Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmprogrammatioun vun de Gaaschtzellen

Ausbroch

Ëmprogrammatioun vun de Gaaschtzellen

Am 12. Deel vu senger Serie Ausbroch, an där den Historiker Vincent Artuso d'Occupatioun vu Lëtzebuerg duerch Nazi-Däitschland aus der Siicht vun enger Pandemie analyséiert, geet et ëm d'Ëmprogramméierung vun der allgemenger Perceptioun, déi schonn eng Rei Jore virum Iwwerfall vum 10. Mee 1940 ugefaangen hat - an dat net just zu Lëtzebuerg.

auto_stories

7 min

De bronge Virus hat de Lëtzebuerger Organismus laang virum Ausbroch penetréiert, seng Zelle schläichend ënnerwandert, seng DNA deels ëmprogramméiert. Dat Drëtt Räich hat d'Keimer vu senger Ideologie, zum Beispill, diffuséiert andeems et seng Affer zu onfräiwëllegen Erreeger gemaach hat - besonnesch d'Judden. Déi déi virun den Nazie geflücht sinn, sinn uechter d'Welt mat gemëschte Gefiller empfaange ginn: Matleed, Entrëschtung, Paranoia, Ofneigung.

Esou huet och zu Lëtzebuerg engersäits d'Iddi dominéiert, datt et net méiglech war de barbareschen Zoustänn an Däitschland passiv nozekucken. Datt de Grand-Duché, duerch seng Wäerter a seng Traditiounen, d'Flicht hat deenen am Leed ze hëllefen. An tatsächlech goufen der Dausender opgeholl. Anerersäits huet déi schéngs endlos Well vun Asylanten, an dëser Zäit vun ekonomescher, identitärer a politescher Kris, zu Lëtzebuerg, wéi an den aneren Opnamlänner, och Ängschten ausgeléist an antisemittesch Virurteeler opgefrëscht.

Am Hierscht 1938 huet d'Tageblatt en Artikel mam Titel "Die Judenfrage in Belgien" publizéiert. An der éischter Zeil war awer dës Kloerstellung ze liesen:

"Eigentlich müsste es heissen 'das Problem der Opfer des Antisemitismus', denn allein der Letztere hat es soweit gebracht, dass heute in Belgien die öffentlichen Stellen gezwungen sind, sich mit einer 'Judenfrage' zu befassen."

D'Nazien haten et fäerdegbruecht hir Konzepter an Obessiounen ze exportéieren.

Vum Israélite zum Nichtarier

D'Lëtzebuerger Behörden hu spéitstens zanter Januar 1936 ugefaangen eng besonnesch Kategorie vun Auslänner getrennt ze zielen, déi vun de "réfugiés israélites". Den Numm eleng weist wéi problematesch déi Kategorie war, "israélite" ass nämlech eng konfessionell Bezeechnung. D'Gemeinsamkeet vun de Leit, déi an dës Kategorie gefall sinn, war awer net, datt si jiddesch am reliéise Sënn waren - verschiddener hate sech zum Chrëschtentum bekéiert oder waren atheistesch.

Hir Gemeinsamkeet war, dat si am Sënn vun den Nürnberger Rassegesetzer "Juden" waren, "Nichtarier". Dowéinst ware si doheem verfollegt ginn; dowéinst ware si geflücht; dowéinst war et awer och extrem schwéier si auszeweisen an dowéinst hunn d'Autoritéite si vun "normalen" Auslänner ënnerscheet a sonner gezielt.

Esou goufen Nazi-Denkprozesser importéiert, déi dann d'Praxis an de Vokabulär vun de Lëtzebuerger Administratioune beaflosst hunn. An engem Bréif vum 16. Abrëll 1938, huet den Aarbechtsminister dem Justizminister confirméiert, datt d'Entscheedung ausgeféiert gi war verschidden Auslänner keng Openthaltsgeneemegung méi ze ginn:

"[D]es étrangers de nationalité allemande, respectivement sans nationalité, de race non-aryenne qui, lors d'un chômage éventuel refuseront ou ne seront plus autorisés à retourner dans leur pays d'origine".

Aus dem "réfugié israélite" war en "Nichtarier" ginn, deen anescht ze behandele war wéi en "Arier", wéi de Justizminister et an enger Circulaire vum Juli 1939 bekannt ginn huet:

"Les Allemands habitant l'Allemagne, en possession d'un passeport régulier, n'ont pas besoin de visas luxembourgeois. Par contre les passeports allemands qui n'autorisent pas leur porteur à rentrer en Allemagne respectivement ceux dont les porteurs ne veulent pas y retourner, sont considérés comme irréguliers et n'autorisent ni l'entrée au Luxembourg, ni la délivrance de visas [...] Tombent sous cette catégorie surtout: les israélites (passeports munis d'un 'J'), les émigrants, les israélites polonais et les apatrides venus d'Allemagne".

Aus dëser Circulaire geet also ervir, datt déi polnesch Judden och wéi "Nichtarier" ze betruechten a behandele waren. Dat hat domadder ze dinn, datt déi autoritär an ultra-kathoulesch polnesch Regierung deemools souvill Judde wéi méiglech d'polnesch Nationalitéit entzunn huet. Kuerz virum Ufank vum Zweete Weltkrich hunn d'Lëtzebuerger Autoritéite polnesch, däitsch a staatelos Judden - also bal all d'jüddesch Auslänner - enger gemeinsamer Kategorie zougerechent. Et huet net méi laang gedauert bis déi Kategorie all d'"Juden" ëmfaasst huet, och d'Lëtzebuerger.

