Radioen

On air

E-Lodie  |  Kilometre Club - The Starring Role In Undercover Mermaid

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ginn" oder "et gëtt"?

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

"Et ginn" oder "et gëtt"?

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eppes iwwer "et ginn" an "et gëtt".

auto_stories

5 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin a schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Caroline Döhmer: Mam Theema vun haut si mer bei de sou genannten existenzielle Konstruktiounen. An do kënne mer direkt mat engem klengen Test ufänken. Wéi sees du: "hei ginn et Ausnamen" oder "hei gëtt et Ausnamen"?

Simon Larosche: Hei ginn et Ausnamen

Dat selwecht kann ech elo och mat engem anere Sazbau maachen: "et gi Beispiller" oder "et gëtt Beispiller" an esou weider.

An et kann ee béides soen oder wéi?

Jo, et gëtt definitiv béides benotzt.

Ech schécken e schéine Bonjour eraus un d'Ekipp vun der schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, déi dee Phenomeen empiresch iwwerpréift huet. De Saz, ëm deen et an hirem Test goung, war eng Iwwersetzung: "Warum gibt es Leute, die ...". An do hunn iwwer 1.000 Leit entweeder mat "firwat ginn et Leit" oder mat "firwat gëtt et Leit" geäntwert.

A wéi vill Leit soten do "ginn et"?

Mat der App konnten se erausfannen, datt 69 % vun de Leit d'Konstruktioun mat "ginn et" benotzt hunn an 31 % mat "gëtt et".

Dat ass awer eng staark Tendenz fir d'Form "et ginn"!

Jo, dat huet mech och iwwerrascht! Interessant ass och, datt bei eelere Leit (also 65+) d'Verdeelung bal 50/50 ass mat "gëtt et" oder "ginn et". Wat d'Leit awer méi jonk sinn, wat d'Tendenz bei de "ginn et" méi grouss gëtt. Trotzdeem koexistéieren dës Konstruktiounen.

A firwat ginn et déi zwou? Oder sollt ech soen "gëtt et" déi zwou?

Genee dat wëll ech haut eng Kéier am Detail erklären. Ka sinn, datt ech dofir e bëssen iwwerzéie muss.

Fänke mer mol beim Verb un: "ginn". Dat ka jo am Lëtzebuergesche verschidde Funktiounen hunn:

ginn = "geben" / "donner" (hatt gëtt der säi Bic)
ginn = Passivhëllefsverb (si gëtt gefrot)
ginn = Konjunktivhëllefsverb (hatt géif laachen)
ginn = Kopulaverb (hie gëtt Pilot)
... an dann nach "ginn" als existenziell Konstruktioun: Et gëtt iwwer 5.000 Zorten Äppel. Dat heescht "et existéieren iwwer 5.000 Zorten Äppel".

Mer gesinn also, datt "ginn" vill Funktioune kann hunn. Nieft dem "ginn" fanne mer an all Existenz-Konstruktioun de Pronom "et".

Has de net schonn eng Kéier eng Episod iwwer den "et" gemaach?

Ganz genee! An och den "et" ka vill Funktiounen hunn, an och dat kann en Afloss op d'Konstruktioun hunn. Beim Saz "Et gëtt 1.000 Grënn" huet den "et" d'Funktioun vum onperséinleche Sujet (wéi bei "et reent").

Dat ass normalerweis e Sujet ouni inhaltlech Bedeitung, deen ech am Fong just grammatesch brauch, fir meng Konstruktioun opzebauen.

Bei engem Saz wéi "et hunn dräi Leit fir dech ugeruff" oder "et koumen 100 Leit op de Concert" huet den "et" nees eng aner Funktioun, do ass e Pseudo-Sazglidd oder e Virfeld-Dummy, wéi ech dat genannt hat. En ass just Deko vir am Saz, well déi éischt Plaz net dierf eidel bleiwen. En huet do keen Afloss op d'Verb: Well "et" ass zwar Singulier, mee d'Verben an de Sätz riichte sech no hirem Sujet am Pluriel: Et koumen 100 Leit. An net: *Et koum 100 Leit.

