Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng entzaubert Welt

Prisma

Eng entzaubert Welt

Duerch d'Entwécklung vun de Wëssenschaften, der Technik, wéi och vun de Methoden, déi et erlaben, eist Wësse permanent ze erweideren, geléngt et dem Mënsch, d'Welt besser ze kontrolléieren an ze beherrschen. Eis Liewensbedéngunge sinn zum gréissten Deel kalkuléierbar. An iwwerhaapt - villes léisst sech rationell erklären oder ka vum Mënsch berechent an an Erfarung bruecht ginn. Souwäit sou gutt. Mee sicht de Mënsch net awer vläicht munchmol eppes, wat iwwer dëser entzauberter Welt steet, a wat hie sech net reng wëssenschaftlech erkläre kann? Eng Äntwert op dës Fro sicht d'Pascale Worré.

auto_stories

5 min

Am Prisma vum 21. Januar war ech der Fro nogaangen, wat Extremsport ass a wat Extremsportler dozou motivéiert fir dës Sportaarten auszeüben. Dobäi sinn ech op e puer Äntwerten agaangen, déi Extremsportler ëmmer erëm als Motiv uginn. Austrieden aus der Confort Zone, zu sech, der Natur an zum Wesentlechen zeréckgoen, awer och zur Rou kommen, waren déi Haaptpunkten, déi ech duergestallt hat.

Eng weider Äntwert, déi ech kuerz ugedeit hat, war déi, vun den eegene Grenzen iwwerschreiden, wat souvill bedeit, wéi iwwer eppes erauszegoen, wat ausserhalb vum Méiglechen a Virstellbare läit.

D'Konzepter vun Transzendenz

D'Philosophen, d'Theologen an d'Reliounswëssenschaftler schwätzen hei vun Transzendenz, woubäi de Begrëff an der Philosophiegeschicht op ënnerschiddlech Aart a Weise benotzt gouf, an och dacks reliéis Virstellunge mat agefloss sinn.

Sou gouf dat Wuert Transzendenz zwar schonn an der Antik gebraucht, awer nach ouni philosopheschen oder reliéisen Hannergrond, mee just am Sënn vun Iwwerschreiden oder engem Iwwergang. Allerdéngs gëtt et awer scho beim Platon déi Ënnerscheedung tëschent der Welt, déi mir mat eise fënnef Sënner wouerhuelen, an der Welt, déi do driwwer erausgeet a just reng geeschteg ze erfaassen ass.

An anere Wierder, eng Welt, déi iwwer eis Erfarungswelt erausgeet. Als Verb fënnt een de Begrëff transcendere an der spéiderer Antik beim Augustinus. An zwar am Sënn vun engem Iwwerschreiden, hin zum eigentleche "Sinn", wat dee Moment Gott war, deen iwwer alles erausgeet. An der fréier Neizäit, mam Immanuel Kant, bedeit Transzendenz dann dat, wat déisäits vun der mënschlecher Erfarung läit.

Mee och an der Psychologie, beim Abraham Maslow, dee virun allem duerch seng Bedierfneshierarchie bekannt gouf, spillt Transzendenz eng Roll. Kuerz viru sengem Doud huet hien nämlech seng sougenannte Bedierfnespyramid erweidert, an zwar stellt d'Transzendenz an deem neie Modell déi héchste Stuf duer. Gemengt ass heimat, datt de Mënsch souzesoen iwwer sech selwer erausgeet. An do wiere mer dann och beim Begrëff Selbst-Transzendenz ukomm.

Iwwer d'Grenzen eraus

Op wat fir eng Aart a Weis och ëmmer de Begrëff benotzt gëtt, gemeinsam hunn all déi Bedeitungen, datt eng Grenz iwwerschratt gëtt. Et geet een iwwer dat eraus, wat fir een am Beräich vum Méigleche louch. Sief et op déi eegen mental oder kierperlech Grenze bezunn oder awer op spirituellem Niveau.

Als Beispill heifir a fir op d'Ausgangstheema, den Extremsport, zeréckzekommen, zielen ech iech vun engem Laf, dee wuel effektiv iwwer eis Grenze vum Méigleche geet. Rieds ass vum Self Transcendence 3.100 Mile Race. Dëst ass e Stroosselaf vu 4.989 Kilometer, deen an 51 Deeg nonstop zu New York ronderëm e Stroosseblock vun 883 Meter stattfënnt.

