Radioen

On air

Notturno  |  Audiopsy - Orwell

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng méi laang Geschicht an eng länger Geschicht

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Eng méi laang Geschicht an eng länger Geschicht

D'Linguistin Caroline Döhmer, déi beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch schafft, erzielt eppes iwwer de Komparativ, d'Steigerung vun Adjektiven am Lëtzebuergeschen.

auto_stories

4 min

Caroline Döhmer ass Linguistin am Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

Simon Larosche: Komparativ: Wat ass dat scho méi?

Caroline Döhmer: Dat ass d'Steigerung vun Adjektiven, also mir hunn d'Adjektiv a senger Grondform (Positiv) an dann hu mer nach de Komparativ an de Superlativ.

Ok, lo brauche mer nees Beispiller, fir déi ganz Fachbegrëffer ze verstoen ...

Déi meescht Adjektive kënnen op dës Manéier gesteigert ginn:

schéin méi schéin (am) schéinsten
nei méi nei (am) neisten
ellen méi ellen (am) ellensten
waarm méi waarm (am) wäermsten

Firwat déi meescht? Wéi eng dann net?

Et ginn der, déi si vun der Bedeitung hier blockéiert: autofräi, schwanger oder wuertwiertlech. Déi loosse sech graduell net ënnerscheeden (ausser, et ass e Wuertspill).

Wann een dës Formen dann awer steigert, schwätze mer an der Linguistik vum Hyperlativ, engem falsche Superlativ: deen autofräiste Sonndeg, déi schwangerst Fra. Ech weess, du bass ëmmer frou, wann ech falsch Saache soen.

Dann hu mer och déi Zort Steigerung, wou d'Wuertform ännert. Dat sinn dann dës Adjektiven an Adverben: gutt, wéineg, vill, gär. Hei gëtt kee "méi" drugehaangen, mee mer kréien do sou genannt suppletiv Formen (nei Wuertstämm):

gutt besser (am) beschten
wéineg manner (am) mannsten
vill méi (am) meeschten
gär léiwer (am) léifsten

De "wéineg-manner" huet dann nach eppes Spezielles: Et fënnt een och d'Form "méi oder wéineger", mee dat muss een dann als komplett Tournure gesinn (et geet awer och: méi oder manner). Et géif een allerdéngs net soen: et ware wéineger Leit op der Fouer wéi dat Joer virdrun. Obwuel ech och do Beispiller am Internet fonnt hunn. Ech géif awer soen, datt déi meescht Mammesproochler d'Form "manner" ëmmer géife virzéien. Esou Feeler entstinn och dacks duerch Analogien zum Däitschen.

Hei nach e Beispill: Et gëtt jo den Ausdrock "es gibt kein Besser oder Schlechter". Do hunn ech dann och Forme fonnt à la "wat ass elo besser, wat schlechter?". Dat wier eigentlech: Wat ass elo besser, wat méi schlecht? Esou Feelkonstruktiounen entstinn awer heiansdo am Schwätzen.

Spezialfäll

An dann hu mer nach e puer Spezialfäll. Ech wéilt hei gär op dräi Stéck méi genee agoen:

al eeler // méi al (am) eelsten
grouss gréisser // méi grouss (am) gréissten
laang länger // méi laang (am) längsten

Hei ginn et funktional Ënnerscheeder: "eng eeler Fra" ass eppes anescht wéi "eng méi al Fra"; "eng gréisser Baustell" ass eppes anescht wéi eng "méi grouss Baustell"; "eng länger Geschicht" ass eppes anescht wéi "eng méi laang Geschicht". Déi Forme mam "-er" (eeler, gréisser, länger) si verhältnisméisseg al/grouss/laang. Dat erkläert sech meeschtens am soziale Kontext. Wann ech awer eng Form mat "méi" benotzen, steet dës Form ëmmer am Verglach mat eppes: méi al wéi XY, méi grouss wéi XY, méi laang wéi XY.

D'Form op "-er" nennt een an der Linguistik de synthetesche Komparativ. Dee mat "méi" ass den analytesche Komparativ. Et ass awer sou, datt dës och kombinéiert ginn.

Hei gouf et e Beispill an engem online Commentaire: "wann ee gesäit wéi schéi kleng oder méi gréisser Haiser einfach verfaule gelooss ginn". Hei ginn also zwou Saache vum Spriecher däitlech gemaach: e Verglach an eng Verhältnisméissegkeet.

Oder och e Beispill wéi "eng méi länger Geschicht" weist, datt déi syntheetesch Form "länger" net als Vergläichsform interpretéiert gëtt.

Dat war jo lo eng länger Erklärung!