Radioen

On air

Notturno  |  Lucio Battisti - Ami Ancora Elisa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Elisa Meyer: Entspanung duerch Beréierung

Sot emol

Elisa Meyer: Entspanung duerch Beréierung

De Mënsch brauch Affektioun, an déi ka ganz verschidde sinn. Dat kann e gutt Wuert sinn, da kann de Kontakt mat anere Mënsche sinn, mee dat kann awer och eng Beréierung, also en direkte Kontakt sinn. Eng Méiglechkeet vun där kierperlecher Affektioun ass déi sougenannte Kuscheltherapie.

auto_stories

2 min

D'Elisa Meyer ass Kuscheltherapeutin, eng zimmlech nei Therapieform, déi aus den USA kënnt. Bei der Kuscheltherapie geet et dorëms, datt Mënsche Beréierunge kréien, awer keng sexuell Beréierungen: wichteg hei ass d'Entspanung. An dat huet am Fong scho mat eisen Originnen ze dinn, seet d'Elisa Meyer: "Mir si jo Mamendéier, mir sinn Déieren, déi am léifsten an der Grupp liewen".

Et kéint ee beobachte wéi aner Déieren, déi a Gruppe liewen, sech behuelen, an do géifen et Parallelle ginn, seet d'Elisa Meyer. Aner Déiere géife sech als éischt beschnupperen an oftaaschten an dat wier bei eis u sech net anescht, "just datt mir eis verschidde Saachen ooftrainéiert hunn, mee den Handschlag, deen ass awer bliwwen".

"Et ass keen Escort-Service"

Et ass kloer, datt d'Elisa Meyer mat hirem Beruff als Kuscheltherapeutin mat Klischeeë konfrontéiert gëtt. An dat och well Kuschelen dacks als eng Zort "Virspill" zu eppes Sexuellem ass. Deem ass awer net esou, erkläert si. Bei der Kuscheltherapie géif et ëm Biologie goen: Wann een eng Beréierung kritt, da schëtt d'Gehier Oxytocin aus - de Kuschelhormon.

"Wann deen ausgeschott gëtt, da berouegt sech de Kierper, de Bluttdrock gëtt reguléiert. [....] Dat ass den Effekt, ëm deen et geet. Wann ech awer eng Beréierung maachen, déi e bëssen opreegend ass, déi vläicht erotesch ass, da gi ganz aner Hormoner ausgeschott."

Ass et wëssenschaftlech fondéiert?

Der Kuscheltherapeutin Elisa Meyer no fänkt d'Wëssenschaft sou lues sech mam Sujet ze beschäftegen, den Taaschtsënn wier nach net komplett erfuerscht ginn. Et wier net einfach op deem Theema Fuerschung ze bedreiwen, well eng Beréierung ganz subjektiv ass.

Dofir misst ee mat engem EEG d'Gehierstréim moosse fir ze kucken, wat am Gehier geschitt. Hei géifen et schonn e puer éischt interessant Studie ginn. De Martin Grundwald hätt ee Basiswierk geschriwwe mam Numm "Homo hapticus" wou hien erkläert, wisou d'Beréierung fir eis esou lieweswichteg an iwwerliewenswichteg ass. Dëst Buch hätt eng wëssenschaftlech Approche déi och erkläert, wéi d'Taaschtsënn-Rezeptoren an der Haut fonctionéieren.

Méi Informatiounen iwwer d'Kuscheltherapie fënnt een op www.kuschelkiste.net