Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ et ass krank, et reent, et feelen dräi Schüler

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

et ass krank, et reent, et feelen dräi Schüler

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eppes iwwer de sächleche Pronomen "et".

auto_stories

4 min

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simon Larosche: Den "et" hate mer dach scho beim "hatt/si" an och bei de staarken a schwaache Pronomen. Gëtt et do nach méi ze erzielen?

Ma mir haten effektiv schonn doriwwer geschwat, awer Pronome sinn immens vilfälteg a grad den "et" huet vill verstoppten Talenter, déi een op den éischte Bléck vläicht net direkt erkennt.

Wéi vill Talenter huet en dann?

Insgesamt ginn et véier Funktioune vum "et":

e kann als Personalpronome benotzt ginn: et ass krank
e kann als onperséinleche Sujet benotzt ginn: et reent
e kann e Korrelat sinn: et ass wichteg, datt driwwer geschwat gëtt
e kann e Pseudo-Sazglidd sinn: et gëtt geschafft, et feelen dräi Schüler

Du hues zwar elo eenzel Beispillsätz genannt, mee dat muss de eis mol nach eng Kéier méi genee erklären, wannechgelift. Mat Wierder wéi "Korrelat" a "Pseudo-Déngens" kann ech leider net vill ufänken.

Jo, dat ass e bësse vill beieneen, an déi Terminologie ass och e bësse speziell. Dofir lo nach eng Kéier am Detail:

"et" als Pronomen (3. Pers. Sg. Neutrum, schwaach Form, Nominativ, Akkusativ)

Persounen: d'Monique ass krank → et ass krank, ech hunn d'Monique gefrot → ech hunn et gefrot
Net-Persounen: dat Buch liest sech gutt → et liest sech gutt, ech hu mir dat Spill kaf → ech hu mir et kaf

"et" als onperséinleche Sujet (méi seelen och als Objet)

Klassesch bei de sougenannte Witterungsverben: et reent, et schneit, et dimmert.

An dann och onperséinlech bei existenzielle Konstruktioune mat "et gëtt": haut gëtt et vill ze entdecken. Et gëtt Leit, déi just online akafen.

Hei wéilt ech an enger anerer Episod ganz gären op den Ënnerscheed agoen tëschent "et gëtt Leit" an "an et gi Leit". Hei schéngt sech nämlech bei ville Leit eng Tendenz ze bilden, de Sujet an dëser Konstruktioun ze re-interpretéieren. Wat sees du, Simon? Do ginn et zwou Varianten oder do gëtt et zwou Varianten?

S: _____

Dat ass wierklech eng mega intressant Konstruktioun, mee wéi gesot: Méi dozou eng aner Kéier, soss kommen ech mat den et-Funktiounen net méi duerch haut!

Nees zeréck bei eisen onperséinlechen "et":

En onperséinlechen Objet ass och méiglech, mee wéi gesot, éischter seelen. Dat wier eppes wéi "maach et gutt" oder "lo hues de et gepackt" (beim leschte Saz dierf natierlech keng direkt Referenz virleien, wéi bei "dat lescht Stéck vum Marathon", soss si mer nees beim normale Personalpronomen).

Korrelat

E Korrelat ass am Fong eppes, wat innerhalb vun engem Saz verweist. Also wann ech soen "et ass schéin, datt ech hei sinn" an ech dann d'Fro stellen "Wat ass schéin?", dann ass d'Äntwert net "et", mee "datt ech hei sinn". E Korrelat brauch an dësem Fall ëmmer en Niewesaz, op dat et ka verweisen.

D'Korrelat fält dann ewech, wann ech den Niewesaz, op deen et verweist, op seng Plaz gestallt gëtt: Also "et ass schéin, datt ech hei sinn", gëtt zu "datt ech hei sinn, ass schéin". Ech brauch elo kee Korrelat méi vir, well ech direkt mam Subjektsaz ugefaangen hunn. Et ass typesch fir Korrelater, datt se vun hirem Saz, op dee se verweisen, kënne geschléckt ginn.

Pseudo-Sazglidd am Ufank vum Saz (Virfeld-Dummy)

Et steet en Här virun der Dier.

Et ware vill Leit um Neijoerschpatt.

Wourunner kann ech erkennen, datt dat e Pseudo-Sazglidd ass?

Wann ech mäi Saz ëmstellen, da verschwënnt den "et" ganz séier. Dat heescht an der Linguistik "Permutatiounstest":

Et steet en Här virun der Dier → Virun der Dier steet en Här. En Här steet virun der Dier.

Et ware vill Leit um Neijoerschpatt. → Um Neijoerschpatt ware vill Leit. Vill Leit waren um Neijoerschpatt.

Ech kann och e "Substitutiounstest" maachen, also den "et" duerch eppes aneres ersetzen. Amplaz "et feelen dräi Schüler" kann ech soen: "Haut feelen dräi Schüler" oder "Elo feelen dräi Schüler". Den "et" war am Fong just do, fir déi éischt Plaz am Saz anzehuelen, well virum Verb muss an engem normalen Haaptsaz ee Sazglidd stoen. Déi Plaz heescht "Virfeld" an den "et" ass dann do de "Virfeld-Dummy".

Virfeld-Dummy, dat kléngt cool!

Jo, méi cool gëtt et haut och net méi, well lo si mir um Enn!