Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Bis Mëtternuecht soll en Accord fonnt ginn

Biodiversitéits-Konferenz zu Roum

Bis Mëtternuecht soll en Accord fonnt ginn

Et ass d'Fortsetzung vun der COP vu Cali a Kolumbien, déi ugangs November zejoert ouni Accord op der Fro vum Finanzement op en Enn gaang war.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

© picture alliance / Bonn.digital | Marc John play_arrow
(Foto: picture alliance / Bonn.digital | Marc John)

Gebraucht ginn 200 Milliarden Dollar d'Joer bis 2030, fir déi ambitiéis Ziler a Saachen Erhalt vun der Natur an hirer Aartevillfalt kënne ze erreechen.

Lëtzebuerg gëtt zu Roum vum Eric Schauls, Beamten am Ëmweltministère vertrueden. Hie klengt net optimistesch wat den Ausgang vun der Konferenz ubelaangt:

"Am Moment gesäit et net mega gutt aus, déi Negociatiounen si grad voll amgaang, d'Länner sinn sech awer eens, dass et muss en Accord ginn, fir och ze weisen, Länner wéi den USA, mengen ech virun allem, dass Multilateralismus nach fonctionéiere kann. Ech mengen dat ass dat, wou se sech all eens sinn."

D'Positioune wieren awer zimmlech wäit auserneen, esou den Eric Schauls. Et wier just nach Zäit bis Donneschden Owend 12 Auer fir en Accord ze fannen. Eng Verlängerung géif et net méi ginn.

Lauschterenplay_arrow