News fir Kids - Wéi fonctionéieren d'Schoulen elo geschwënn?
Gëschter goufen et Detailer doriwwer, wéi d'Schoulen an den nächste Woche wäerte schaffen. Jiddweree vun iech huet jo bestëmmt e bësse Loscht an d'Schoul ze goen, an d'Kolleegen erëmzegesinn. Mee, et gëtt awer elo emol anescht, wéi normal. De Claude Meisch - dat ass dee Minister, dee fir déi ganz Organisatioun vun de Schoulen zoustänneg ass, huet Explikatioune ginn, an d'Sophie Morang weess do méi.
Den Zillebäcker am CDMH
Zanter knapps 25 Joer ass an der aler Gare Diddeleng-Schmelz, am Diddelenger Quartier Italien, den CDMH. Dat ass d'Ofkierzung fir de Centre de documentation sur les migrations humaines, also fir den Zentrum, an deem Recherchen doriwwer gemaach ginn, wéi eng Leit vu Lëtzebuerg fortginn a wéi eng op Lëtzebuerg kommen a firwat. Dir frot iech, firwat ee sech domat ausenanersetzt? Well dat spannend Geschichte sinn: den Néckel Graf vum CDMH zielt iech haut déi vum Zillebäcker.
De Champion vum Joseph Kutter
Kanner, seet iech den Numm Joseph Kutter eppes? Beim Kutter handelt et sech ëm ee vun de bedeitendste lëtzebuergesche Moler. Eventuell hutt dir schonn emol seng Clownen oder Kannerportraite gesinn. Déi falen duerch hir staark däischter Faarwen op. Typesch ass och déi éischter traureg Stëmmung. De Joseph Kutter war, an ass, e richtege Champion ënner eise Moler. An als dee gehéiert en natierlech an eise Nationalmusée um Fëschmaart. D'Malgorzata Nowara vum Musée beschreift iech ee vun de Kutteren, dee si an der Sammlung huet.
Eng Käerz danzt
Hutt dir, léif Kanner, schonn eng Kéier eng Käerz gesinn danzen? Ma de Mister Science, de Joseph Rodesch,wëllt eis haut a sengem Experiment weisen, wéi een eng Käerz eben un d'Danze kritt. Dofir braucht dir just eng Käerz, eng Museksbox a gutt Musek. An de Mister Science hëlt dofir am léifsten d'Lidd "I like to move it" aus dem Film "Madagaskar". A elo lass, lauschtert dem Mister Sciecne gutt no, wéi een eng Käerz un d'Danze kritt, an dat Ganzt kënnt dir natierlech och an engem Video op science.lu gesinn.
Jhemp Hoscheit -Eng Monsterparty
"Komm, lies mer vir" heescht d'CD, déi de Jhemp Hoscheit bei Editions Binsfeld erausbruecht huet. E Lauschterbuch mat witzegen Texter vum Jhemp Hoscheit, déi hien hei och selwer virdréit. D'Musek dozou hunn den Heng Kleren an de Robi Arend komponéiert. An den nächsten Deeg wëlle mir iech dës lëschteg Gedichter virstellen, a mir kucken elo mol direkt, ob mir iech fäerte kënne doe mat der "Monsterparty" ...
Mir schreiwen zesummen e Buch - Mir kommen un dat lescht Kapitel vun eisem Buch
Ech weess jo net wéi et iech geet, Kanner, mee ech hu schonn eng kleng Tréin am Knäpplach, wann ech drun denken, datt mir d'Buch, dat dir zanter Wochen amgaang sidd zesumme mam Roland Meyer ze schreiwen, elo geschwë fäerdeg hunn. Et feelt nach dat lescht Kapitel, an de Roland Meyer wäert de Weekend elo un deem Kapitel schreiwen, nodeems dir him nach e puer Iddie mat op de Wee ginn hutt, wéi d'Gedicht kann op en Enn goen. An dat ass déi grouss Fro: Wéi en Enn kritt eis Geschicht? De Roland Meyer weess et selwer nach net, a mir si scho gespaant wéi e Kichelchen, wa mir e Méindeg no hallwer Zwielef dat lescht Kapitel verzielt kréien.
Eng Fro ass, wéi heescht eis Geschicht, respektiv eist Buch dann elo. Léif Kanner, dir hutt scho fläisseg Propose vun Titelen erageschéckt, hei dat wat mir bis ewell hunn:
- Déi spannend Geschicht vun der Cinderella-Gang
- Eng Zäitrees an d'Mëttelalter
- Déi onheemlech Gestalt
- Déi fënnef Frënn
- Spuk op der Schléiwemillen
- Nei Abenteuer mam Melusina
- Dat geheimnisvollt Märchecamp
- Wéi mir eng So nei schreiwen
- Melusina 2.0
Dat sinn d'Propose vun Titelen, déi dir Kanner bis ewell erageschéckt hutt. Wann nach aner Iddien do sinn, da schéckt eis der nach, op d'mannst bis en Méindeg Owend hutt dir nach Zäit, well mir iech eréischt den Dënschdeg de Moie verroden, wéi eis Geschicht da schlussendlech heescht. D'Adress kennt dir: klassesall@100komma7.lu