Hei gesäit een, datt den "et" net ëmmer de Sujet muss sinn, och wann e ganz vir am Saz steet. Mer verhalen eis also, datt den "et" net ëmmer d'Verb steiert. An et kann duerchaus sinn, datt dat och e Facteur ass, firwat den "et ginn Ausnamen" méiglech ass.

Zeréck bei eis Form "et gëtt Ausnamen": Hei ass den "et" de grammatesche Sujet, deen Afloss op d'Verb huet. A wann ech deen als Startpunkt fir mäi Verb huelen, da steet et am Singulier: et gëtt.

Kléngt logesch. A wat ass de Startpunkt bei "et ginn"?

Lo gëtt et spannend! Bei enger Konstruktioun wéi "et gëtt Ausnamen" hu mer jo nach d'Sazglidd "Ausnamen". Dat ass zwar formal gesinn en Akkusativ, mee et gesäit aus wéi en Nominativ a kéint doduerch och als logesche Sujet interpretéiert ginn!

Dat heescht?

Et gëtt esou gemaach, wéi wann de Startpunkt "Ausnamen" wier an doduerch steet d'Verb op eemol am Pluriel: et ginn Ausnamen. Sou wéi bei "et existéieren Ausnamen". Hei gouf d'Iddi vum grammatesche Sujet "et" gekippt, well d'"Ausnamen" als logesche Sujet vläicht méi gräifbar sinn. Et ass awer och esou, datt déi Plurielvariant fir vill Leit "falsch" kléngt, well fir si den "et" als grammatesche Sujet méi dominant ass.

Ech maachen nach eng Kéier e Beispill, fir dat ze verdäitlechen:

Sou laang et Reegele gëtt. = o.k. (dominante Sujet: et).
Sou laang et Reegele ginn. = o.k. (dominante "Sujet": Reegelen)

D'Viraussetzung ass awer, datt ech e Substantiv hunn, dat ausgesäit wéi e Sujet. Wann ech dat Ganzt mat engem Pronomen duerchspillen, ass de Pluriel "ginn" blockéiert:

Sou laang et eis gëtt. = o.k. (dominante Sujet: et).
Sou laang et eis ginn. = net o.k. ("eis" ka kee Sujet sinn).

"Eis" ass definitiv keen Nominativ (dee wier "mir") a kann dofir net als dominante Sujet geholl ginn.

Wow, hat mer dat guer net sou komplizéiert virgestallt.

Komm, ech faassen nach eng Kéier zesummen, wéi et zur Form "et ginn Ausnamen" kënnt:

  • déi vill Funktioune vum Verb "ginn", déi et am Gebrauch méi flexibel maachen,
  • d'Verwiesslung vum "et" als grammatesche Sujet mat "et" als Pseudo-Sazglidd,
  • d'Iddi vun engem neien dominante Sujet, d. h. d'Interpretatioun vum eigentlechen Objet als logesche Sujet, well den Nominativ an den Akkusativ d'selwecht ausgesinn.

Wat war dat elo genee mam Nominativ a mam Akkusativ?

Bei de Substantiver gesinn déi d'selwecht aus! Dat kann ech haut awer leider net méi erklären. D'nächst Woch erzielen ech méi doriwwer!

Da freeë mer eis a soen der merci fir deng Erklärunge vun haut.

Merci och a bleift virwëtzeg, well et ginn / et gëtt nach vill flott Phenomeener am Lëtzebuergeschen.

An nach eng kleng Saach: Benotzt wgl. d'schnëssen-App, well déi Donnéeën hëllefen de Linguisten, d'Struktur an d'Entwécklung vum Lëtzebuergesche besser ze verstoen! Einfach gratis downloaden a lassleeën.