An der Nuecht vum 26. op de 27. November 1918 sinn zu Esch méi ewéi 60 Butteker geplëmmt ginn: D'Escher waren esou rosen op d'Geschäftsleit, datt si hir Regaler a Vitrinne futti geschloen hunn. Mee obwuel grousse Materialschued entstanen ass, sinn d'Onroue vun deemools relativ séier nees a Vergiessenheet geroden.
Zwee jonk Historiker vun der Uni Lëtzebuerg hunn d'Evenementer vun deemools elo fir d'Online-Ausstellung "Minett Stories" nei opgeschafft. D'Julia Harnoncourt an den Daniel Richter si bei hire Recherchen ënner anerem op en ausféierleche Police-Rapport iwwer d'Onroue vun November 1918 gestouss. Deen hu si esou spannend fonnt, datt si en zu engem Audio-Stéck mam Titel "Tumulte in Esch" verschafft hunn.
Mee däerf een als Historiker iwwerhaapt esou kreativ mat Geschicht ëmgoen? Dat ass eng vun de Froen, déi de Rick Mertens deenen zwee an der "Zäitspuer" gestallt huet.