bewosst ginn, wéi wichteg et ass, d'Natur ze schützen. D'Natur wier ëmmer do, esou d'Sophie Di Vora, a ganz dacks géif ee si net wouer huelen. Fir hiren Examen ofzeschléissen huet si missen 104 verschidde Villercher um Ausgesinn a Gesang erkennen an och 30 verschidde Beem.

D'Natur méi schätze léieren

Et misst een awer och léieren, d'Wolleken ze liesen. Dat wier immens wichteg dohannen, esou d'Sophie Di Vora. Am Beschten hätt hir awer de Cours iwwer d'Stären an den Nuetshimmel gefall. Duerch hir Ausbildung als Safari-Guide a Südafrika hätt si och d'Natur zu Lëtzebuerg méi schätze geléiert.

Déi 19 Joer al Fra hätt och vill iwwer Déiere geléiert, déi an de Käpp vun de Leit éischter eng negativ Konnotatioun hunn:

"D'Geiere sinn u sech mega schlecht ugesinn. Si sinn am Gaangen auszestierwen, mee si sinn esou wichteg fir d'Ëmwelt, well si de ganzen Dreck verdauen."

Am Juli wëll d'Sophie Di Vora nees zeréck a Südafrika fir hir Ausbildung weider ze féieren. Foto: Chris Zeien.

Fir d'Natur ze schütze misst een awer och d'Awunner op senger Säit hunn. Et misst een hinnen erklären, wisou et wichteg ass, net all hir Léiwen ëmzebréngen, och wa si geféierlech fir hir Notzdéiere sinn. Et sollt een den Awunner am Géigenzuch Aarbecht ubidden an hinne weisen, wéi een d'Natur schütze kann.

"Mir soen de Leit, si sollten net op d'Leoparde schéissen. Mee vill Leit hunn nach ni an hirem Liewen e Leopard gesinn."

Et wier schwéier eppes ze schützen, wat ee guer net kennt. Dowéinst kéinten d'Leit och net verstoen, wat un hinne sou wichteg wier.

"Et ass einfach kee Ree komm"

Während hirer Ausbildung am Norde vu Südafrika war déi jonk Fra praktesch déi ganzen Zäit dobaussen. An hei wier hir eppes ganz besonnesch bewosst ginn: Déi global Erwiermung.

"Deen éischte Mount ware mir an enger Reserv an d'Leit do hunn op Ree gewaart, an et ass einfach kee komm. Mir hunn all Dag doudeg Antilope fonnt."

Dat wier soss ni esou gewiescht, seet d'Sophie Di Vora:

"Et war ni esou waarm. Et gëtt ëmmer méi waarm, an et gëtt ëmmer manner Reen. Si halen dat selwer lues a lues net méi aus."

Während hirer Zäit a Südafrika wier d'Sophie Di Vora awer och a Kontakt mat Wilderei komm.

"Wann s du eng Kéier en Elefant gesäis, deem si d'Stousszänn erausgeschnidden hunn, dat verännert dech, an och d'Rhinozeros, wéi déi massakréiert ginn. Do hues de wierklech gemierkt, datt s de muss haart si fir deen Job."

Déi, déi schéissen, sinn dacks déi, déi am mannsten hunn. Fir si géif also vill um Spill stoen.

D'Ausbildung weiderféieren

Déi ganz Zäit während hirer Ausbildung am Norde vu Südafrika huet d'Sophie Di Vora an hirem klengen Zelt geschlof. Dobäi wier hir bewosst ginn, datt een eigentlech "net vill bräicht".

Fir de Moment kéint déi 19 Joer jonk Fra schonn an enger Lodge schaffen an Toure fir Touristen ubidden. Et wier awer net esou liicht, an enger Lodge ugestallt ze ginn. Well: Fir e Visa ze kréie fir do ze schaffen, misst nogewise ginn, "datt grad du gebraucht gëss an net eng Persoun aus dem Land", esou d'Sophie Di Vora.

D'Ausbildung als Trailerguide bei Ecotraining war fir déi jonk Fra awer just den Ufank. Fir den Ament kann d'Sophie Di Vora zwar Touren ubidden, muss awer um Auto bleiwen. Mat der Ausbildung zum Trailer-Guide ka si och mat den Touristen duerch d'Landschaft trëppelen.

D'Umeldung fir déi zousätzlech Ausbildung huet d'Sophie Di Vora scho lancéiert. Déi wier am Juli a géif ee Mount daueren. Heibäi misst een och léiere mat engem Gewier ëmzegoen. D'Sophie Di Vora ass prett dofir - just hire Papp misst nach vun der Iddi iwwerzeegt ginn.

Déi ganz Reportage iwwert d'Sophie Di Vora lauschterenplay_arrow