Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Libeserklärung un d'Laf

Biophilia

Eng Libeserklärung un d'Laf

Den Hierscht ass do: d'Beem liichten am gréng, giel, orange, rouden a loosse lues awer sécher hir Blieder falen. Mee mat de Blieder déi falen, gëtt et dobaussen nees méi haart: d'Laf, also d'Blieder, ginn esou séier wéi méiglech ewech geblosen oder obgesaugt. D'Tessy Steffen Koenig ass der Meenung, datt een d'Blieder roueg leie loosse soll.

auto_stories

2 min

Blieder si keen Dréck, mee hu vill wichteg Funktiounen. Foto: Sarah Muller

D'Blieder, déi vun de Beem falen, soll ee virun allem leie loossen, well si hir Funktioun hunn: d'Blieder bilden eng Aart Schutzschicht fir de Buedem.

Schutz fir de Buedem an d'Déieren

Am Hierscht an am Wanter, wann et ufänkt méi kal ze ginn, suergen d'Blieder dofir, datt de Buedem net fréiert oder ausdréchent. An och vill Déiere fannen hei Zouflucht: déi mat Pelz, Fiederen oder Picken - awer virun allem déi mat sechs, aacht oder méi oder kenge Been.

D'Blieder gi vu Wierm an Insekte gefriess an zersat. Hier Ausscheedunge ginn da vu Bakterien a Champignonen a wäertvollen Humus ëmgewandelt, deen de Buedem nees mat wichtegen Närstoffer versuergt an en düngt. Esou bleift deen natierleche Kreeslaf bestoen.

Villercher, déi sech am Wanter hei verstoppen, hunn direkt e risegen Insektebuffet virun der Dier - si fannen also ze friessen an hunn et niewebäi och nach gutt gemittlech.

Ma och de Kéisécker freet sech iwwer eng waarm Plaz fir déi kal Joreszäit ze verschlofen. Vun November un bis an de Mäerz oder Abrëll eran, hält hie säi Wanterschlof am léifsten ënner Hecken, oder an engem Koup mat Äscht a Laf, also Blieder an Äscht.

Amplaz vu Maschinne léiwer Kierbiischt oder Reech

D'Laf, dat um Trottoir oder de Stroosse läit, kann natierlech rutscheg oder geféierlech ginn. Mee do hu virun allem Gemengen d'Aufgab, net zu de Lafbléiser- oder Staubsauger ze gräifen an domat eng Virbildfunktioun anzehuelen.

Ofgesi vum Kaméidi, schueden dës Maschinnen deene ville Liewewiese - Kierwerlécken, Spannen, Insekten awer och Amphibien, ewéi kleng Fräschen, déi sech ronderëm an am Laf tommelen. Si gi mat enger Vitess vun ëm déi 160 Stonnekilometer ronderëm gewirbelt oder agesaugt, a bei Staubsauger mat Hexlerfunktioun och zerstéckelt.

Och fir de Mënsch sinn déi Maschinnen, zemools wa se motoriséiert sinn, geféierlech. Si wierbele renge Stëbs op a stousse Stéck- a Kuelemonoxid aus. Besser ass et deemno, zur Kierbiischt oder zum Reech ze gräifen an d'Blieder duerno bei Hecken oder ënner Beem ze leeën, fir datt och déi Planzen et am Wanter gutt waarm hunn.

Laf soll een net als Dreck gesinn

D'Blieder sinn eng natierlech Method vun der Natur ze recycléieren. Och a klenge Gäert oder Virgäertercher; wann een d'Chance huet, e bësse Gréngs bei der Dier ze hunn, da kann ee vill bewierken a Liewensraum fir aner Déiere schafe wann een de Laf leie léisst.

An ass et net och schéin, wann den Zonkebutz an d'Routbrëschtchen sech op de Koup aus Blieder an Äscht setzen, an eis am Wanter aus dem Bett ruffe kommen?