Radioen

On air

Kultur um 5  |  The Staves - I Don’t Say It But I Feel It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng international Perspektiv op den internationale Fraendag

Fräie Mikro

Eng international Perspektiv op den internationale Fraendag

Feminismus, Pazifismus an Ëmweltschutz gehéieren zesummen, fënnt d'Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender a fuerdert eng international Perspektiv op den internationale Fraendag, den 8. Mäerz 2019.

auto_stories

3 min

Muer ass internationale Fraendag. An ech huelen et direkt vir ewech: Jo, mir brauchen nach ëmmer e Fraekampfdag.

E laange Wee

1911 sinn an Däitschland, Éisträich an Dänemark zéngdausende Fraen op d'Strooss gaangen an hu fir hir politesch an zivil Rechter demonstréiert a fir eng Verbesserung vun hire Liewens- an Aarbechtskonditiounen. Et war den Ufank vum Weltfraendag an Europa.

Zanterhier huet sech vill verännert a sécher och verbessert an ech gedenke mat déiwem Respekt an Dankbarkeet un all déi vill Fraen, déi dës Fortschrëtter a Rechter, vun deenen ech haut profitéieren, erkämpft hunn. Awer um Zil ukomm si mir nach laang net.

Zanter 1975 erkennt och d'UNO den 8. Mäerz offiziell als internationale Fraendag un.

E strukturelle Problem

An dat ass gutt esou, well d'Diskriminéierung an d'Ausbeutung vu Fraen a geschlechtleche Minoritéiten ass keng Thematik, déi een op en nationale Kontext ka beschränken. Schliisslech handelt et sech ëm e globalen, strukturelle Problem mat villfältege Facetten an Auswierkungen.

An deene leschte Joren hunn déi international feministesch Beweegungen erëm zougeholl. 2015 ass an Argentinien d'Beweegung "Ni una menos" entstanen, déi sech zanterhier ënner anerem géint Femizider asetzt, also d'Ermuerdung vu Fraen duerch Männer. Lescht Joer sinn a Spuenien iwwer fënnef Millioune Fraen op d'Strooss gaangen an hu gestreikt. An d'Biller vun de "Women Marches" an den USA, als Reaktioun op déi fraefeindlech a riets Politik vum Donald Trump, grad sou wéi déi international Fraendemonstratioune géint d'Muechtergräifung vum brasilianesche President Bolsonaro, sinn nach ganz präsent.

An et geet weider. Muer streike Fraen net nëmmen an eisen dräi Nopeschlänner, mee och a Spuenien, der Schwäiz, den USA, Argentinien a Groussbritannien. Doriwwer eraus ginn et weltwäit Demonstratiounen.

Och zu Lëtzebuerg ee Problem

Och zu Lëtzebuerg gi mir muer op d'Strooss a weisen esou eis Solidaritéit mat alle Fraestreiker an Demonstratiounen. Ziler a Fuerderunge sinn dobäi weltwäit déi selwecht: Frae fuerderen d'Recht fir selwer iwwer hire Kierper ze bestëmmen a veruerteelen all Form vun Diskriminéierung a Gewalt opgrond vu Sexismus, Heterosexismus, Rassismus a Klassismus. Si fuerderen eng fair Opdeelung an Unerkennung vun der Haus-, Erzéiungs- a Fleeg-Aarbecht, sou wéi gerecht a mënschewierdeg Aarbechtsverhältnisser a Léin fir all Mënsch. Ausserdeem geet et muer bei all deene Streiks an Demonstratiounen och ëm den Asaz fir eng entmilitariséiert Welt a Fridden, an där weder Mënschen, nach d'Natur däerfen ausgebeut an zerstéiert ginn.

Zyniker_inne froen elo vläicht: Wat hunn da Fraerechter elo och nach mat Pazifismus an Ëmweltschutz ze dinn. D'Äntwert läit am Feminismus selwer. D'Ursaach vu Sexismus geet zeréck op joerhonnertenal Dominanzstrukturen an Herrschaftsverhältnisser. Konkret heescht dat: e Geschlecht mengt d'Recht ze hunn iwwer dat anert kënnen ze bestëmmen. Genee déi selwecht Dominanzstrukture féieren dozou, datt Mënsche mengen d'Natur dierfen ze beherrschen a fir déi eege Besoinen auszebeuten. An och politesch Muechtkämpf, déi zu Krich féieren, sinn duerch déi selwecht ongerecht a patriarchal Herrschaftsmuster gepräägt.

Anescht formuléiert: Eng selbstbekennend Feministin oder e Feminist, déi net rassismuskritesch a pazifistesch sinn, hunn hir Hausaufgaben net gemaach. Esou wéi Ëmweltschützerinnen a -schützer, déi sech net fir d'Gläichstellung vun de Geschlechter interesséieren, de Kär vum Problem nach net erkannt hunn.

A sou komme mir zeréck zum Motto vum Dag vu muer: Solidaritéit mat alle Fraestreiker an -demonstratiounen, Solidaritéit mat alle Mënschen, déi sech fir eng besser a méi gerecht Welt asetzen, am Sënn vun enger nohalteger Mënscherechtskultur!


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.