"Aresch" an "net-Aresch" Lëtzebuerger

D'Hallschent vun de 4.000 Judden, déi virum Krich zu Lëtzebuerg gelieft haten, hunn d'Land den Dag vun der Invasioun verlooss. Fir déi aner, dorënner 800 Lëtzebuerger Judden, huet en Albdram ugefaangen, deen entweder zum Exil oder zum Doud geféiert huet. Bis Enn Juli hu si éischter d'Lëtzebuerger Nazie vum Grupp Dennemeyer misste fäerte wéi déi Däitsch. D'Militärverwaltung ass hinne souguer zu Hëllef komm, net aus Philosemitismus, mee fir Uerdnung ze halen.

Déi richteg Verfolgung huet ënner der Zivilverwaltung ugefaangen. De Gauleiter wollt Lëtzebuerg esou séier wéi méiglech "judenrein" maachen. Dofir wat et néideg, mat der Hëllef vun de Lëtzebuerger Autoritéiten, d'"Juden" ze identifizéieren, ze enteegnen an ze expulséieren. D'Verwaltungskommissioun huet all seng Befeeler kommentarlos weiderginn an d'Administratiounen hu se ausgeféiert.

Den 9. August 1940 huet de Gauleiter Simon e "Rückkehrverbot für Juden und Franzosen" verhaangen an d'Verwaltungskommissioun beoptraagt fir d'Ausféierung vun dëser Moossnam ze suergen. Véier Deeg méi spéit huet den Albert Wehrer bestätegt, datt d'Lëtzebuerger de-facto Regierung sech drëm géif këmmeren.

D'Implicatioune vun dëser Äntwert ware besonnesch eescht. De Lëtzebuerger Staatsapparat hat akzeptéiert de "Juden", am Sënn vun den Nürnberger Gesetzer, d'Heemrees ze refuséieren, also och de Lëtzebuerger, déi esou charakteriséiert goufen. Vun do u gouf et also zwou Kategorië vu Lëtzebuerger, "Arier" an "Nichtarier". De Grand-Duché hat déi nationalsozialistesch Rassekonzepter implizitt adoptéiert.

Néng Deeg méi spéit huet de Stater Policebüro och eng Lëscht opgestallt der "Juden die in Stadt und Bezirk Luxemburg wohnen und polizeiliche Aufstellung nach Strassen vom 18.8.1940 in den jeweiligen Polizeirevieren". Deen Titel soll awer net täuschen, dës Lëscht huet och "Juden" erfaasst, déi am Minett, am Éislek oder un der Musel gelieft hunn, also iwwerall am Land.

D'Police hat féx gehandelt. De Gauleiter war nach keng zwou Wochen zu Lëtzebuerg, do war si scho kapabel him detailléiert Informatiounen iwwer d'"Juden" ze ginn. Dat bedeit, datt si politesch bereet war esou ze handelen, mee och technesch. Jorelaang hat d'Lëtzebuerger Police geléiert auslännesch "Nichtarier" ze identifizéieren. Am August 1940 huet si d'Kategorie eben op d'Lëtzebuerger ausgebreet.

Adaptatioun

De 5. September huet de Gauleiter Simon déi antisemittesch Gesetzgebung vum Drëtte Räich zu Lëtzebuerg ageféiert. Den Dag duerno huet d'Verwaltungskommissioun eng Lëscht vu sämtleche jiddesche Kanner an de Lëtzebuerger Schoule gefrot. Konkret hat d'Personal an de Gemengen an de Schoulen d'Responsabilitéit ze entscheeden, wien als "Jude" no de Krittäre vum Nazi-Regimm ze betruechte war.

Hu sech Leit geweigert ze follegen? Dat weess keen, si hu weeder geschriwwe Spueren nach Temoignagen hannerlooss. D'Dokumenter, déi iwwerlieft hu weisen éischter, datt d'Autoritéite versicht hu sech peinlech genee un d'Virschrëfte vum CdZ ze halen. Dubiéis Fäll si gemellt ginn. Esou ass et och gaangen nodeems den CdZ den 9. September den Uerder ginn huet d'"Juden" aus de fräie Beruffer an dem ëffentlechen Déngscht auszeschléissen. Den Direkter vum Escher Meedercherslycée huet de 14. September gefrot, wat hien an engem bestëmmte Fall sollt maachen:

"In Beantwortung Ihrer Mitteilung Nr. 3372, datiert vom 10. September 1940, beehre ich mich Ihnen mitzuteilen dass, meines Erachtens, kein Mitglied unseres Lehrpersonals, nach § 8 der Verordnung vom 5. September 1940 über das jüdische Vermögen, als Jude zu betrachten ist. Zweifel hege ich indes über die Zugehörigkeit zur jüdischen Gemeinschaft in Bezug auf Herrn Marcellus Kieffer, Repetent an unserer Unterrichtsanstalt, dessen Mutter Jüdin ist (zwei volljüdische Grosseltern). Herr Kieffer hat jedoch meines Wissens nie der Religionsgemeinschaft angehört. Hr. Kieffer hat bisher seinen Posten nicht wieder angetreten."

Déi antisemittesch Moossnamen hu warscheinlech verschidde Beamte gestéiert, mee nei ware se just an hirem Ausmooss, net an hirer Natur. Den Habitus an Terme vun "Arier" an "Nichtarier" ze denken haten d'Administratioune scho längst adoptéiert. D'Existenz vum Schreiwes aus dem Meedercherslycée, deen op kee Fall eng isoléiert Quell ass, weist och, datt d'Legitimitéit an d'Legalitéit vum CdZ sengen Uerderen net a Fro gestalt goufen. De Lëtzebuerger Staatsapparat, den ultimmen Iwwerbleibsel vum nationalen Immunsystem, war um Punkt ze falen.