Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Hëllef fir Retarden opzeschaffen

Educatioun

Eng Hëllef fir Retarden opzeschaffen

Vu nächster Woch un, bitt d'ASTI eng Online-Hëllef fir Schüler aus dem Cycle 1 un, fir datt se an der Summervakanz eventuell Retarden opschaffe kennen, an da gutt an dat neit Schouljoer starten. Eng gratis Offer, déi awer just fir Kanner aus enger Stater Schoul gëllt.

auto_stories

2 min

Dësen Online-Projet sollt awer net als Nohëllef verstane ginn, seet d'Yolande Antony vun der ASTI, et wier éischter eng Ënnerstëtzung, déi op déi spezifesch schoulesch Schwächte vum Kand ageet.

Dës Offer gëtt exklusiv Online ugebueden a soll de Kanner eppes op eng spilleresch Aart a Weis bäibréngen. Mee natierlech wier et och wichteg, déi Kleng ze motivéieren eppes ze maachen, seet d'Yolande Antony, schliisslech hätten se jo Vakanz. Et ass ugeduecht Geschichten ze erzielen, Spréchelcher opzesoen a Lidder ze sangen, et wier also net reng schoulesch.

Wichteg fir d'ASTI wier et d'Sprooch ze fërderen, datt d'Kanner och am Summer Kontakt mat der Lëtzebuerger Sprooch hunn, datt se déi héiere an och selwer schwätze kennen.

Spezifesch Hëllef

Maximal zwee mol pro Woch soll d'Kand da vun dëser Online-Offer profitéiere kennen, et kann awer an e puer Fäll och un d'Besoinen ugepasst ginn. Deel huele kënnen awer nëmme Schüler aus der Stad, seet d'Yolande Antony.

"Also dat si Kanner déi an enger ëffentlecher Schoul vun der Stad Lëtzebuerg sinn. Mir maachen dee Projet och a Kollaboratioun mat der Stad Lëtzebuerg an e gëtt och vum Educatioun-Ministère ënnerstëtzt. A reng aus Personal-technesche Grënn musse mer dat jo aschränken, well mir kennen net dat ganzt Land couvréieren, obwuel mer elo och scho ganz vill Demanden aus anere Géigenden aus dem Lëtzebuerger Land kruten."

Sollt dës Online-Hëllef e Succès ginn, wëllt ee vun der ASTI och no der Summervakanz mat dësem Projet weider fueren. Um Enn vun der Vakanz géif ee Bilan zéien.

Wann ee Loscht huet, kann ee sech och als Benevole mellen an d'Kanner an der Summervakanz ënnerstëtzen. Et sollt een awer volljäreg sinn a Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch kennen, esou d'Yolande Antony vun der ASTI.

Seng Kanner umelle kann een dann iwwert de Nummer 43 83 33 1 oder iwwert de Mail yolande.antony@asti.lu. Iwwert de selwechte Wee kann ee sech och als Benevolle mellen. D'Informatioune fënnt een awer och nach eemol ënnert www.asti.lu.