Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng Pärelskette fir d'Stad"

Tram

"Eng Pärelskette fir d'Stad"

Iwwer 40 Joer nodeems dee leschten Tram zu Lëtzebuerg gefuer ass, fiert dëst Transportmëttel elo geschwënn nees duerch d'Haaptstad. Domadder suivéiert de Grand-Duché enger urbanistescher Entwécklung, déi fir vill europäesch Stied typesch ass: Zënter de 60er Jore stoung laang Zäit den Auto am Mëttelpunkt vun de Städteplaner, elo ass et nees den ëffentleche Verkéier.

auto_stories

6 min

1958 huet de Regierungsrot decidéiert, datt de Kierchbierg als neie Staddeel soll erschloss ginn. Mat engem "modernen architektoneschen an urbanistesche Konzept" sollt op der grénger Wiss "d'europäesch Stad vun der Zukunft" entstoen. Am nämmlechten Zäitraum decidéiert d'Stad Lëtzebuerg den Tram ofzeschafen.

Wirtschaftlech war d'Erschléisse vum Kierchbierg eng sënnvoll Decisioun. Déi urbanistesch Approche war manner duerchduecht, seet de Professer fir Stadfuerschung op der Uni Lëtzebuerg, de Markus Hesse. A ganz Europa wieren d'Weichen nei gestallt gi fir den Ëmbau vun de Stied, an dat no de Bedierfnisser vum Auto. Lëtzebuerg wier hei keng Ausnam gewiescht.

Eng urbanistesch Entwécklung

1964 verschwënnt den Tram aus der Stad. De gréngen Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch kann déi deemoleg Entwécklung novollzéien. An de 60er Joren war de Siegeszuch vum Auto, an den Tram ass als eppes aus engem aneren Zäitalter ugesi ginn.

Mä net all Stied schloen an de 1960er Joren dëse Wee an. Eng Ausnam ass zum Beispill Zürech. Do warnt den Architekt an Urbanist Hans Marti de Gemengerot schonn 1964, datt Infrastrukture fir den Auto de Stadzentrum wäerten iwwerlaaschten. Aus urbanisteschen an ekonomesche Grënn misst een den ëffentlechen Transport privilegéieren. Zürech huet genee dat gemaach - wat de François Bausch bewonnert. Et wier genial, an de 60er Joren schonn esou eng Visioun gehat ze hunn, an et misst een dofir haut bal de Friddensnobelpräis kréien, mengt hien.

De Wonsch, sech ze motoriséieren

D'Planungskulture si vu Land zu Land a vu Regioun zu Regioun ganz ënnerschiddlech - et kann een déi verschidden Entwécklungen also net verallgemengert erklären, betount de Markus Hesse. Am Réckbléck wier et einfach, vermeintlech Feeler an der Landesplanung ze kritiséieren.

Et wieren d'Leit selwer gewiescht, déi de Wonsch haten, sech ze motoriséieren, an et hätt een d'Entwécklung vum ëffentleche Raum dësem Verhalen ugepasst. Heiansdo géing et dann och mol Joerzéngten daueren, bis datt ee mierkt, datt d'Stad op eemol eng ganz aner wier.

An dat ass d'Stad Lëtzebuerg haut, notamment wéinst dem ville Stau. Dat soll den Tram elo änneren. Dobäi ginn déi éischt Fuerderungen nom Retour vum Tram op Enn vun den 1980er Joren zréck - deemools huet d'Stroossebunn besonnesch a franséische Stied ee Revival erlieft. Dorunner inspiréiere sech déi Gréng, déi 1987 am Gemengewahlkampf den Tram fuerderen. 1991 entsteet eng Biergerinitiativ fir den Tram an och de Mouvement Écologique mobiliséiert sech fir dës Iddi.

E metropolescht Verkéiersmëttel

D'Faszinatioun fir den Tram hätt vill mat Symbolik ze dinn, seet de Stadfuerscher Markus Hesse. Et wier och e metropolescht Verkéiersmëttel, an et géing ee sech e bësse wënschen, eng Metropol ze sinn.

Fir de grénge Politiker François Bausch sinn et éischt Mobilitéitsproblemer, déi Enn den 1980er Joren an der Stad opkommen, an domat den Asaz vun Ëmweltschutzkreesser fir den Tram erklären. An och urbanistesch Froen hätten eng Roll gespillt. De Kierchbierg wier deemools nach net vill entwéckelt gewiescht. Wann een de Stadkär, also d'Alstad, mat deem Quartier wéilt verbannen, da bräicht een esou e Verkéiersmëttel, esou den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch.

