Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et fänkt een un iwwer d'Liewen nozedenken"

SOT EMOL

"Et fänkt een un iwwer d'Liewen nozedenken"

De Covid hat de Serge Basso de March zolidd erwëscht. En hat dem Doud wuel net an d'Aen gekuckt, mee en huet en awer um Horizont gesinn, seet de fréieren Direkter vun der Kulturfabrik zu Esch.

auto_stories

2 min

Et denkt een iwwer de Sënn vum Liewen no, an do hu beim Serge Basso de March e puer Zären ugefaangen auszeschloen. D'Decisioun fir an d'Pensioun ze goe war séier geholl. "Et ginn Dreem déi ech nach wëll erliewen", betount de Serge Basso de March.

"Et ass eng Rolls-Royce mat engem 2CV-Chassis ouni Bensinn"

Genee esou huet de Serge Basso de March d'Kulturfabrik bei senger Arrivée 2002 beschriwwen, a wie refuséiert schonn eng "Rolls Royce". Eng Plaz wéi d'Kulturfabrik gëtt et der ganz wéineg:

"A la fois un lieu d'accueil, à la fois un lieu qui fait bar, restaurant, avec autant de salles, toute cette diversité, cette pluriculturalité, ce problème transfrontalier. Enfin, c'est un lieu unique quelque part, donc on le lâche pas quand on vous l'offre."

De Serge Basso de March hätt ugangs och net gegleeft datt seng Aventure Kulturfabrik mat deenen Dimensiounen 18 Joer laang géif daueren.

"Je suis un peu clown"

Eng vun den Tracen, déi der Serge Basso de March an der Kulturfabrik hannerléisst ass de "Festival des Clowns", e Genre deen him ferm um Häerz läit. Him gefält virun allem d'Laache vun de Clownen, e Laachen dat derangéiert an eis uschwätzt. Et ass e Laachen, dat de Mënsch nees an den Zentrum setzt. Och wann dacks gesot gëtt de Clown wier bannendran traureg.

Comme disait W.C. Fields: 'Le clown est triste parce qu'il est mal payé'(....) Oui, mais l'avantage du clown, c'est qu'il garde sa tristesse pour l'intérieur et pour chez lui. Et dans le monde public il est gai, je suis un peu comme ça, oui."