D’Iwwerschrëft vum Artikel am Lëtzebuerger Wort wier vläicht e bëssen iwwerdriwwe gewiescht, seet den LSAP-Schäffen aus der Gemeng Déifferdeng, den Thierry Wagener, am 100,7-Interview. Am Artikel gëtt eng Jugend beschriwwen, déi ëmmer méi ängschtlech gëtt, an hir Plaz an der Gesellschaft net richteg fënnt. Ganz falsch wier d’Ausso aus dem Artikel awer net, seet den Thierry Wagener.
Net all Jonke wëll an ee Veräin
Zumools am Süde vum Land hätte vill Jonk Leit mat Aarbechtslosegkeet, Schoulofbréch, an Integratiounsproblemer ze kämpfen, seet den LSAP-Schäffen, dee sech an der Gemeng Déifferdeng ëm d’Aarbecht mat a ronderëm d’Jugend këmmert. Dobäi kéim de Logementsproblem, deen am Süden nach eng Kéier méi akut ass, wéi op anere Plazen am Land, betount den Thierry Wagener.
Natierlech dierft een dës Ausso net generaliséieren. Vill jonk Leit wieren och a Veräiner oder am Jugendhaus aktiv an engagéiert. Mee bei Jugendlechen, déi zum Beispill d’Schoul ofbriechen, wier de Wee ganz dacks predefinéiert.
"D'Jugend vun haut"
Ee Problem fir verschidde Leit schéngt et ze sinn, datt d’Gruppe vu Jugendleche sech am ëffentleche Raum ophalen, an aner Leit steieren. Dat, well si zum Beispill haart Musek lauschteren oder Dreck maachen. Am 100,7-Interview probéiert den Thierry Wagener dës Stereotyppen ze relativéieren. “Och eis Grousselteren hu sech schonn iwwer d’Jugend opgereegt.” Wouer wier allerdéngs och, datt et deels der Realitéit entsprécht. Dreckeg Schoulhäff wiere beispillsweis eng Konsequenz dovunner gewiescht.
Fir den Déifferdenger Schäffen ass et wichteg, sech d’Fro ze stellen, firwat déi Jugendlech sech op sou Plazen treffen. Natierlech misst ee si heiansdo bremsen, mee et misst een och op si agoen, erkläert den Thierry Wagener. Dat geet mat Streetworker, mee och d’Gemeng selwer misst eng Virreiderroll spillen.
Een ausgedéngte Partybus
Ee Léisungsusaz aus Siicht vun der Déifferdenger Gemeng ass et, spezifesch Plazen auszeweisen, wou déi Jonk zesumme “squatte” kënnen. Dëst wiere Plazen, op deene sech déi jonk Leit souwisou treffen, ouni datt ee si aus der Stad erauszitt. “Net all Jonke wëll an ee Veräi goen oder an ee Jugendhaus”, gëtt den LSAP-Schäffen ze bedenken. Dofir wier et als Gemeng wichteg, ee Spagat hinzekréien, wou een op där enger Säit aktiv op déi Jonk duer geet, ouni awer ze vill ze intervenéieren an “ze streng” riwwer ze kommen.
Ee konkret Beispill wäert elo zu Nidderkuer entstoen, wou d’Gemeng ee Parking definéiert huet, op deem jonk Leit sech elo schonn treffen. E wier och net all ze wäit vum Schoulhaff fort, erkläert den Thierry Wagener. Mat engem fréiere Partybus soll dës Plaz och zousätzlech amenagéiert ginn.
Duerch dës Initiativ hätt een eng oder puer Plazen, wou een aktiv op déi jonk Leit kéint duerkommen. Dat wier awer näischt, wat Politiker:inne sollen iwwerhuelen, warnt den Thierry Wagener. Dofir hätt d’Gemeng kompetent Jugend-outreacher an eeben hir Streetworker.
Kanner net "a Watt upaken"
Natierlech sollt et ni esou wäit kommen, datt jonk Leit sech an der Gesellschaft net wuel fillen. An deem Kontext wier awer och den Educatiounsministère gefuerdert, betount den Déifferdenger Politiker. An effektiv wier d’Alphabetisatioun op Franséisch schonn eng grouss Hëllef fir francophone Kanner. Op Däitsch kënne si dacks net mat hiren Elteren zesumme schaffen. Och hiert Selbstwäertgefill geet erof, well si fäerten, am Cours matzeschaffen, well d’Sprooch eng Barrière ass.
Fir datt d’Kanner awer och manner ängschtlech ginn an Zukunft, sollt ee si net méi “a Watt apaken”, mengt den Thierry Wagener. Kanner wieren hautdesdaags dacks hyperprotegéiert, a géingen esou och net léieren, Konflikter selwer ze léisen an Néierlagen anzestiechen.