Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Sir Archer - Heed The Call

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng wonnerschéi Vue iwwer de Belval

Lëtzebuerg entdecken

Eng wonnerschéi Vue iwwer de Belval

An eiser Serie Lëtzebuerg entdecken, hu mir eis scho mam Biergbau hei am Land beschäftegt, zum Beispill am Minne-Musée zu Rëmeleng, wou gewise gëtt, wéi d'Material ofgebaut gouf. Dës Kéier geet et ëm eng Plaz, wou dat Material verschafft gouf, an zwar d'Héichiewen um Belval.

auto_stories

2 min

82 Meter héich ass den Héichuewen A um Belval, deen ee sech haut kann ukucke goen. Bei ganz spezielle Visitte geet et dann och bis bal ganz erop, mee am Normalfall ass op 40 Meter Schluss. Dat ass och net schlëmm, well nodeems een déi 180 Träppleker fir dohinner eropgaangen ass, huet een eng schéi Vue iwwer de Site. Déi kann een dann op eege Fauscht entdecken, oder et mellt ee sech fir eng Visite un. An do gëtt een dann eppes iwwer d'Geschicht vum Site gewuer, seet d'Christiane Bram vum Fonds Belval.

1913 hätten déi éischt Héichiewen ugefaangen ze produzéieren. "Wat awer vill Leit net wëssen, ass datt hei virdrun eng Quell war a Mineralwaasser produzéiert gouf." Déi hätt missten ophalen, wéi d'Produktioun vu Stol an Eisen ugefaangen huet. Um Ufank wiere sechs Héichiewe gewiescht, dono hätt ee mat dräi méi performanten Iewe virugeschafft. Dat sinn déi, déi haut nach vum Belval stinn. D'Héichiewen A a B géifen nach ganz do stoen, während vum C just nach d'Fundament steet.

D'Geschicht gëtt et an der sougenannter Massenoire, wou een de Geroch vun der Produktioun vun deemools an d'Nues kritt. Dono geet et dann op den Héichuewen erop.

Wann een dann um Héichuewen ass, huet een e gudde Bléck doriwwer, wéi sech de Site entwéckelt huet a wat haut do wichteg ass.

"An zousätzlech kann ee sech nach d'Cité des Sciences ukucken. Wou mir da gesinn, wéi déi Stad sech nei entwéckelt huet, wéi eben de ganzen neie Quartier mat der Uni gebaut gouf. Wou een dann och Erklärungen zu de Gebaier, wéi der Bibliothéik kritt."

Fir Kanner gëtt eng Schatzsich ugebueden, sou d'Christiane Bram vum Fonds Belval. Kanner kréien hei op eng einfach Aart a Weis d'Geschicht erkläert. "Datt si och wëssen, firwat déi Eise-Monster hei stinn. An da kréien si eng Kaart mat Indizien, deenen si mussen nogoen, fir dann eben de Schatz ze fannen. An da kréien si och nach e klenge Schatz mat heem", sou d'Christaine Bram.

Déi méi Sportlech kënnen hir Visite vum Héichuewe mat engem Vëlos-Tour kombinéieren.

Bis Enn Oktober kann een op den Héichuewen erop. Den 19. Oktober huet een d'Méiglechkeet d'Héichiewen an der Nuecht kennenzeléieren. Da kann een och mat enger Kapp-Luucht bis eropklammen.