Eng Autosmentalitéit

Bis 2014 dunn effektiv an der Chamber d'Finanzéierungsgesetz fir den Tram gestëmmt gouf, huet et laang gedauert. Besonnesch an der DP an an der CSV gouf et laang Widderstänn géint de Projet. Eng vun der Politik iwwer Joerzéngte kultivéiert Autosmentalitéit géif dat erklären, seet de François Bausch.

Dat géif och erklären, firwat déi gréng laang Zäit vun engem méiglechen Equiliber tëscht dem Auto an dem ëffentleche Verkéier geschwat hunn. Et hätt een d'Front vun den Tramgéigner net wëllen zousätzlech provozéieren. Wann een an de Stied eng Liewensqualitéit wéilt schafen, déi deen Numm och verdéngt, da misst den Auto an der Stad gedult ginn, mä méi awer och net.

Eng iwwerflächlech Debatt

D'Tramdebatt gouf just iwwerflächlech gefouert, bedauert de Markus Hesse. Sou hätte sech ni kloer Positiounen a belaaschtbar Argumenter op Säite vun de Sympathisanten an de Géigner kënnen erausschielen. Datt de Projet esou lues virukomm wier, hätt iwwerdeems mam gerénge Stellewäert vun der Landes- a Stadplanung zu Lëtzebuerg ze dinn, esou de Professer vun der Uni Lëtzebuerg.

D'Land hätt sech ganz rapid entwéckelt a wier vun enger liberalistescher Haltung gepräägt. Dat hätt e gewësse "laisser-faire" gefërdert, wat fir d'Landesplanung net gutt gewiescht wier.

Eng polyzentresch Entwécklung

Den Tramprojet huet Elementer vun enger iwwerregionaler Planung, wéinst de Peripherie-Garen an der geplangter Erweiderung vum Reseau iwwert den Territoire vun der Stad eraus. Verbonne ginn déi Quartieren, wou vill Leit schaffen, erkläert de François Bausch.

Duerfir wiere vill Arrêten néideg, an net ee City-Tunnel fir en Zuch mat just enger oder zwou Garen, sou wéi d'ADR et proposéiert hat. D'Stad hätt sech polyzentresch entwéckelt, mengt de grénge Politiker, an dëser Entwécklung misst een och Rechnung droen. Duerfir brauch et ee Verkéiersmëttel mat enger héijer Qualitéit an héijer Kapassitéit, déi "wéi an enger Pärelsketten alles matenee verbënnt".

Eng laangfristeg Léisung?

D'Approche vum Tramprojet mat sengen iwwerregionalen Elementer wier interessant, seet de Markus Hesse. Et misst ee sech awer d'Fro stellen, ob ee gudde Bussystem op enger eegener Spur net méi bëlleg gewiescht wier. D'Tram géif d'Stad allerdéngs dekoréieren.

Et wier awer net kloer, ob den Tram d'Verkéiersproblemer an der Haaptstad an och ronderëm laangfristeg kéint léisen. Et géing dräi Prozent Verkéierswuesstem op verschiddenen Deeler vun der Autobunn pro Joer ginn. Den Tram kéint dozou bäidroen, an den nächsten zéng Joer e gudden Deel vun dësem Wuesstem opzefänken. Wat duerno kënnt, misst een da kucken, mengt de Markus Hesse.

Eng Landesplanung, déi zesummenhänkt

Nieft dem enorme Wuesstem, hätt d'Stad de Problem, datt vill méi Aarbechtsplaze wéi Wunnraum geschaaft ginn, seet de Professer fir Stadfuerschung op der Uni Lëtzebuerg. Eng Analys mat där den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister averstanen ass.

Um Kierchbierg kéint dës Entwécklung mat de geplangte Wunnengsbauprojeten zum engem Deel nees korrigéieren. De François Bausch nennt de Ban de Gasperich als "Paradebeispill" fir eng falsch Landesplanung. Et hätt een als éischt missten d'Fro no den Infrastrukture klären, ier datt een den urbanistesche Volet an Ugrëff hëlt, esou de grénge Politiker.

Fir d'Landesplanung an d'Verkéiersproblematik an de Grëff ze kréien, ass den Tram fir de François Bausch ee Schlësselelement. Et missten ënnert dem Stréch also zwee Tabue gebrach ginn: Virop deen, datt den Auto eng prominent Plaz an de Stied ka behalen. An zweetens deen, datt jiddereen an enger Villa am Grénge ka wunnen.