Radioen

On air

Notturno  |  Eddie Kendricks - Intimate Friends

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "En immense Biotop fir Planzen an Déieren"

Dréchemaueren

"En immense Biotop fir Planzen an Déieren"

Dréchemauere ginn ouni Speis gebaut. Dat eenzegt, wat ee brauch, sinn d'Steng, en Hummer an e Meessel. Eng Dréchemauer schaaft e Liewensraum fir Planzen, déi d'Dréchent an Déieren, déi d'Wäermt gär hunn.

auto_stories

2 min

"Eng Dréchemauer kënne verschidden Zorte vu Biotope sinn", seet de Jo Goergen vum Natur- a Geopark Mëllerdall. Hien ass Responsabel vum Interreg Projet Dréchemaueren. "Mir hoffen, datt verschidden Déieren esou nees e Liewensraum kréien an nees zeréckkommen." D'Planzen an d'Déiere fille sech op der Mauer awer och an de Foue wuel.

Lauschteren: Visite um Chantier um Klengelbuer zu Beefortplay_arrow

An der Reegel ginn typesch Natursteng aus der Regioun benotzt, zum Beispill Sand- oder Kalleksteen.

Wien eng Dréchemauer wëllt bauen, muss e puer Reegelen befollegen:

  • Eng Dréchemauer ass ëmmer liicht an den Hang gebaut, wouduerch se eng besser Resistenz kritt, géint de Buedem oder d'Waasser, dat vun hannen drécke kann
  • Et gi sougenannte Binder agebaut, déi an der Déift vun der Mauer, déi verschidde Couchë matenee kombinéieren, "e bësse wéi en Anker"
  • Déi längste Säit vum Stee weist ëmmer no vir. D'Steng sollen net héichkanteg geluecht ginn, well si dann net esou stabil sinn
  • Déi gréisste Steng komme ganz ënnen, fir esou e Fundament ze kréien
  • Op d'Mauer gi méi grouss a schwéier Steeplacke geluecht
  • Steng mussen ëmmer versat openee geluecht ginn, am Beschten an der T-Form. Si sollen net mat de Fouen iwwertenee leien
  • Kee Stee soll méi wackelen, wann een dru geet
  • D'Plaz hanner de Steng gëtt mat Schotter oder Kies opgefëllt. Déi Schicht gëtt der Mauer weider Stabilitéit

Eng Dréchemauer ze bauen ass kierperlech ustrengend awer "et lount sech"

Am Prinzip kënnen an enger Dréchemauer keng Rëss entsoen. D'Waasser kann duerch d'Huelraim lafen an et entsteet keen Drock.

Donieft kennen d'Mauere méi liicht a méi séier nei opgebaut ginn, wa Feeler dra sinn.

Zwee Aarbechter, déi eng Dréchemauer zu Beefort bauen