Et ass dee längste zertifiéierte Laf op der Welt. An et ass lo net esou, wéi wa keen dat géif packen, 2019 hu sechs Leefer an eng Leeferin dëse Laf gepackt. Sport bedeit hei eppes anescht, wéi just déi kierperlech Fitness, Leeschtung oder Competitioun. Et ass e Medium, Meditatioun, Selbst-Transzendenz, e permanent Iwwer-sech-Erauswuessen. Wat bedeit dat elo konkret? Wat geet dee Moment an engem vir?

Wuel och de passionéiertste Sportler kënnt bei engem 3.100 Meile Laf wuel iergendwann op dee Punkt, wou e midd gëtt a wëllt ophalen. An awer, trotz Middegkeet a sécherlech och Péng, fannen déi Leefer e Wee an déi Kraaft, sech einfach ëmmer weider ze beweegen.

An et ass jo lo net wéi am Stephen King sengem Roman "The Long Walk", wou d'Participanten erschoss ginn, wa si ënner e bestëmmten Tempo falen. Nee, mee iergendwann gëtt dat Kierperlecht, spréch dat Sënnlecht a Materiellt, ausgeblent. Dominant gëtt am Fong dat Geeschtegt, Immateriellt. Eben dat, wat een net gräifen oder am viraus berechnen a kontrolléiere kann.

Wat huet een dovunner?

Dësen Aspekt kann een och weider ausdeenen op aner Beräicher, wéi zum Beispill op d'Meditatioun am Yoga oder aner meditativ Praktiken, bei deenen de Mënsch sech kann an en Trance-änlechen Zoustand versetzen a sech souzesoen iwwer dës erfarbar Welt a sech selwer erhieft.

Et ass u sech en Austrëtt aus der reng rationell kalkuléierbarer Welt, woubäi dësen Austrëtt awer eng permanent Kontroll iwwer sech erfuerdert. Ass dat net e bësse paradox? A firwat soll ee sech dat dann iwwerhaapt undoen? Wat huet een dovun?

Déi betraffe Leit géifen dat wuel séier beäntwere kënnen. Et verschaaft eng gewësse Rou a Gléckséilegkeet. Eudaimonia, géif den Aristoteles dësen Zoustand nennen. Oder Geloossenheet, wa mer mam Buddha schwätzen.

Eng gewëssen Erkenntnes iwwer sech an iwwer d'Welt, déi een als beräicherend bezeechent. Mee kann een dat net och alles empfannen, ouni déi ganz Selbst-Transzendenz? Onofhängeg, ob een déi lo duerch Sport, Meditatioun, Relioun oder soss eppes erreecht?

Et ass een hei ganz séier mat der Fro konfrontéiert, wat dann elo e glécklecht Liewen ass, an ob een dat allgemeng iwwerhaapt sou ka soen. Gi mer tatsächlech dovun aus, datt mat der absolutter Transzendenz d'Gléckséilegkeet antrëtt, da géife mer jo behaapten, datt all déi Mënschen, déi net dono striewen oder dësen Zoustand net erreechen, och net sou glécklech sinn, oder? Wier dat net e bëssen elitär an iwwerhieflech? Mee dat ass en anert Theema.

Zeréck zum Gléck. Kënne mer déi Fro awer net och vläicht mat Hëllef vun der Wëssenschaft beäntweren? D'Neurowëssenschaft liwwert eis jo duerchaus novollzéibar a rationell Fakten, wou a wéi Gléck am Gehier entsteet. An och esou e Moment vun Transzendenz kann een am Gehier lokaliséieren an erklären. Also näischt anescht wéi e biochemesche Prozess? Ausgeléist duerch en Zesummespill vu verschidde Faktoren?

Genee sou wéi d'Léift an aner Phenomeener, déi dem Mënsch alt mol als onerklärlech oder onfaassbar erschéngen. Wëlle mer wierklech alles op eng reng rationell Aart a Weis verstoen an novollzéien? Oder siche mer net awer och no esou Momenter a Phenomeener, déi mer net kënne faassen, déi iwwer gewësse Grenzen erausginn an domat eisem Liewen e bëssen Zauber anhauchen?